Sven Clement:
Merci, Madamm Presidentin.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un de Rapporter, de Mars Di
Bartolomeo, an natierlech, esou wéi de Marc Baum dat virdru gesot huet, och un d’Chamberpersonal, wat de Mars Di Bartolomeo dobäi ënnerstëtzt huet fir dee Rapport, dee wierklech mat waarmer Nol gestréckt gouf, well nach de Moien déi lescht Ännerungen awer dru virgeholl goufen. An do si mer dann och schonn dobäi.
D’epidemiologesch Situatioun verbessert sech an d’Mënsche sollen eng Rei Fräiheeten zréckkréien. Eng éischt Mesure, déi eis ganz besonnesch freet,ass d’Eropsetze vun der maximaler Unzuel vun de Persounen, déi sech am Privaten dierfen treffen. Net méi zwou, mee véier Persoune kënnen invitéiert ginn. A falls et een eenzege Menage ass, deen op Besuch kënnt, och emol méi. Dat war e wichtege Schrëtt. Mir soten et schliisslech hei och schonn e puermol: D’Limitatioun, déi bis elo gegollt huet an et de Leit just erlaabt huet, maximal zwou Persoune bei sech ze empfänken, dat war eng Limitatioun, déi virun allem d’Famillje mat klenge Kanner disproportional getraff huet.
Duerfir begréisse mer elo, datt déi nei Reegel d’Kompositioun vun den Haushalter berücksichtegt,esou datt Familljen oder Frënn, déi zesumme liewen an dowéinst dann och sech zesumme wëlle gesinn, kënnen eng gemeinsam Visitt maachen, och wa se zu méi wéi véier sinn.
Mir freeën eis och, datt et Lackerunge fir d’Rassemblementer gëtt an d’Leit esou d’Méiglechkeet kréien, nees u méi groussen Evenementer deelzehuelen, wann et dann ee vun der Santé akzeptéierte Protocole sanitaire gëtt. Esou wéi et jo och scho fir d’Grande-surfacen obligatoresch war, mussen dann elo d’Organisateure vu gréisseren Evenementer sech e kloert Konzept iwwerleeën, wéi si d’Sécherheet vun de Visiteuren oder de Clientë wëlle garantéieren. An d’Santé iwwerpréift dann, ob dëse Konzept esou fonctionéiere kann an ob en adequat ass. Dat ass an eisen Aen en exzellente System.
An duerfir hate mer jo och eng Proposition de loi agereecht, déi virgesinn hätt, dee selwechte System fir d’Altersheemer ze etabléieren, fir esou ze garantéieren, datt grad déi Vulnerabelst aus de Strukturen an dëser Pandemie esou gutt wéi méiglech
geschützt sinn. Leider war d’Familljeministesch an domat och d’Majoritéit net bereet, dës Propositioun zäitno am Covidgesetz ënnerzebréngen, huet awer glécklecherweis, dat muss een da luewend erwänen, zougestëmmt, eng entspriechend Dispositioun am kommende Gesetz iwwert d’Assistance et soins am Beräich vum Drëtten Alter anzebauen.
Dat freet eis natierlech. Mee wann ee sech ukuckt, wéi laang dat Gesetz wuel nach brauche wäert, bis et da gestëmmt ka ginn, bis et a Kraaft triede kann, muss ee sech froen, firwat an dëser Pandemie Jonker, déi e Concert besichen, oder Clienten aus enger Shoppingmall duerch vun der Santé aviséiert Hygiènesprotokoller geschützt ginn, wärend bei de Strukture fir eeler Leit keng esou Mesurë geholl ginn an domadder d’Prestatairë mat der Verantwortung e bëssen eleng gelooss ginn.
E Bedreiwer vun engem Akafszenter huet nämlech d’Gewëssheet, datt en, wann en alles esou mécht, wéi et am Protokoll festgehale war, alles gemaach huet, wat a senger Muecht stoung, fir esou seng Clienten ze schützen. En Direkter vun engem Altersheem kritt dës Sécherheet net.
Hei fäert d’Politik warscheinlech, sech d’Fangeren ze verbrennen, an aviséiert duerfir einfach keng Prozeduren. Wann dann eppes schifgeet, kann d’Regierung ëmmer nach d’Schold op den Terrain ofdrécken. Datt et awer d’Regierung war, déi duerch feelend Obligatiounen d’Haiser am Stach gelooss huet, soll dann am beschte vergiess ginn. Dat ass eng Politik, déi sech an éischter Linn un eegenen Interessen orientéiert an net um Wuel vun de vulnerabele Leit.
D’Regierung reegelt duerfir wuel léiwer déi Beräicher, déi net esou komplizéiert sinn, an deenen d’Leit net esou vulnerabel sinn, mee déi duerfir dann awer ganz, ganz am Detail.
D’Altersheemer kënne kucken, datt se eleng eens ginn, mee ob zwee Jonker op enger Bänk en alkoholescht Gedrénks konsuméieren däerfen, dat muss gesetzlech gereegelt sinn. Obwuel et op den Terrassen elo erlaabt ass, sech zu véier aus véier verschiddene Stéit ze treffen an Alkohol ze drénken ouni Schnelltester, ass dat selwecht fir zwou Persounen, déi d’Suen net hunn, fir sech de Luxus vun enger Terrass ze leeschten, weiderhin am ëffentleche Raum verbueden.
Allgemeng muss ee sech bei där neier Teststrategie, déi fir d’Restaurante virgesinn ass, froen, wéi et da mat der sozialer Gerechtegkeet ausgesäit. Jo, et wäerten eng Rei gratis Tester verdeelt ginn. Mee ab wéini a wéi laang?
De 16. Mee trëtt dat heite Gesetz wuel a Kraaft, mee bis dohinner wäerten net all d’Betriber hir Liwwerungen un Tester erhalen hunn. D’Restauranten an d’Caféë wäerten also elo direkt och Tester musse selwer finanzéieren oder hire Clienten a Rechnung stellen, déi dann awer vläicht net wëlle kommen. An dann, ab engem gewëssene Moment, wäerten déi gratis Tester jo och opgebraucht sinn – dat hu schonn e puer vun de Virriedner gesot -, well de Staat wäert sech et net leeschte kënnen, dës éiweg weider ze finanzéieren. A wat ass dann?
Et ass gewosst, datt dës Pandemie an domat de Virus mat all senge Varianten eis warscheinlech nach laang, vill ze laang begleede wäert. An duerfir musse Weeër fonnt ginn, fir den Zougang zu de Selbsttester sozial gerecht ze gestalten. De virleienden Text seet zu dësem Punkt awer leider näischt.
E Besuch an engem Restaurant ass e Luxus, dee vill Leit sech nëmmen ee- bis zweemol am Mount oder leider och guer net leeschte kënnen. Ech sot et schonns a vergaangene Covidrieden: Fir vill ze vill Mënsche war de Besuch am Kino oder am Restaurant net eréischt säit de Covidrestriktiounen onméiglech. Wa mer eis also elo freeën, datt d’Mënsche gewësse Fräiheeten zréckkréien, da musse mer eis awer bewosst sinn, datt virun allem déi Leit Fräiheete gewannen, déi sech et och finanziell leeschte kënnen, genau dës Fräiheeten auszeliewen. Duerfir ass et wichteg, e Wee ze fannen, d’Selbsttester sozial gerecht ze verdeelen, fir och deenen, déi manner Suen hunn, en Zougang ze erméiglechen. Déi zertifiéiert Tester, déi zum Beispill vun den Apdikter kënne gemaach ginn a 24 Stonne gülteg sinn, si méi deier wéi Selbsttester, déi een eleng mécht.
An duerfir sollt een doriwwer nodenken, ob déi Tester, déi zum Beispill an de Restaurante gemaach ginn, net och änlech wéi am Ausland kéinte fir eng gewëssen Dauer zertifiéiert ginn. Esou géif ee verhënneren, datt Persounen innerhalb vun engem
Dag méi wéi ee Schnelltest bezuele mussen, a gläichzäiteg kéint ee Ressourcë schounen a Müll verhënneren.
Et däerf ee schliisslech net vergiessen, wéi vill zousätzlechen Dreck dës Pandemie verursaacht: reegelméisseg Maske wiesselen, elo Schnelltester, déi ganz Desinfektiounsmëttelen. Bref, et ass fir eis Sécherheet, mee dat heescht net, datt mer net sollte Müll esou gutt et geet verhënneren a ressourcëschounend mat eisem Planéit ëmgoen.
An ech fannen et gutt – och wann ech et schued fannen, wéi et gemaach gouf -, datt mer beim Testing an iwwert d’Zertifikatioune vun den Tester, datt dat nach en oppenen Debat ass. Mee et ass awer dach e bësse kokass, hei an der Chamber ze stoen, wou en neit Gesetz soll gestëmmt ginn, wou Dispositioune sollen drastoen, déi solle kloer sinn, déi solle kënnen um Terrain applikabel sinn ab deem Moment, wou d’Gesetz gestëmmt ass, a souguer Riedner vun de Majoritéitsparteien heihikommen a soen: „Et bleiwen nach Froen op.“
Mee dat erënnert mech e bëssen un déi Situatioun an Amerika, wéi jiddweree sech iwwert d’Amerikaner lëschteg gemaach huet, well se an hirem Haushaltsgesetz d’lescht Joer nach a leschter Minutt mam Bläistëft a mam Bic Notizen an d’Ränner gekritzelt hunn, fir dat nach séier an de Gesetzer ënnerzebréngen. E bëssen esou hunn ech mech de Moie gefillt, wéi ech dunn nach eng Kéier nei Texter geschéckt krut.
Gesetzer musse kloer sinn. Se däerfen net ze vill Interpretatiounsraum loossen, well wann et ze vill Interpretatiounsraum gëtt, da gi se ongläich applizéiert. An e Gesetz soll kloer sinn, fir datt et gläichméisseg applizéiert ka ginn.
En anere Problem, dee sech bei den Tester awer stellt, ass deen, wéi a vu wiem an de Restaurante soll getest ginn. Well ee vum Personal den Test soll iwwerwaachen a begleeden, stelle sech fir d’Restauranten a Caféen eng Rei Froen. Léisst de Personalschlëssel et zou, e Mataarbechter am Service manner ze hunn, fir Tester ze assuréieren? Muss vläicht en zousätzlechen Employé duerfir bezuelt ginn? A falls jo, sinn d’Suen do? A léisst sech iwwerhaapt Personal fannen? A wéi kann den Employé wärend dem Iwwerwaache vun den Tester protegéiert ginn?
U sech wësse mer jo alleguerten, datt bei Tester Aerosolle fräigesat ginn. An déi geteste Persoune kënne forcement kee Mask unhu wärend dem Test. D’Testsituatioun ass domat eng Situatioun mat engem potenziell héijen Infektiounsrisiko, souguer wann d’Persounen den Test selwer duerchféieren, an dat virun allem fir déi Persoun, déi den Test iwwerwaacht, mee eventuell och fir déi Persounen, déi sech duerno testen, wann de Raum net richteg gebotzt gouf an dee virdru sech vläicht wärend dem Teste mat den Hänn an d’Gesiicht gaangen ass an duerno Objeten oder Surfacen ugepaakt huet. Mir
wësse jo awer, datt et hei ëm wierklech kritesch Hygiènesreegele geet.
Warscheinlech huet kee Restaurant e Personalschlëssel, deen et erlaabt, einfach een Employé de ganzen Owend oder Mëtteg just fir d’Iwwerwaache vun Tester a fir d’Botzen op d’Säit ze stellen.
Déi nei Hygiènesmesurë kënnen also zu enger zousätzlecher finanzieller Belaaschtung fir d’Restaurateure ginn, déi vun der aktueller Pandemie an den domat verbonnene Restriktioune jo souwisou scho staark a Matleedeschaft gezu goufen.
Ech ënnerstëtzen duerfir voll a ganz, datt entscheet gouf, gläichzäiteg zum Covidgesetz och d’Dispositiounen iwwert d’Aidë fir d’Entreprisen unzepassen. Et feelt bei de Betraffene schliisslech un all Eck. An do ass finanziell Ënnerstëtzung immens wichteg. Mee d’Reouverture vum Horeca däerf och iwwert de Mount Mee eraus net mat engem Ewechfale vun den Aiden anhiergoen. Datt d’Dieren erëm op sinn, heescht nämlech net, datt den normale Betrib nees méiglech ass.
Et sinn ëmmer nach vill Betriber am Homeoffice, wat sech grad bei de Restauranten an de Stied bemierkbar mécht. An déi nei sanitär Reegele sinn, wéi gesot, mat zousätzleche Käschte verbonnen. An da kënnt derbäi, an dat hunn de Moie Vertrieder aus dem Horeca-Secteur jo och nach eng Kéier gesot, datt zum Beispill verschidden Avantagen, déi u sech dem Horeca sollen zegutt kommen, wéi Chèque-repasen, hautdesdaags leider net ëmmer do ukommen, wou se geduecht sinn, mee datt u sech e Steieravantage, deen explizitt sollt dem Horeca zegutt kommen, mëttlerweil och nach Tankstellen, Supermarchéen an anere Betriber zegutt kënnt, déi wärend där ganzer Kris konnten opbleiwen.
Dat heescht, hei misst ee vläicht nach eng Kéier e Rappel maachen, an dat dann och duerchsetzen, well et ass grad elo, wou eisen Horeca all Cent vun hire Clientë brauch.
A wann ech virdru gesot hunn, mir missten e Wee fannen, d’Käschte vun den Tester sozial gerecht ze verdeelen, dann hunn ech domat natierlech och gemengt, datt et net dierf sinn, datt d’Betriber aus dem Horeca duerno eleng d’Käschte mussen droen. Mir mussen oppassen, datt d’Reouverturen net just zugonschte vun deene sinn, deenen et bis elo scho souwisou am beschte goung. Et däerf net sinn, datt just déi Glécklech, déi trotz der Kris genuch Suen hunn, fir op den Terrassen d’Sonn an an de Restauranten e gutt Iessen ze genéissen, elo eng Verbesserung vun hirer Liewenssituatioun erliewen, wärend déi, déi de Rimm vu Mount zu Mount méi enk hu misse schnallen, net profitéiere kënnen oder finanziell souguer nach méi belaascht ginn, well se elo och nach d’Tester musse bezuelen.
Mir brauchen eng sozial gerecht Sortie aus de Restriktiounen. Mee déi gesinn ech an dësem Text leider net.
Ganz am Contraire gesinn ech en Text, deen de Bessergestallten et erlaabt, schéi Momenter ze genéissen, wärend en deene Mënschen, déi am mannsten hunn, d’Liewe weider schwéiermécht. E Grond heifir, deen ech mer bis elo opgespuert hunn, fir de ganze Rescht vu menger Riedezäit dann dorops ze verwenden ze kënnen, ass d’Ausgangsspär.
D’Ausgangsspär gëtt Schrëtt fir Schrëtt no hanne verréckelt, soudatt mëttlerweil jo kee méi gleewe kann, datt se nach eng Wierkung op d’epidemiologesch Situatioun huet. An awer gëtt se einfach net ofgeschaaft.
D’Ausgangsspär erënnert mech e bëssen esou un en Zombie. Kee wëllt se, kee fënnt se sympathesch, d’Wierkung dovun ass méi wéi doutéis. D’Wëssenschaft seet: „U sech brauche mer se net.“ Respektiv: „Mir kënnen net beweisen, datt se eppes bréngt.“ Mee se wëllt net stierwen. Weider a weider gëtt dës Ausgangsspär verlängert, et gëtt e bëssen dru gefréckelt, mee um Enn vum Dag ginn domadder eis alleguerten d’Grondrechter beschnidden!
Dobäi mécht se grad deene Schwächsten an der Gesellschaft d’Liewe schwéier, deenen, déi kee fest Doheem hunn, deenen, déi Gewaltsituatiounen erliewe wärend der Nuecht a sech net trauen, Hëllef ze sichen, an och deenen, déi a prekäre Secteure schaffen. D’Ausgangsspär ass eng esou déifgräifend Grondrechtsaschränkung, datt se nëmmen an absolutten Ausnamen dierft zum Asaz kommen an opgehuewe misst ginn, soubal et méiglech ass.
Eng Ausgangsspär oprechtzeerhalen an Zäiten, an deene gläichzäiteg de ganze Commerce an d’Restauratioun nees opginn an och Evenementer nees mat bis zu 1.000 Persounen erlaabt sinn, ass e Schlag an d’Gesiicht fir all déi, déi all Dag ënner hir leiden.
Dësen Text erlaabt méi Fräiheeten do, wou se enger Spaassgesellschaft nëtzlech sinn, a limitéiert gläichzäiteg fundamental Grondrechter, déi fir eng demokratesch Gesellschaft eigentlech essentiell sollte sinn, an dat mat engem Verweis op eng wëssenschaftlech Basis, déi d’Spuer net hält. Wärend déi Liberal an Däitschland wéinst der Ausgangsspär op d’Geriicht ginn, fir se ze verhënneren, halen eis Liberal un dëser Grondrechtsverletzung fest. Dat ass alles anescht wéi liberal. Dat kënne mir Piraten netakzeptéieren an duerfir wäerte mir dëse Projet haut selbstverständlech och net matstëmmen.
Merci.
- February 7, 2025
- 3:28 pm
- Parlamentaresch Froen
Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen