Gesetzesprojet 7752 iwwert d’Aféierung vun enger Rei Mesuren am Kader vun der Covid-19 Pandemie

Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Pandemie hält d’Welt ëmmer nach an Otem an duerfir si mer altnees eng Kéier gezwongen, e weidert Covidgesetz ze stëmmen.
Dir mierkt et, motivéiert fannen ech dat elo net onbedéngt. Ech kéint mech elo opreegen iwwer verschidden Dispositiounen, mee dat hu meng Virriedner deelweis scho gemaach, dat hu mer déi lescht Wochen, Méint ëmmer erëm gemaach.
Nee, et ginn nëmme ganz wéineg positiv Aspekter vun dësem Projet, a fir déi och direkt virewechzehuelen: Et war e wichtege Schrëtt, d’Dispositiounen iwwert d’Coûts non couverts elo direkt bis Mäerz matzeverlängeren, fir de Betraffenen esou e wéineg méi Planungssécherheet ze ginn – och, wann dann eng Verlängerung bis Enn des Joers net geschuet hätt.
Unzehuelen, datt d’Ekonomie sech an zwee Méint nees vun der Kris erholl hätt a keng Aidë méi géif brauchen, ass schliisslech méi wéi utopesch. An duerfir a well d’Europäesch Kommissioun … fir direkt virewechzehuelen, wat de Lex Delles mer nämlech, mengen ech, e Mëttwoch hei op der Plaz gesot huet, datt dat jo verbuede wär. Ma d’Europäesch Kommissioun huet glécklecherweis haut kommunizéiert, datt et dann ab elo geet. An duerfir deposéieren ech eng Motioun, fir d’Regierung ze invitéieren, ze envisagéieren, zäitno d’Lafdauer vun de Bäihëllefe fir ongedeckte Käschte bis den 31.12. ze verlängeren.
Da wollt ech awer och nach der Madamm Gesondheetsministesch Merci soe fir déi ganz séier an déi ganz mënschlech Äntwert op eis Question parlementaire urgente zu der Situatioun mat Portugal. Et gouf haut schonn ugeschwat, Portugal leit am Moment méi staark wéi mir ënnert dem Virus, d’Klinicke sinn iwwerlaf an ech fannen et e grousse Gest an eng grouss Bereetschaft, datt Lëtzebuerg hei mat engem Land, wat eis awer immens no steet, direkt weist: Mir sinn disponibel, wa gefrot gëtt, dann hëllefe mer. Dat éiert eis alleguerten an ech mengen, datt dat e ganz wichtegt Symbol ass, och fir all déi Portugisen an hir Descendanten, déi hei zu Lëtzebuerg liewen.
Ganz frou si mer awer och iwwert d’Tatsaach, datt an der Kommissioun zumindest nach eng Kéier an de Rapport geschriwwe gouf, datt den Dateschutz soll groussgeschriwwe ginn.
Ganz frou si mer, datt d’Kommissioun eis Meenung deelt, datt ee keng Datebank vun de Leit soll schafen, déi sech net impfe loossen.
Mee ganz traureg sinn ech awer, datt eisen Amendement an der Kommissioune esou einfach ewechgebigelt gouf. Firwat sinn ech traureg? Ma well deen Amendement näischt anescht gemaach hätt, wéi genau dat an den Text ze schreiwen, wat d’Regierung an hir Spriecher dann hei – also d’Spriecher vun de Majoritéitsparteien hei -, net midd ginn ze betounen, datt mer keng Datebank vun de Persoune schafen, déi sech net impfe loossen. A well et d’Recht ass vu fënnef Deputéierten, fir en Amendement och an der Plenière anzebréngen, Här President, hunn ech hei en Amendement, vun direkt sechs Deputéierten ënnerschriwwen, déi nach eng Kéier genau dat fuerderen.
Fir och op dem Claude Wiseler seng Fro: „Wat ass den Ënnerscheed zwëschent deenen, déi net geimpft sinn an zwëschent deenen, déi nach ze impfe sinn?“, ze äntweren: Ech mengen, datt et einfach ass – déi, déi nach ze impfe sinn, melle sech fräiwëlleg a soe ganz bewosst an aus eegener Volontéit eraus: „Ech wëll nach op enger Lëscht stoen, fir nach eng Kéier invitéiert ze ginn“; an déi, déi sech net wëllen impfe loossen, ma déi loosse sech och net fräiwëlleg nach eng Kéier op eng Lëscht schreiwen. An ech mengen, genau do ass den Ënnerscheed zwëschent der Fräiwëllegkeet op där enger Säit an enger Verflichtung op där anerer Säit.
Dat bréngt mech dann awer och weider zu den negativen Aspekter vun dësem Projet. Iwwert den Dateschutz hu mer vill geschwat a mir hunn an der Kommissioun nach en zweeten Amendement deposéiert, wou mer awer bereet waren, well mer kompromëssbereet sinn, et elo net zum Vott kommen ze loossen. Ech wëll awer kuerz dorobber agoen, well d’CNPD (ndlr: Commission nationale pour la protection des données) huet an hirem éischten Avis schonn am Dezember gesot, datt 20 Joer Datespäicherung ze laang wär. D’CSV seet hei, si hätte gären zéng Joer. Ech si ganz éierlech, ech hätt gär eng méi kuerz Frist, mee mir waren an der Kommissioun esou kompromëssbereet, datt mer zwee, fënnef oder zéng Joer proposéiert hunn.
D’Resultat war: D’CSV war déi eenzeg Partei, déi sech an der Kommissioun kloer fir eng vun deenen dräi Optiounen ausgeschwat huet. D’Regierungsparteien op där anerer Säit waren der Meenung, mir sollte guer net eréischt mat esou Amendementer kommen, well d’Regierung hätt jo versprach, datt et sech géif änneren.
Ma d’Regierung huet eis dat, léif Kolleeginnen a Kolleegen, am Dezember eng éischte Kéier versprach. Mir hunn hir gegleeft. D’Regierung huet eis dat eng zweete Kéier versprach am Januar, wou mer d’Gesetz Mouture 1 2021 nach eng Kéier gestëmmt hunn. An elo versprécht d’Regierung eis et eng drëtte Kéier. Et gëtt esou e schéint Bon mot vum Iesel, dee sech eemol stéisst; ma ech hu mech elo scho fir d’zweete Kéier gestouss an ech wëll mech op kee Fall eng drëtte Kéier stoussen. A deementspriechend kann ech net nach eng Kéier drop waarden, datt d’Regierung eis eppes versprécht, fir et herno net ze liwweren.
A wa mer dovu schwätzen, mir géife jo keng Datebank vun de Persoune schafen, déi sech net impfe loossen … Esou, wéi et elo am Text steet a wann den Amendement net ugeholl gëtt – wouvun een heiansdo hei ausgoe kéint -, da steet am Text weiderhin „pour la personne à vacciner“.
Wa mer heibannen am Haus géifen e Vott maachen, mir wéilten eng Datebank vun all deene Persounen, déi refuséieren, sech impfen ze loossen – ech mengen, den Opschrei wär grouss. Keen heibanne wëllt esou eng Datebank, keen heibanne géif warscheinlech fir esou eng Datebank stëmmen, mee wann an engem Gesetz ënner „ferner liefen“ iergendwou e Saz drasteet, deen déi Dier opmécht, dann ass et kee Problem.
A firwat et awer e Problem ass, wëll ech Iech un engem Beispill däitlech maachen. D’Regierung huet iwwert den RNPP (ndlr: Registre national des personnes physiques) Zougang zu alle Biergerinnen an Bierger hiren Adressen. D’Regierung huet also eng Lëscht vun all deene Persounen, déi méiglecherweis kéinte geruff ginn, fir geimpft ze ginn – well wéi soll se se soss invitéieren? Wa mer elo also eng Datebank hu vun all deene Leit, déi sech impfe loossen, léisst sech trotzdeem nach eng Datebank schafe vun all deenen, déi sech net geimpft hunn, well wann ech zwou Lëschte matenee vergläichen an ech huelen all déi, déi net op där zweeter Lëscht stinn, ma dann hunn ech awer esou eng Lëscht!
Dat heescht, mir mussen an deem nächste Gesetz – an do imploréieren ech d’Regierung wierklech, hiert Verspriechen dës Kéier dann ze halen – eng kloer Safeguard abauen, datt et net esou wäit komme kann, datt mer Leit oder ganz kloer Lëschten aus dem RNPP zéie vun deene Leit, déi sech net impfe gelooss hunn. Dat wär nämlech e grave Problem.
An dann, firwat ginn déi Daten esou laang gespäichert? Pharmacovigilance gëtt da gesot. Jo, ech verstinn dat, mee da misste mer awer och bei all Poulet, dee mer kafen, bei all fäerdegem Gebeess am Geschäft quasi eisen Akaf an eng zentral Datebank androe loossen. Well wann et do e Réckruff gëtt, kréien d’Leit och just iwwert d’Medie gesot: „Wann Dir e Produit vun der Chargennummer XY hutt, da mellt Iech wannechgelift.“
Ech hunn et an der Kommissioun gesot an ech soen et hei nach eng Kéier: Mir hunn en Impfpass, an an deen Impfpass gëtt d’Impfdosis oder d’Chargennummer agedroen, an den Dokter gëtt agedroen. A fir déi Leit, déi mengen, se kéinten hiren Impfpass verléieren, ginn et hautdesdaags dank IT Méiglechkeeten, fir dezentral Kopië vun hirem Impfpass ze maachen. Mir hu souguer en DSP (ndlr: Dossier de soins partagé) zu Lëtzebuerg, wou d’Leit hir Impfung kéinten androe loossen.
Ze mengen, datt mer also en zentrale Regëster vun alle Leit brauchen, déi sech impfe loossen, mat enger Hellewull vun aneren Donnéeën, dat loossen ech net gëllen, well soss brauche mer och en zentrale Regëster vun all Pouletsschnitzel, deen an all Geschäft hei verkaaft gëtt, fir ze verhënneren, datt ee sech do eng Kéier mat Salmonellen ustécht.
An dann, Här President, kommen ech op dee leschte Punkt vu menger Ried, an dat ass – Dir wäert Iech et kënnen denken – eppes, wou mer scho gëschter driwwer geschwat hunn: Kontrakter, Asiicht a Kontrakter.
D’Europäesch Kommissioun huet haut dann endlech den AstraZeneca-Kontrakt online gesat. Wien awer elo gemengt hat, e géif wëssen, wéi vill Dosen dann elo misste geliwwert ginn – bon, se hunn „the best reasonable effort“ gemaach, fir déi ze verstoppen, well schlussendlech sinn all déi interessant Saache geschwäerzt ginn.
An duerfir reiteréieren ech hei nach eng Kéier d’Demande, déi mer an der Conférence des Présidents gemaach hun, déi och mëttlerweil per Courrier un de Premier an un d’Kommissiounspresidentin von der Leyen weidergaangen ass, datt d’Parlamenter – an ech mengen, datt den Arrêt vun de Mëttwoch dat och confirméiert an eis do eng Base légale gëtt – dës Kontrakter musse kënne kucken. Et kann net sinn, datt mer op der Place publique iwwer Kontrakter diskutéieren an datt d’Parlamenter net wëssen, wéi vill Impfdosen zu wat fir engem Präis kaf goufen!
Här President, ganz zum Schluss kommen ech dann nach eng Kéier op de Projet zréck. Mir musse méi wäit kucken, mir brauchen endlech e Stufeplang, mir mussen endlech e Wee opweise fir all déi Leit, déi nach ëmmer net kënne schaffen, fir all déi Leit, déi d’Hoffnung net opginn hunn, datt dat heiten iergendwann eng Kéier eriwwer ass. Mir brauche kloer Pisten, kloer Indicateuren, un deenen ee seng Hoffnung ka festmaachen. Mir kënnen net ëmmer weider am dräi-Woche-Rhythmus hei Gesetzer stëmmen, ouni ze wëssen, wéi et duerno weidergeet. Ech hoffen, d’Regierung huet méi e grousse Plang wéi nëmmen op dräi-Wochen-Horizont, mee wa se deen huet, soll se eis e presentéieren.
Mir wäerten dat Gesetz aus all deene Grënn, déi
ech genannt hunn, net matstëmmen.
Merci.

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir