Gesetzesprojet 7653 iwwert de Klimapakt mat de Gemengen

Marc Goergen:
Här President,
bei den Aktioune géint de Klimawandel ass jidderee gefrot fir matzemaachen. Mir Piraten erkenne kloer dës Klimakris un. De Bierger kann eigentlech decidéieren, op nohalteg a biologesch Produkter zréckzegräifen, mee just d’Entreprisë kënne mat soziale an nohaltege Geschäftsmodeller derfir suergen, dass de Bierger op nohalteg Produkter kann zréckgräifen. Well wou keng Offer ass, kann de Bierger och net decidéieren.
Eng Gemeng kann derfir suergen, dass d’Mobilitéit op hirem Territoire méi nohalteg gëtt an nohalteg Projeten op hirem Territoire ënnerstëtzt ginn. De Staat kann derfir suergen, dass d’Leit op eng ressourcëschounend Mobilitéit zréckgräife kënnen. De Staat kann derfir suergen, dass nohalteg Moossnamen an der Landwirtschaft besser subventionéiert gi wéi déi, bei deene vill Schued oder och Déiereleed produzéiert gëtt. Jidderee ka mat de verschiddene Méiglechkeeten, déi em zur Verfügung stinn, selwer d’Initiativ huelen.
Ech hunn elo a menge Beispiller ganz oft d’Verb „kënne“ benotzt. Jo, de Bierger kann, d’Gemeng kann, d’Firma kann, mee ganz oft ass et awer och esou, dass vill vun deenen Acteuren net kënnen. E Bierger, deen an dësem Land mam Mindestloun oder e bëssi méi liewe muss, dee kann net op nohalteg Bioprodukter zréckgräifen. Mam Mindestloun kann een net de ressourcëschounenden Elektroauto kafen, well engem d’Suen dofir feelen. Kuerz: De Bierger kann net ëmmer déi Decisiounen huelen, déi am beschte fir d’Klima oder d’Ëmwelt sinn. An esou ass et och fir d’Gemengen, déi net ëmmer kënnen déi Decisiounen huelen, déi am nohaltegste sinn, ganz einfach, well d’Suen an deenen eenzelne Keese feelen.
Fir enger Persoun oder enger Organisatioun wierklech kënnen de Choix ze ginn, muss een deem Betraffenen och d’Méiglechkeet ginn, e Choix ze maachen. Dat bedeit, dass d’Persoun oder d’Gemeng éischtens d’Méiglechkeet muss kréien, tëscht Optiounen ze wielen, an zweetens d’finanziell Méiglechkeet muss hunn, fir ee vun deenen zwee Choixe kënnen ze treffen.
Ab hei si mir da beim Staat, dee mat Milliounen Euro am Staatsbudget um längsten Hiewel sëtzt. Wuel wëssend, dass de Staatsbudget do ass, fir d’Wuel vun der Allgemengheet ofzesécheren a jiddwerengem e Recht op gläich Chancen a Méiglechkeete gëtt.
Am Kader vun dësem Gesetz geet et dorëms, dass d’Gemenge méi nohalteg solle ginn; dëst am Kader vum Programm vum Naturpakt, an deem jo bal all Gemeng hei am Land misst matmaachen.
Fir eis Piraten ass d’Richtung vun dësem Projet gutt. D’Gemenge solle motivéiert ginn duerch e fixe Katalog vu konkreete Moossnamen, eppes fir d’Klima an d’Ëmwelt ze maachen. Jee nodeems, wéi vill Prozent se aus dësem Katalog ëmsetzen, kréie se eng Primm vum Staat ausbezuelt, déi méi héich ass, wann d’Gemeng en héije Score erreecht a wat méi Awunner an der Gemeng liewen.
Et gëtt och ee Plaffong, soudass déi gréisser Gemengen net iwwer 450.000 Euro d’Joer wäerte komme fir déi éischt zwee Joer. An deene Joren duerno geet d’staatlech Ënnerstëtzung da souguer erof.
Hei stelle mir eis d’Fro, ob dëse Mechanismus ëmmer sënnvoll ass, well e puer Risike bestinn, dass d’Gemengen an éischter Linn ökonomesch handelen. Dat bedeit, dass an éischter Linn déi Moossnamen ëmgesat ginn, bei deenen d’Gemengen als Éischt selwer profitéieren.
Wann ech als Gemeng ënnerstëtzt ginn, fir meng Gebaier méi energieschounend ze maachen, da profitéiert ee jo och an Zukunft vun den Erspuernisser bei Gas- an Elektreschrechnungen. Wann ech da weess, dass ab 2023 meng Primm aus dem Naturpakt wäert erofgoen, dann ass et logesch, emol net mat deene Moossnamen unzefänken, wou ech de Gemengebudget op laang Siicht verbessere kann.
Natierlech sinn déi Moossnamen am Katalog alleguerte wichteg. An et ass och näischt verkéiert drun, dass de Kampf géint de Klimawandel och positiv Aspekter kann hunn an d’Gemenge bei hire Gebaier ufänken. Mir sollten oppassen, dass d’Gemengen dann net aner Beräicher vernoléissegen, wéi zum Beispill d’Fërderung vun enger lokaler an
nohalteger Landwirtschaft, wou de Gewënn fir d’Gemeng, op den éischte Bléck, net esou héich ass wéi bei der Renovatioun vun hire Gebaier.
En anere Punkt dann nach, an zwar wann ee vergläicht, wat d’Gemengen u Subventioune beim éischte Klimapakt kruten a wat se elo wäerte kréien. Hei ass et ganz kloer – d’Zil vum Klimapakt ass et: D’Gemenge solle méi Moossnamen ëmsetzen an e bessere Score kréien. Dat ass jo och richteg. Dofir sinn d’Subventiounen an den héije Kategorië méi héich. Mee hei stellt sech d’Fro, ob d’Gemenge mat méi engem héije Budget net einfach soen: „Dat ass et dann net derwäert.“, an aner Gemengen, méi kleng Gemengen, vläicht soen: „Mir géife jo gären, mee eis feelen d’Méiglechkeeten.“
Jo, et gëtt Gemengen, déi maache Klimaschutz aus Léift an Iwwerzeegung. Aner Gemengen, déi kënne mam Klimaschutz näischt ufänken, leider och aus Léift an Iwwerzeegung. Mee et gëtt och där, déi méi op d’Finanzen aus sinn, an zwar, well hire Budget knapp ass. Bei de Montanten, déi hei am Gesetz festgehale sinn, besteet de Risiko, dass déi, déi finanziell gutt dostinn, sech vläicht keng Méi maachen, wärend déi, déi wëllen, et net kënnen.
An ech kommen dofir op dat zréck, wat ech am Ufank vu menger Ried gesot hunn: Et gëtt Gemengen, déi net ëmmer déi Decisiounen huelen, déi am nohaltegste sinn, ganz einfach, well d’Suen an de Keese feelen. Donieft kritiséiert de Syvicol a sengem Avis, dass de Staat finanziell hätt kënne méi grouss Ustrengunge maachen. Dat gesi mir
Piraten och esou, well d’Montante bleiwen, wéi beim éischte Pakt schonn, recht bescheiden.
Als Verglach: 2021 krut d’Gemeng Péiteng 235.000 Euro vum Klimapakt ausbezuelt. Am Verglach: Den Impôt commercial zu Péiteng läit bei 1,4 Milliounen. A wann ee weess, wivill Prozent dovun awer op dem Tanktourismus zu Rodange entfält, da komme bei eis Zweifel op, ob dësen Naturpakt net nëmmen eng Etikett ass, fir als Regierung kënnen ze soen: „De Staat mécht eppes fir d’Klima.“ Eeben e gudde Marketing!
De Klimawandel ass de Problem vun haut. Mir brauchen dofir all d’Acteuren am Boot. Dofir wär et gutt, wann d’Gemengen an Zukunft méi finanziell Méiglechkeete géife kréien, fir effektiv de Klimawandel op lokalem Niveau ze bekämpfen.
Eise Fazit zum Naturpakt 2.0: D’Iddi ass gutt, mee se geet nach net wäit genuch, well d’finanziell Ënnerstëtzung net wäit genuch geet. 10 Milliounen Euro d’Joer fir Klimaschutz, wa mer zu Dubai oder Osaka e Pavillon fir 30 Millioune bauen, ma do
besteet eiser Meenung no nach akuten Nohuelbedarf. Mir Piraten wëlle méi Ambitiounen am Klimaschutz, eng richteg an effektiv Klimaschutzpolitik. Elo ass dee Pakt hei awer besser wéi näischt. Et ass e klenge Kompromëss, deen d’Regierung huet, wéi et schéngt. Dofir stëmme mir dëse Projet haut mat.
Merci.

Zesummenhang posts

Kaderprogramm Péiteng 2023
Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023