Marc Georgen:
Här President,
elo méi harmonesch Téin. Haut schwätze mer iwwert dee ganz sënnvolle Projet, dee Jonken a schwierege Situatioune wäert hëllefen, e Projet, op dee mir als Chamber kënnen houfreg sinn. Mir hëllefen direkt a konkreet deene betraffene Leit. Ech wëll hei op der Plaz och schonn all deene pedagogeschen Ekippen an de Verwaltungen um Site Merci soen, déi sech hei Dag an Nuecht ëm d’Strukture bekëmmere wäerten.
Aus dem perséinleche Frëndeskrees weess ech, wéi schwiereg déi familiär Situatioune kënne sinn, och fir all déi aner Fäll vu Kanner, déi bis elo nach net esou vill Gléck haten. Et ass dofir eis Aufgab als Gesellschaft, dëse Kanner esou eng schéin Zukunft kënnen an d’Weeër ze leeden, wéi mir et och fir eis Kanner géife maachen, an och fir d’Eltere mat engem Handicap, dass si mat de Kanner zesummewunnen an e glécklecht Liewen féiere kënnen.
De Projet hei ass deemno eng Prioritéit. An ech muss soen, dass mir Piraten och net esou genau op de finanziellen Impakt kucke bei esou wichtege Projeten. Et ass déi nobel a wichteg Aufgab vun eisem Land, vun eiser Gesellschaft, dass all d’Kanner hei am Land déi gläich Chancen an Ënnerstëtzung kréien an net wéinst hiren Eegeschaften ausgeschloss ginn, well et si si, déi d’Kanner, déi Jugendlech, och déi Persoune mat enger Beanträchtegung, an hirem Alldag ënnerstëtze wäerten. Si sinn d’Garanten dofir, dass dës Leit déi gläich Chancen am Liewen hu wéi och hir Matmënschen.
Am Gesetzesprojet gi verschidde Gebaier an der Zon Batty Weber zu Péiteng gebaut, déi Gemeng, an där ech zënter der Gebuert wunnen, a soumat kennen ech dëse Site, deen ausgewielt gouf, och gutt. Ech muss soen, ech si ganz positiv agestallt, dass den Terrain eemol net fir e Promoteur war, mee fir e sënnvolle Projet.
Am Gemengerot huet dëse Projet dofir och déi voll Zoustëmmung kritt. Och alles, wat d’Alentouren ubelaangt, huet bis elo am Gemengerot déi voll Zoustëmmung kritt. Mir wäerten all eis Verspriechen do anhalen.
Hoffentlech kann de Projet esou schnell wéi méiglech fäerdeggestallt ginn an da fir déi verschidde Kanner- a Jugendstrukturen agesat ginn. Wann een de Gesetzesprojet liest, kritt ee ganz kloer an éierlech erkläert, dass et och no dem Bau vum Zentrum zu Péiteng nach u weideren esou Strukture feele wäert, an dat am ganze Land. Beim Internat gëtt et notamment eng Erklärung, well et existéiert bis elo keen Internat am Süde vum Land.
Nach e puer Froen: Wou elo emol déi éischt 54 Plazen an e puer Joer disponibel sinn, kënnt do nach eppes no? Mir sollten hei net all Hoffnungen op een eenzege Site setzen, well och hei sinn d’Plaze schnell gefëllt.
Wéi ass et mam Internat psychothérapeutique? Hei ass d’Waardelëscht 99 Persoune laang, déi am Moment am Ausland sinn. Et kommen zu Péiteng, wann ech richteg verstanen hunn, 30 Plaze bäi.
Gëtt et an der Tëschenzäit nach aner Pläng fir Zenteren? Mir Piraten hoffe jiddefalls, dass de Projet e vollen Erfolleg gëtt, a wënschen alle Persounen – de Kanner, de Bëbeeën, de Jugendlechen, den Erwuessenen an dem Personal – nëmmen dat Bescht fir hir Zukunft!
Dëst gesot stëmme mir dëse Projet natierlech mat a merci dem Carlo Back fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport.
- December 4, 2023
- 9:26 am
- Interna
Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond. Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos) D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn