Marc Georgen:
Merci, Här President.
Ech wäert e bësse méi ausféierlech op d’Theema agoen, bekanntlech ass d’Juegd en Häerzenstheema vun eiser Partei an och vu mir perséinlech.
Mir Piraten sti fir den Déiereschutz. An heizou ziele fir eis selbstverständlech och d’Wëlldéieren an eise Bëscher. Mir fannen, dass och dës Déiere Liewewiese sinn, déi eise ganze Respekt verdéngen. Aus deem Grond hu mir Piraten och eng ganz kritesch Positioun, wat d’Juegd ugeet. Nee, mir sinn net ganz géint eng Juegd, mee mir si fir eng Juegd, déi am Respekt vum Déier ofgehale gëtt.
A sech hätte mir eis haut erwaart, vun der grénger Partei eng kritesch Positioun zur Juegd ze héieren. Waren et fréier déi gréng Deputéiert, déi hei an der Chamber – huele mer d’Juegd am Bambësch – och kritesch waren, sinn et haut déi gréng, déi duerch eng aner Meenung a Politik gepräägt sinn, a si stelle sech net op d’Säit vum Déiereschutz. Dat ass wierklech schued!
A mir Piraten sti fir en Discours zum Theema Juegd. Et kann net sinn, dass dat eenzegt Argument, dat een zënter Joren an Dauerschläif vu Jeeërverbänn a Juegdfrënn ze héiere kritt, ëmmer dat selwecht ass: dass muss méi geschoss ginn!
Mir Piraten, jo, mir schützen och d’Muffelen, mir schützen all Déier. All Déier ass eis wichteg. „Méi schéissen“, „Haaptsaach méi schéissen“, schéngt heiansdo de Motto ze sinn. An eisen Aen geet de Problem vun eiser Juegdpraxis vill méi déif. Mir fannen et besuergneserreegend, wann d’Diskussiounen ëm d’Juegd ëmmer nëmmen drop eraus sinn, dass d’Wëlldéieren eis stéieren oder Schued uriichten an dofir erëm musse massiv dout gemaach ginn, esou och am Kontext vun dësem Gesetz, an deem et ëm d’Benelux-Konventioun zur Juegd geet.
U sech ass d’Ännerung hei op den éischte Bléck marginal. Et gëtt eng Ënnerscheedung gemaach tëscht puerer Juegd an der massiver Ausrottung vun Déierebestänn an anere Fäll. Béid zile fir eis awer op dat selwecht Zil of, bezéie sech op déi selwecht Déieren a benotzen déi selwecht Mëttelen, fir Déieren ëmzebréngen.
A mir Piraten hu kloer eng Positioun dozou. Mir wëlle keng Spaassjuegte méi, mir wëllen eng Juegd, déi zentraliséiert a professionaliséiert gëtt. Mir wëllen eng eenheetlech territorial a moralesch Approche a keng Approche, wou dee mam meeschte Geld sech Juegdlouse kafe kann, fir da seng Spaassjuegten ofhalen ze kënnen!
Op där anerer Säit wëlle mir och net de stännegen Discours unheize vun ëmmer méi schéissen. Fir d’lescht – an den Här Arendt huet schonn e puermol dertëschtgeruff -, hunn ech nach an enger parlamentarescher Fro vun der DP gelies, firwat een hei am
Land, an elo haalt Iech un, net mat semiautomatesche Waffe kéint op d’Juegd goen. Also dat ass awer mat dat Schlëmmst, wat een elo a leschter Zäit am Kader vum Déiereschutz héieren huet, an dat vun enger Regierungspartei!
Mech stéiert dat an ech fannen et ganz interessant, wéi hei d’DP semiautomatesch Waffe verteidegt. Also ech léieren awer gären nach, Här Graas, wann Dir sot, ech géif mech domat net auskennen.
Här Arendt, erkläert eis Piraten gären – Dir kënnt mer och herno déi Fro stellen -, wat eng semiautomatesch Waff soll sinn op der Juegd. Wann dat den Déiereschutz ass, deen eng DP wëllt a vun deem se an hire Bréiwer schreiwen, déi se ëmmer virun de Wale schécken, da froen ech mech, wéi déif dass et domadden ass. Mir Piraten wëllen dofir och d’Ëmweltministesch opfuerderen, keng weider Waffen op der Juegd ze
erméiglechen, éischter deen anere Wee ze goen.
Et ass scho schlëmm genuch, dass een net bei seng Famill dierf an der Ausgangsspär, mee et dierf een awer op d’Juegd; a sech e weidere Punkt, deen ee vun enger grénger Ministesch einfach net verstoe kann. Wéisou alt nees e Privileeg fir d’Jeeër? Zesummefaassung vun der grénger Politik: Leit mat Waffen dierfen also trotz Ausgangsspär eraus, anerer, Friddlecher bleiwen doheem. Si hu jo och keng Waffen
dobäi!
Wat elo d’Juegd an d’Reduktioun vu Wëldbestänn ugeet, do muss ech soen, dass mer et net akzeptéiere kënnen, dass do weider op Klappjuegte gesat gëtt! Dir kënnt averstane mat eis sinn oder och net, mee mir Piraten bleiwe jiddefalls géint d’Praxis vun de Klappjuegten an ech proposéieren dofir och haut eng Motioun, fir dass mer endlech op de Punkt kommen, Klappjuegten ze verbidden an doduerch méi respektvoll a schounend Moossnamen ëmzesetzen.
Kommt, mir iwwerleeën eis, wéi een eng Juegd besser kéint gestalten, amplaz ëmmer erëm wëllen ze probéieren, mat den nämmlechten ale Léisungen de Problem unzegoen. An et ass natierlech kloer, dasss mir Piraten haut wäerte géint dës Konventioun stëmmen.
Merci.
- June 2, 2023
- 2:13 pm
- Bildung & Fuerschung, Parlamentaresch Froen, Questions parlementaires, Wirtschaft
Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am