Gesetzesprojet 7537 zur Promotioun vun Gerechtegkeet an Transparenz bei Betrieber, déi online Intermediatiounsservicer benotzen

Published by Piraten on

Sven Clement:

Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dësem Gesetz, wat d’Modalitéite fir en EU-Reglement vun 2019 festleet, sollen dann d’Firme besser virun Abuse vu Websäit-Provideren, Search Engines oder Liwwerdéngschter geschützt ginn. Viséiert – an dat ass kee Geheimnis – si Firme wéi Amazon, Facebook, trivago, Google a wéi se soss nach all heeschen.

Dëst ass ganz begréissenswäert, do gëtt et keen Zweifel drun, well net nëmme Privatpersoune musse Mëttel a Weeër hunn, fir sech géint grouss international Firme wéi Amazon oder Google ze wieren, mee och kleng Firmen. Déi brauchen een, deen hinnen den Internetsite op d’Bee stellt, d’Serveren zur Verfügung stellt, oder een, deen hinne ganz einfach eng Plattform bitt, fir hir Wueren ze verkafen.

Dëst Gesetz an dëst europäescht Reglement sinn also ganz wichteg a puncto Konsumenteschutz. Et kléngt vläicht komesch, wann ee kleng Firmen d’nämmlecht schütze muss wéi d’Konsumenten. Mee wann een dat eng Kéier an de Kader setzt, wéi kleng esou eng grouss mëttelstänneg Boîte hei zu Lëtzebuerg par rapport zu den Internetgiganten ass, dann ass d’Kräfteverhältnis änlech wéi en eenzelne Konsument vis-à-vis vun enger grousser mëttelstänneger Boîte. Dat muss een einfach an d’Relatioun setzen. An dofir ass et wichteg, datt mer hei och eebe grad kleng a mëttelstänneg Firme schützen.

Ech wëll dësen Debat awer och notzen, fir iwwert d’EU-Reglement hannert dësem Gesetz ze schwätzen. Vill vun deenen am Reglement festgehalenen Dispositioune begréisse mer. An dësem ass zum Beispill virgesinn, datt déi sougenannten Entreprises de services d’intermédiation en ligne d’Firmen, déi bei hinne Client sinn, iwwer Ännerunge vun den Terms and conditions informéieren an hinnen och am Viraus d’Grënn nenne mussen, wéinst deene se eventuell vum Service ausgeschloss kënne ginn – eppes, wat jo awer a rezenten Zäiten och mat politesche Figuren definitiv e wichtege Facteur war.

Am Allgemenge mussen d’Terms and conditions an enger méi einfach ze verstoender Sprooch geschriwwe ginn. Och dat kann een nëmme begréissen, well wien eng Kéier probéiert huet, d’Terms and conditions vun deene groussen Internetfirmen ze liesen, dee verléiert sech ganz séier am Dschungel vun haaptsächlech op Amerika ausgeriichte Reegelen. A wien dann déi europäesch Reegele wëllt fannen, muss sech scho ganz wäit duerchklicken.

Des Weideren – an dat fannen ech ganz besonnesch wichteg – mussen dës Provider um Internet den Entreprisen och kënnen erklären, firwat hire Site oder hire Produit net als ee vun deenen Éischten ugewise gëtt oder firwat e guer net ugewise gëtt. An deem Kader muss dem Client och gesot ginn, ob en duerch méi Geld méi Visibilitéit ka kafen.

Et ass wichteg, datt mer eng Transparenz kréien, wou tatsächlech duerch Werbeausgaben e bessere Ranking erreecht gëtt a wou net, well och dat ass in fine Konsumenteschutz: Et ass wichteg, datt den normale Konsument ka gesinn, op wéi enge Plattformen eventuell Produiten op éischter Plaz stinn, just well se bezuelt hunn. Well wat bréngt e Ranking, eng Sichmaschinn fir Hoteller oder eng Sichmaschinn fir eng nei Wäschmaschinn, wann déi éischt fënnef oder souguer zéng Plazen, déi éischt Säit vun de Resultater kaf sinn? Trauen ech deem Ranking dann nach? A genau hei brauche mer Transparenz, fir datt de Konsument um Enn vum Dag besser geschützt gëtt.

Mir Piraten denken awer, datt et doriwwer eraus wichteg ass, esou Praktike méi generell ze hannerfroen. Well Plattformen eng gewëssen Neutralitéit …, grad wann et Vertrauensplattforme sinn, missten dës eng gewëssen Neutralitéit un den Dag leeën. An et geet eeben net duer, just Transparenz ze weisen, et geet och drëm, als Plattform neutral ze sinn, keng Diskriminéierung baséierend op Sender, Contenu oder Empfänger festzeschreiwen. Well nëmmen duerch eng festgeluechte Plattformneutralitéit ass garantéiert, datt innovativ Firme mat wéineg Kapital kënne Fouss faassen an datt d’Meenungsfräiheet respektéiert gëtt. D’Tatsaach, datt dës Neutralitéit kann duerch Geld beaflosst ginn, ass also net an eisem Sënn.

Wat mer awer begréissen, ass, datt Search Engines wéi Google déi wichtegst Parametere vun hiren Algorithme musse virleeën. Dat ass e grousse Schrëtt a Richtung méi Transparenz. Alles an allem geet dëse Reglement also definitiv e Schrëtt an déi richteg Richtung.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëst Gesetz ass sécher net perfekt. Et ass awer wichteg, elo d’Modalitéite fir dëst EU-Reglement festzehalen. Ma dëst Reglement ass och nëmmen eppes wäert, wann et och um Terrain kann applizéiert ginn. D’Firme solle sech jo net direkt un d’Justiz wenden, wann eng Internetfirma se net richteg behandelt. Mir hunn eng Organisation publique, déi déi Firmen da soll vertrieden. Do wësse mer awer, datt nach Aarbecht ze maachen ass, fir datt de Konkurrenzrot hei déi néideg juristesch Kompetenze kritt, fir dëse Rôle ze iwwerhuelen. Do ware jo wéinst der Opposition formelle e puer Onkloerheeten opgetrueden, soudatt mer dat nach mussen an Ugrëff huelen. Nichtsdestotrotz hoffe mer, datt dat séier geschitt an datt mer esou d’Ëmsetzung vum EU-Recht dann och hei zu Lëtzebuerg kënne garantéieren.

Mir wäerten dëse Projet matstëmmen.

Ech soen Iech Merci.


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.