Gesetzesprojet 7798 a 7799 iwwert de Projet „Wunne mat der Wooltz“

Marc Goergen:
Merci, Här President.
Mir Piraten wäerten dëse Gesetzesprojet iwwert d’„Wunne mat der Wooltz“ haut matstëmmen. Et gi vill gutt Grënn, de Projet matzestëmmen. Éischtens ginn Terraine geholl, déi d’ëffentlech Hand selwer ka bebauen an déi een de Leit da sozial an zu erschwéngleche Präisser kann ubidden. Ganz besonnesch vill Wäert leeë mir op de Fakt, dass een d’Käschte vun der Revaloriséierung vum Site net wëll op d’Präisser vum erschwéngleche Wunnraum setzen.
Mir hoffen also, dass mer deemno net Präisser kréie wéi bei anere Projeten, mee dass hei Wunnenge verlount a verkaaft ginn, bei deenen no eise Virstellungen also och d’finanziell Situatioun vum Mënsch soll am Mëttelpunkt stoen an net, wéi vill de Staat derfir ausginn huet.
Fairen a moderne Wunnengsbau muss et jidderengem onofhängeg vu sengem Portmonni erlaben, awer eng Kéier eng Chance op en Haus oder en Appartement kënnen ze hunn.
Wat mer beim Projet gutt fannen, ass d’Iddi, dass de ganze Quartier nohalteg nom Konzept vun der Kreeslafwirtschaft soll fonctionéieren. Woubäi sech dann natierlech erëm d’Fro stellt: Wéi nohalteg ass e Projet, bei deem erëm Tonnen u verbrauchtem Buedem (veuillez lire: verseuchtem Buedem) mussen ausgegruewen a queesch duerch d’Land gefouert ginn? Wéi vill CO2 gëtt mat dësem Projet fräigesat a wéi laang dauert et, bis deen erëm duerch de Projet kompenséiert gëtt?
An och wa verschidde Baumaterialie wäerten erëm benotzt gi bei der Demolitioun, et wäert trotzdeem op Baumaterialie mussen zréckgegraff ginn, déi net nohalteg sinn. Dat ass nun eeben emol esou. Op deem Punkt kann een d’Nohaltegkeet vum Projet, wann ee vu ganz uewe kuckt, och unzweifelen, well net kloer ass, wéi vill wierklech recycléiert an erëm benotzt gëtt a wéi vill Ëmweltimpakt dat schlussendlech wäert hunn. Dee Bilan kann een eréischt zéien, wann de Projet emol fäerdeg ass.
E wichtege Punkt, deen och am Rapport vum Projet erwäänt gëtt, ass d’Entseuchung vum Buedem. Dat ass ee Punkt, op deen och immens muss gekuckt ginn, well de Staat muss ënner allen Ëmstänn verhënneren, dass duerno eng Saach geschitt wéi bei där aler CASA-Deponie zu Beggen. Deemools goufen nämlech an der Zon zu Begge grouss Quantitéite vu Schwéiermetaller am Buedem zréckgelooss, déi toxesch si fir de Mënsch, Déieren a Planzen a massiv gesondheetlech Schied ervirruffe kënnen.
De Buedem gouf zwar entsuergt, allerdéngs konnten d’Risiken nëmme bis 2,50 Meter ënnert der Äerd ausgeschloss ginn. Et goufen dunn nei Appartementer op där Plaz gebaut, 5,50 Meter ënnert der Äerd. Deene Leit, déi elo do an den Appartementer wunnen, kann een nëmme vill Gléck wënschen, well et ass net gewosst, op wat si sech hei aloossen. Bei Prouwen, déi am Labo an Däitschland gemaach goufen, goufen immens héich Wäerter u Schadstoffer fonnt. D’Regierung a seng Ministèren dierfe sech hei net virun der Verantwortung drécken.
D’Nofro no Wunnengen zu Lëtzebuerg, hei am Land ass konstant héich. Mee mir dierfen net zouloossen, dass de Wunnengsproblem vun haut e Gesondheetsproblem fir eis Kanner vu muer gëtt.
Jo, esou eng al Friche nei opzepreparéieren, fir Wunnengen ze bauen, hëlt Zäit. Mee ech hoffe wierklech, dass et elo virugeet mat deem Projet an dass mer an Zukunft nëmme Guddes wäerten héieren. Ëmmer wa vun der Logementskris geschwat gëtt, huelen d’Regierungsparteie gären dëst Beispill zesumme mat Elmen an Diddeleng aus dem Tirang fir ze weisen, dass eppes gemaach gëtt. Mee et ass evident, dass dës dräi gréisser Projeten de Problem net léisen. D’Demande fir staatlech Wunnengen ass riseg. Si ass méi grouss wéi d’Waardelëschten. An duerfir dierfen déi nächst Joren net nëmmen déi dräi Projete gekuckt ginn, mee et brauch een och eng richteg Wunnengsoffensiv queesch duerch d’Land.
Wat d’Finanze betrëfft: Jo, dee Projet wäert eis Millioune kaschten. Mee et ass eppes, wat d’Land a seng Bierger brauchen a wat de Leit zeguttkomme wäert. Dat si mir eisem Land schëlleg.
Merci der Madamm Ahmedova fir hire gudde Rapport. A mir Piraten wäerten d’Zoustëmmung zu dësem Projet ginn.
Merci.

Zesummenhang posts

Als politesch Reaktioun op d’militäresch Invasioun vun der Ukrain duerch Russland, hunn d’EU-Staaten wirtschaftlech Bestrofungen géint Russland decidéiert, dorënner een Importverbuet vu Pëtrol. D’Plattform
Am Gesetz vum 1ten August 1972 an den dozou gehéierende Reglementer ass festgehalen, dass d’Äsche vu Verstuewenen nëmmen dierfen op ausgewisene Plazen opgehuewe ginn.
Wëldkamerae gi vu Jeëer, awer och zum Deel vu Wësseschaftler:inne benotzt, fir Informatiounen iwwert d’Wëld ze sammlen. Dës Kameraen si mat engem Bewegungsmelder ausgestatt