Gesetzesprojet 7651 zur Upassung vun der europäescher Direktiv iwwert elektronesch Medien

Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir e Land, wat en eegene Medieminister huet – eppes, wat rar ass an der Europäescher Unioun -, ass dëst Gesetz wierklech net e grousse Grond, houfreg ze sinn. Ganz am Contraire, ech menge souguer, datt dëst Gesetz iwwert d’elektronesch Medien ee vun deenen oniwwersiichtlechsten Texter ass, dee mer säit Laangem hei an der Chamber behandelt hunn. Et gouf scho vun e puer Kolleeginnen a Kolleegen hei gesot: Et ass net déi éischt Iteratioun, déi mer op dësem Text dréien, an dat bei engem Text, deen awer nach zu menge Liefzäite geschriwwe gouf.
Dat soll awer net heeschen – a wannechgelift, et soll wierklech net heeschen! -, datt de Rapporter, deem ech hei e grousse Merci wëll soen, net eng exzellent Aarbecht gemaach hätt, fir e schrëftlechen a mëndleche Rapport vun enger dach komplexer Matière ze maachen. De Rapporter huet festgehalen, wat mat dësem Gesetz wéi geännert gouf, an awer och, wat net geännert gouf.
D’europäesch Direktiv vun 2018 huet mussen ëmgesat ginn, a Lëtzebuerg huet dat mat dësem Gesetz dann och gemaach. Mee et ass eng Saach, seng Hausaufgaben ze maachen, fir keng Strof ze kréien, an eng aner, den Exercice richteg ze léisen!
Mir hunn hei en Text virleien, dee ganz offensichtlech ni geduecht war, fir d’elektronesch Medien an hirer haiteger Form an aktueller Villfalt ofzedecken. Mir hunn hei e Gesetz, wat fir déi klassesch Tëlee gemaach war, zu deem dann de Radio derbäikoum, a wou elo och nach probéiert gëtt, iergendwéi Video-on-demand-Servicer a -Plattformen, wou Utilisateure Privatvideoen deele kënnen, dranzesetzen. Dëse Patchwork huet dem Text net onbedéngt guttgedoen an d’Zil, déi lescht technesch Entwécklungen, déi et um digitale Marché gouf, an dësem Text iergendwéi erëmzespigelen, gouf definitiv net erreecht.
Mee wéi esou oft gi mer gezwongen, dat hinzehuelen, well d’Zäit drängt, well verpasst gouf, éischter e proppert, neit Gesetz ze schreiwen, a wou mer elo e Gesetz stëmme mussen, fir eis net zuscholde kommen ze loossen, eng europäesch Direktiv net ëmzesetzen. An dat ass net fir d’éischte Kéier, datt dat geschitt. Vill ze heefeg kréie mer vun der Regierung um leschte Stëppel Gesetzesprojete virgeluecht, un deenen da keng fundamental Ännerunge méi méiglech sinn, well eis d’Zäit fortleeft. Dat däerf net sinn! Dat ass besonnesch schlëmm, wann et, wéi an dësem Projet, ëm kruzial Theeme geet wéi Jugendschutz oder e Verbuet vun Haass, Diskriminéierung an Terrorismus. Dir mierkt, et sinn net kleng Dossieren, déi hei probéiert ginn ze behandelen, an dat an der Urgence.
Duerch déi vill Adaptatiounen iwwert d’Zäit an de Fait, datt den aktuellen Text ni geduecht war fir Medien, wou net een Editeur e feste Programm am Viraus festsetzt, hunn derzou gefouert, datt dat aktuellt Gesetz Lücken an Anachronismen huet. Besonnesch de Fait, datt op ville Plaze vun audiovisuelle Medie geschwat gëtt, suergt derfir, datt ee sech heefeg d’Fro stelle muss, ob dat, wat ee grad liest, dann net och fir de Radio gëlle misst, an ob reng sonor Medien, déi net iwwer Radiosfrequenzen diffuséiert ginn, wéi zum Beispill Podcasts, ganz duerch d’Netz vun dësem Gesetz falen.
Eng modern Gesellschaft an e Land, wou et souguer e Medieminister gëtt, bräicht awer e Gesetz, wat fir all Forme vun elektronesche Medie ganz kloer an däitlech festhält, wéi d’Obligatioune vun de Fournisseuren an d’Rechter vun de Consommateure sinn. Kloer an däitlech kann een eis aktuell Gesetzgeebung awer net nennen.
Zu all deene Punkten, déi ech scho genannt hunn, an déi vläicht zumindest e Stéckwäit mat der Entwécklung an de villen Upassunge vun dësem Text ze excuséiere sinn, kënnt nämlech nach d’Dispositioun aus dem Artikel 2, déi scho bal eng Frechheet ass, an zwar eng Frechheet vis-à-vis vun all Persoun, déi sech informéiere wëllt iwwer hir Rechter an Obligatiounen am Beräich vun digitale Medien.
An deem Artikel heescht et nämlech, datt d’Gesetz vum Commerce électronique vun 2000 gëlteg ass, ausser wann an dësem Gesetz hei eppes aneres steet, ausser wann an dësem Gesetz steet, datt et awer net esou ass. Wien do nach schlau draus gëtt a wien doraus seng Konsumenterechter nach richteg ofleede kann, deem kéint een direkt e Master am Droit ginn, well fir esou eng Contorsioun iergendwéi nach hinzekréien, muss een Droit studéiert hunn. En normale Konsument fält hei duerch de Raster.
A wat soll dat? Firwat maache mer net direkt déi entspriechend Amendementer am Gesetz iwwert de Commerce électronique? Esou mécht ee keng Gesetzer fir d’Biergerinnen an d’Bierger. Esou schaaft ee just bewosst en ontransparente Koup u Reegelen, duerch déi sech just nach déi wulle kënnen, déi Vollzäit duerfir bezuelt ginn, wärend all déi aner mussen drop vertrauen, datt d’Regierung an hir Conseilleren dat scho gutt gemaach hunn. Esou schaaft ee sech vläicht Kritik vum Hals, well keen Zäit huet, iwwerhaapt erauszefannen, wat ee mécht, mee esou mécht ee keng transparent Politik.
Well mer dësem Projet aus de genannte Grënn net zoustëmme kënnen, obwuel mer mat der Direktiv, déi hannendru steet, awer averstane sinn, wäerte mer eis haut enthalen. Net well d’Iddi net gutt wär, mee well d’Ëmsetzung hei einfach vill ze vill holpreg ass.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

 Dëst Joer gouf zu Rodange ee Park&Ride mat iwwer 1500 Parkplazen opgemaach.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Am Koalitiounsaccord
Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter