Gesetzesprojet 7652 iwwert d’Verwendung vu Radaren déi verschidden Zorte vun Verkéiersdelikter gläichzäiteg erkennen

Marc Georgen:
Här President,
Dir Dammen an Dir Hären, ech huelen Iech elo mat op eng Rees duerch den Dateschutz. An den eenzelne Punkte leeën ech Iech oppen, wou de Feeler an dësem Gesetz ass. An ech wäert Iech zwou Motiounen deposéieren, fir den Dateschutz esou wéi d’Sécherheet am Verkéier ze stäerken.
Fir d’éischt soen ech emol ganz kloer: Mir Pirate sti fir méi Sécherheet am Stroosseverkéier. Jo, mir fanne souguer Radare sympathesch, awer just, wann se dateschutzsécher sinn. Wat mir awer och zousätzlech soen: Et sinn nei technesch Méiglechkeeten an den Autoen, déi kënne fir méi Sécherheet suergen, vun Tempoerkennung bis hin zu automateschem Bremse fir Foussgänger. Dat ass och eise
Wee fir méi Sécherheet am Stroosseverkéier, fir manner Accidenter.
Wat eis Positioun ënnerscheet vun der Regierungspositioun, ass, dass mir beim Opstelle vun de Radaren un den Dateschutz denken, also e Gläichgewiicht halen, virun allem fir dee Groussdeel vun de Leit, déi sech näischt zu Schold komme gelooss hunn.
Mir Piraten sinn der Iwwerzeegung, dass just wie sech eppes zu Schold komme gelooss huet, also géint d’Gesetz verstouss huet, soll vun enger Technik, déi vum Staat agesat gëtt, erfaasst ginn, an net déi Bierger, déi sech brav un d’Gesetzer halen.
An den nächsten zéng Minutte wäert ech Iech genau erklären, wat eis als Digitalpartei wichteg ass a wéisou den aktuelle Projet an eisen Ae falsch Usätz geholl huet.
Allgemeng fanne mir Piraten, dass déi flexibel Radaren, also déi, wou zënter Joerzéngten de Polizist mat der Pistoul op verschiddene Plaze steet a wou d’Leit, déi géint d’Gesetz verstoussen, erausgefëscht ginn, nach ëmmer déi bescht Léisung sinn.
Esou kann een net nëmme Geschwindegkeetsproblemer opfänken, mee och nach kontrolléieren, ob Persounen ze vill gedronk hunn oder d’Pabeieren net an der Rei sinn. Et sinn och esou Kontrollen, déi misste verstäerkt gi fir méi Sécherheet op eise Stroossen, och well déi net ëmmer op de selwechte Plaze sinn a soumat net bekannt sinn.
Hei am Land komme bekanntlech verschidde Radaren zum Asaz. An haut stëmmt Dir fir den Ausbau vun dësen Iwwerwaachungstechniken.
Fänke mir mam traditionelle Radar un, dem Tuerm, dee meeschtens op de Landstroossen an den Uertschafte steet. Dee Modell ass fir eis u sech nach ganz ok. Et ginn e puer kleng Kritikpunkten, wéi och d’CNPD opgeworf huet, zum Beispill de Punkt, dass een, egal wou ee geblëtzt gouf, muss op Bartreng fueren, fir seng Foto kënnen ze gesinn. Déi Rees op Bartreng ass sécherlech eng flott, dat wäert den honorabele Frank Colabianchi sécherlech bestätegen. Ma Spaass beisäit, et misst am digitalen Zäitalter méiglech sinn, grad ënner engem grénge Minister, dee fir d’Ëmwelt an op spuersame Ressourcëverbrauch steet, fir Fotoen digital per Token um myguichet.lu vun doheem aus ze kucken.
D’CNPD schreift ganz kloer: « de se déplacer au centre se trouvant à Bertrange constitue un obstacle injustifié au droit d’accès de cette personne ». D’CNPD erkläert och weider, dass hei de Staat selwer géint d’Dateschutzgesetz vum 1. August 2018 verstéisst, an dat op enger ganzer Säit am Avis. Ëmmerhi ginn déi Fotoe gemaach, fir d’Rechter vun de Bierger ze stäerken, fir Feeler ze vermeiden.
Leider ass de Minister trotz eise Remarken an der Kommissioun net bereet, och do eppes ze verbesseren. An de Bierger muss kënnen déi Rechter wouerhuelen, well wéi elo ganz rezent an engem Urteel erauskomm ass, huet de Radar falsch gemooss. Dat wollt de Staat awer net gëlle loossen an et war alt nees um Geriicht ze entscheeden.
Et kann net sinn, dass e Bierger et schwéier gemaach kritt, sech fir seng Rechter anzesetzen. D’Fro stellt sech allgemeng, wéi oft mat deem Typ Radar scho falsch Protokollen ausgestallt goufen, well net jidderee klot viru Geriicht. Dat ass och e
politesche Choix vum Minister, dass déi Toleranzgrenz esou déif gesat ass. Am Ausland ass déi och alt méi héich ugesat, fir Feeler ze vermeiden.
Dann zum aneren Typ Radar, deen u sech e Modell ass, dee keng Partei, déi och nëmmen dat Wuert „Dateschutz“ emol am Programm huet, haut stëmmen dierf, dat ass den ëmstriddene vun der „Section Control“, eng Iwwerwaachungsanlag am ëffentleche Raum.
Eis piratesch Kolleegen an Däitschland an am Europaparlament hunn och ewell all do géint déi Tracingpraktike vun deene Radare geklot a Recht kritt, esou wéi aner Bierger quer duerch Europa. E puer Aussoen aus der Press: „Das ist ein Sieg für das Recht auf informationelle Selbstbestimmung“, „Verdecktes Erfassen von Autokennzeichen ist verfassungswidrig“, „Alle vorbeifahrenden Autos werden gescannt“, „Eine solche Maßnahme ist als solche Freiheitsbeeinträchtigung“. „Section Control“ kléngt vläicht am Marketing net schlecht, wann ee sech déi Reklammhefter vum Hiersteller ukuckt, mee ech erklären Iech kuerz, wéisou mir Piraten mat dëse Kontrollpunktradaren esou e grousse Problem hunn.
De Section-control-Radar fonctionéiert esou: Een Apparat steet um Punkt A. Deen erfaasst all Bierger, egal ob ze schnell oder net, egal ob onschëlleg oder net. An der Pub steet de Rechtsverstouss dann esou: „Bei Ein- und Ausfahrten werden die Daten aller Fahrzeuge erfasst, und zwar unabhängig von ihrer Geschwindigkeit.“ An elo misste jo awer bei all seriöem Jurist schonn déi éischt Alarmklacke lauden.
Mee bon, mir hunn och nach ëmmer eng General-lwwerwaachung mat enger Vorratsdatespäicherung hei am Land – a sech och e Skandal ënner grénger Féierung.
Zréck zur „Section Control“: Um Punkt B erfaasst dann deen nächsten Apparat vun der „Section Control“ e puer Kilometer nom Punkt A – Dir wësst jo, Dir gouft do geknipst – erëm all Autofuerer; en ass schonn zweemol erfaasst. Dat Ganzt kann ee laut Hiersteller dann nach ausbauen op dräi, op souguer onbegrenzt Punkten – also eng landeswäit Iwwerwaachung. An do ass de Knackpunkt am Recht vum Bierger, dee sech näischt zu Schold komme gelooss huet. Seng Rechter gi mat Féiss getrëppelt, well de Staat erfaasst an enger Strooss systematesch all Auto, deen do fiert, ob ee sech eppes zu Schold komme gelooss huet oder net. Dat ass an eisem Verständnis vum Dateschutz e Skandal an e Verstouss géint all Biergerrecht!
De Minister hat eis an enger parlamentarescher Fro confirméiert, dass um Punkt A vun der „Section Control“ Date gespäichert ginn, fir mat weidere Punkten, also Minutten duerno, verglach ze ginn. D’CNPD werft, wéi mir Piraten och schonn esou oft, déi Fro op, wisou am Règlement grand-ducal fir de Fichier „Radar“ net kloer steet, wa keng Infraktioun stattfonnt huet, dass déi Daten direkt musse geläscht ginn.
E weidere Problem, deen och d’CNPD nach eng Kéier opgeworf huet, ass, wéisou hei am Gesetz keen Delai agesat ginn ass, wéi laang déi vun alle Radaren erhuewen Daten dierfe gespäichert ginn. Mir si mat deem Gesetz, dat Dir haut hei stëmmt, an enger Situatioun, wou systematesch all Autofuerer erfaasst gëtt, wou automatesch zu all Zäitpunkt Date gespäichert ginn: Plackennummer, Foto, Auerzäit, Datum an esou weider.
Praktesch an informatesch gesi stelle sech do awer ganz vill Froen, well déi Daten, déi eemol erfaasst sinn, déi sinn am System. An et kann ee se jo ëmmer erëmfannen, souguer nom Läschen. An dat misst grad en Ex-Policeminister wëssen, well wéi oft grad eng Police op vermeintlech geläschten Donnéeën zréckgräift … Well wie mengt, eng E-Mail, Radardaten oder Fotoe wäre fir ëmmer geläscht, wann een „delete“ dréckt, deen huet vun Informatik näischt verstanen.
An enger parlamentarescher Fro huet de Minister eis och geäntwert, wéi eng Radaren an den Asaz kommen a wéi déi Technik heescht, ma mir hunn eis déi ugekuckt. A grad déi Apparater – haalt Iech un! – goufe vun der Firma fir eng Maut ugebueden, also d’systematescht Erfaasse vun Autoen oder Camionen op der Strooss mat Ofgläich op Serveren. An do si mer bei enger weiderer Gefor. Ee Knäppchen an der Software, vläicht och net gewollt, a schonn hu mir all Autofuerer am Radarfichier erfaasst, deen ënnerwee ass. Resultat: eng systematesch Iwwerwaachung vun eise Bierger. An do soe
mir als Dateschutzpartei kloer Nee!
Dofir e kloeren Nee zu Radare mat „Section Control“. Mir wëllen net eng systematesch Erfaassung vun eise Bierger!
Iwwregens verhënnert eng „Section Control“ net emol, dass een ze schnell fiert. Si verfeelt also hiert Zil, well tëscht de Punkte kann ee ganz wuel iwwert déi erlaabte Geschwindegkeet gefuer sinn an duerno lues maachen. Also Accidenter sinn net wierklech verhënnert, wann een nach ëmmer ka Gas ginn, ouni vum Radar erwëscht ze ginn.
Ech kommen dann nach op deen drëtten Typ Radar, deen dobausse gutt kléngt, mee an eisen Ae schlecht ëmgesat ass. Et ass dee Radar, dee blëtzt, wann een iwwer eng Rout Luucht fiert. Jo, deen ass eis Piraten ganz sympathesch. A mir wären och dofir gewiescht, wär de Radar esou ëmgesat ginn, dass en dem Dateschutz entsprécht.
Fir d’éischt emol eis Motioun: direkt am Auto fir d’Sécherheet ze suergen, andeems een e Subsid beim Autokaf gëtt fir méi Sécherheet fir Assistenzsystemer, déi automatesch bremsen, well dat bréngt méi wéi op eenzelne Roude Luuchten herno e Radar ze setzen, wann de Passant iwwersi gëtt. Dat wär eng richteg Sécherheet fir an all Auto. A fir eis Piraten ass et e Muss, genau esou wéi e Sécherheetsgurt, Airbag oder ABS.
Zum Radar selwer: Zwee Punkte stéieren eis un dësem Radar.
Punkt 1: De Radar hëlt bei enger Strofdot just eng Foto vun hannen. Et ass also just den Auto ze erkennen a mat Chance vläicht eng kleng Kontur. Dat bréngt an eisen Aen eng Rei Risike mat sech, wann ee bedenkt, wivill Firmenautoen hei am Land ënnerwee sinn, wou dann oft onkloer ass, wie gefuer ass. Dat ka souguer zu Situatioune féieren, wou Leit, déi sech et leeschte kënnen, anerer bezuelen, fir hir Punkten ze schounen. Aus dësem Grond hate mir en Amendement eragereecht, fir dass parallell zur Foto vun hannen och eng vu vir soll geschoss ginn, fir eeben am Zweifelsfall dem Fuerer seng Rechter kënnen anzekloen. D’Majoritéitsparteien hu se leider ofgeleent.
Punkt 2: Wat eis bei dësem Radar stéiert, ass de Punkt, deen och alt nees d’CNPD opgeworf huet. Dee Punkt ass, dass jiddereen, deen ze Fouss ënnerwee ass, och op der Foto wäert ze gesi sinn. Stellt Iech also vir, Dir gitt relax mat Ärer Famill spadséieren an da gitt Der matgeknipst, Dir kommt op eng Foto, déi op de Servere vum Staat lant an an engem Radarfichier. Do ass also e Fichier beim Staat herno mat Dausende Fotoen, déi net anonymiséiert sinn, mee op deenen Dausende Leit fräi ze gesi sinn, déi kee Feeler gemaach hunn, sech näischt zu Schold komme gelooss hunn. déi gréng schafen also hei e ganz bedenkleche Fichier u Fotoe mat Dausenden onschëllege Bierger. An och dat widdersprécht all Gedanke vum Dateschutz.
Als Pirat hunn ech och déi Fro an der Kommissioun opgeworf. Ma d’Reaktioun vun de Majoritéitsparteien ass: Hei wäert net anonymiséiert ginn, well een net weess, ob d’Technik dat kann – sou, fäerdeg! Dat ass erschreckend, wéi Biergerrechter mat Féiss getrëppelt ginn, well een net weess, ob d’Technik et kann. Also huet de Minister eng falsch a schlecht Ausschreiwung gemaach an duerno déi Gesetzer mat Grondwäerter entscheet. Dat baséiert op technesche Méiglechkeete vun engem Fournisseur vun enger schlechter Ausschreiwung. Majo, wann dat de Standard bei deene Gréngen ass vum Dateschutz, dann äddi!
Dofir hei eis Motioun, dass am Fichier ronderëm de Radar all Foto muss anonymiséiert ginn, ier se op de Server verschéckt gëtt, an dass net iergendeng Kéier eng Persoun se eraussicht a vläicht anonymiséiert, well Dir hutt Dausende vu Fotoen herno do leie mat Leit, déi sech näischt zu Schold komme gelooss hunn.
Gutt, dass et nach eng Partei gëtt, déi och den Dateschutz versteet, an dat si mir Piraten.
Dofir wäerte mir wéinst de genannte Punkten, déi kloer géint den Dateschutz a Biergerrechter schwätzen, géint dëst schlecht ausgeschaffte Gesetz stëmmen.
Merci.
 

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.