Gesetzesprojet 7473 iwwert de kulturelle Patrimoine

Sven Clement:

Merci Här President.

Jidderee vun eis stoung wuel schonn eng Kéier virun engem ale Gebai oder op enger Plaz mat Spuere wäit aus der Vergaangenheet  an huet sech virgestallt, wéi d‘Menschen deemools genee do, genee do, wou ee selwer grad steet, eng Kéier gelieft a geschafft hunn.

Dat ka ganz beweegend sinn.

An da kënnt och séier de Gedanken, ob aner Generatioune méi wäit an der Zukunft sech iergendwann och eng Kéier un eis erënnere wäerten, a probéieren sech virzestellen, wéi et war, zu eiser Zäit oder zu där vun eise Grousselteren ze liewen.

Wärend et un Objeten a Gebaier aus der aktueller Zäit natierlech nach net mangelt, ass dat bei den Objete vun eise Grousseltere schonn anescht a vun de Urgrousseltere ginn et oft nach vill manner Spueren.

Engersäits ass dat sécher normal, well d’Zäiten sech nu ebe mol änneren,
mee wa mir wëllen, dass zukünfteg Generatiounen d’Geschicht net just nach iwwer Fotoen erliewe kënnen, dann ass et wichteg dass mir de Patrimoine och aktiv schützen.

Mir liewen nämlech aktuell an enger Zäit an där extrem vill gebaut mee och produzéiert a gläichzäiteg och extrem vill ewech geheit oder ofgerappt gëtt.

Dat ass eng reell Bedrohung fir de Patrimoine an dofir freeë mir eis, dass mam virleienden Text soll eng gesetzlech Basis geschaaft ginn, fir den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg ze verbesseren.

Gläichzäiteg soll dëst Gesetz et erlaben an Zukunft méi systematesch archeologesch Analysen an Ausgruewungen ze maachen, fir iwwerhaapt mol ze entdecken, wéi vill Spueren aus der Vergaangenheet zu Lëtzebuerg nach ze fanne sinn an och dat ass en Zil, dat mir absolut Ënnerstëtzen.

Mir deelen also der Majoritéit hier Astellung, dass e Gesetz iwwert de Patrimoine culturel dréngend néideg ass, mee d’Fro ass awer, ob d’Gesetz an där Form, déi haut zum Vott steet, och dat hale kann, wat et versprécht.

An do hunn ech awer ganz bëssen meng Zweiwel.

Ech gesinn hei kee grousse Paradigmewiessel, deen eng breet Protektioun vum Patrimoine wäert assuréiere kënnen, mee éischter en Text mat enger ganzer Rei nach awer Onkloerheeten, dee riskéiert ongeplangten Nieweneffekter kënnen ze hunn.

Ee vun dësen Nieweneffekter kéint, ech soe kéint, well et ass ze fréi fir dat ze wëssen, eng Hausse vun de Immobiliëpräisser sinn an dat ausgerechent an enger Phas, déi mir als Logementskris bezeechnen mussen.

Mir däerfe schliisslech net vergiessen, dass mir hei eng Gesetzespropose virleien hunn, déi Käschte fir d’Maître d‘ouvrage mat sech brénge kënnen, wann et drëms geet archeologesch Ausgruewungen ze finanzéieren.

Wien en Terrain bebaue wëll, deen an enger Zone läit, déi bis elo net bebaut ass,
esou dass net ausgeschloss ka ginn, dass archeologesch Piècen am Buedem ze fanne sinn, wäert gezwonge ginn, en Deel vun de staatlech ordonéierten Ausgruewungen ze bezuelen an déi sinn, dat kann ee sech denken, net ëmmer bëlleg.

Do kënne gutt a gären e puer honnertdausend Euro zousätzlech fir de Bauhär ufalen, jee no Gréisst vum Terrain.

Et ass net unzehuelen, dass dës Käschten einfach vum Gewënn vum Verkeefer wäerten ofgezu ginn, nee, déi wäerte wuel duerch eng Hausse vum Verkafspräis iergendwou awer erëm ausgeglach ginn.

Esou eng Dispositioun also grad wärend enger Logementskris am Gesetz, ass awer bësse gewot.

Sollt d’Gesetz gräifen an zukünfteg systematesch Ausgruewunge gemaach ginn,
wäert de Präis op Neibaute steigen.

Dat ass eng mechanesch a logesch Geschicht.

Natierlech kann et awer och sinn, dass d’Zone, déi fir Ausgruewungen definéiert gëtt, dono esou kleng ass, dass just ganz wéineg Bauprojeten drënner falen, mee da verfeelt d’Gesetz jo awer erëm iergendwou hiert Zil.

Hei si mir der Meenung, dass d’Part, déi de Staat finanzéiert definitiv gehéicht misst ginn, well dës Investissementer géifen net nëmme beim Patrimoine, mee och wéi gesot am Logement hëllefen.

En anere Problem, dee mir an dësem Text gesinn ass deen, dass d’Iwwergangszäit, an där d’Gebaier aus dem Inventaire klasséiert solle ginn, bei 10 Joer läit.

Natierlech ass eis bewosst, dass esou een ëmfaassende Projet net vun haut op muer ëmzesetzen ass, mee mat enger esou laanger Iwwergangszäit si fir all d’Acteuren um Terrain a besonnesch fir d’Propriétairë vun Haiser, déi um Inventar gelëscht sinn,
awer nach Onkloerheeten verbonnen.

Mir hoffen dofir, dass den Dialog mat de Propriétairen an och der Zivilgesellschaft wäert gesicht ginn, fir net an enger Situatioun ze enden, wou d’Leit net wëssen, wat virgeet, an d’Gefill hunn, dass éiweg näischt geschitt an da bemol ganz séier alles iwwert hire Kapp géif ewech entscheet ginn.

Dat ass e Gefill. Et ass net dat wat um Terrain ëmmer geschitt, mee et ass dat wat d’Leit heiansdo spieren.

Insgesamt géife mir eis wënschen, dass d‘Zivilgesellschaft nach méi breet géif den Denkmalschutz agebonne ginn.

Grad do hu mir nämlech an der Vergaangenheet gesinn, dass et een Thema ass,
dat ville Mënschen um Häerz läit wou sech vill Leit aktiv abréngen, wou Associatioune gegrënnt ginn, wou Leit sech engagéieren, entweder an hirem Duerf oder och national den Denkmalschutz no vir ze dreiwen.

Leider war dat an der Vergaangenheet an et huet een jo ëmmer d’Hoffnung fir d’Zukunft, dass et do besser geet, dach grad bei gréisse Projeten ëmmer déi Echangen bësse limitéiert.

Meeschtens goufen Associatiounen an engagéiert Bierger eréischt dann héieren,
wann d’Baupläng schonn all virlouchen an de Bagger gerullt ass.

Deelweis och eréischt dann, wann de roude Punkt do houng, wossten, dass iwwerhaapt eppes géing geschéien.

Well dann ass et schliisslech jo och vill méi einfach de Leit ze soen, dass ee si versteet an hier Fuerderungen och novollzéie kann, wärend een déi praktesch Ausried, dass et elo awer leider schonn ze spéit ass Et huet een et direkt bei Hand, d’Gemeng huet d’Autorisatioun ginn, näischt méi ze maachen.

A grad op de Gemengen, wou ee méi no un de Leit ass, kéint een d‘BiergerInne besser mat abezéien.

Mee fir dass d’Gemengen deem wichtege Rôle, dee si dem Gesetz no am Denkmalschutz droen, och gerecht kënne ginn, brauchen si méi Ënnerstëtzung.

Wann ech am Kommissiounsrapport liesen, dass et 9 verschidde Gemengen am Land ginn, vun deene Sites et monuments seet, dass de Patrimoine bâti bei der Erstellung vum PAG net convenablement protegéiert ginn ass, da mécht dat mir awer Suergen.
Feeler beim Denkmalschutz si schliisslech oft net esou einfach Réckgängeg ze maachen.

Wann e Gebai bis ofgerappt ass, dann ass et fort.

De Staat dierf d’Gemengen do net eleng loossen a muss hinne besser Outilen an Informatiounen un d’Hand ginn.

Oft gi Gebaier, déi klasséiert kéinte gi guer net muttwëlleg ofgerappt, mee deelweis och aus Onwëssenheet, well deene Concernéierte guer net bewosst ass, wat si do viru sech stoen haten.

Hei brauche mir also méi Sensibiliséierung an dat souwuel wat d’Proprietäre vun Haiser ugeet, ewéi och wat d‘Besëtzer vun alen Objete betrëfft, déi iwwert dëst Gesetz jo och besonnesch geschützt kënne ginn.

Wann en alt Gebai dann awer ofgerappt muss ginn – well verpasst gouf et frei genuch ze klasséieren oder well et net anescht gaangen ass –  géife mir eis wënschen, dass een der Fuerderung vum Mouvement patrimoniale géif nokommen, an een Depot fir al Bauelementer géif an d’Liewe ruffen.

Lëtzebuerg huet en extreme Bauschutt-Problem a gläichzäiteg sinn eng ganz Rei al Bauelementer einfach vill ze schéin, fir se einfach op den Tipp ze werfen.

Steng, Dieren, Fënsteren oder aner Materialie kéinte gelagert an an zukünftege Projeten nees verwäert ginn.

Circular economy léisst gréissen.

Esou géif Material gespuert ginn an d’Verbindung vun neien an ale Materialien kéint interessant nei Bauwierker ervir bréngen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen,

D’Gesetz ass grouss an ech hat bei wäitem net d’Zäit op all d’Punkten anzegoen. An ech wäert dat och elo mam Rescht vu menger Riedenzäit net méi hikréien. Ech wäert mech dofir elo op just nach ee weidere Punkt limitéieren, e Punkt deen awer extrem wichteg ass an och mat bestëmmt, firwat mir de virleienden Text haut net matdroe wäerten an eis enthale wäerten.

An zwar geet hei d’Kontradiktioun tëscht dem Usproch e Gesetz geschriwwen ze hunn, wat et de Propriétaire vun Denkmalgeschützten Haiser soll erlaben, gewëssen Ännerungen un hiren Haiser virzehuelen a gläichzäiteg der Definitioun vun der Authentizitéit vun engem Gebai als zentralem Krittär fir seng Protektioun.

Ech liesen hei ee mol, Zitat:

« Pour pouvoir être inventorié comme bien immeuble susceptible de faire l’objet d’un classement comme patrimoine culturel national, un bien immeuble doit être authentique pour avoir connu peu de modifications et avoir gardé des éléments de son époque. »

A gläichzäiteg heescht et am Exposé des motifs, Zitat:

« Il convient de noter également que les restrictions apportées aux droits des propriétaires par le présent projet de loi sont à leur tour limitées par l’accent mis sur la valorisation, c’est-à-dire par la possibilité d’effectuer des adaptations en vue d’une utilisation des immeubles. »

Fir sech gekuckt, sinn dat zwee luewenswäert Iddien, méi wéi Valorisatioun duerch Adaptatioun an Authentizitéit dono zesumme sollen e stabil gesetzleche Kader bilden, ass mir awer net ganz kloer.

Wann ech mir also en aalt denkmalgeschützten Haus kafen, dann hunn ech jo d’Recht Ännerungen un dësem Haus virzehuelen, wann ech eng Demande dofir maachen, a fir eng Rei Aarbechte kann ech souguer Subside kréien dësem Gesetz no.

A wann ech meng Subsiden dann all Kritt hunn, da kéint ech eng Demande de Declassement maachen, an da wäert bei der Analyse vu mengem Dossier zimmlech séier festgestallt ginn, dass mäin Haus de Krittär vun der Authentizitéit net méi erfëllt, ech hu schliisslech massiv Ännerungen konnte maachen, an da kéint et nees deklasséiert ginn?

Falls deem esou wär, si mir eis mengen ech awer all eens, dass eppes net stëmmt.

Hei muss a mengen Aen dréngend nach emol iwwert de Krittär vun der Authentizitéit vun engem Gebai nogeduecht ginn.

Ass et iwwerhaapt esou wichteg, dass e Gebai wéineg Modifikatiounen erlieft huet?

Ee vun de Krittären aus dësem Text, an da kommen ech zum Schluss Här Präsident, déi e Gebai zousätzlech zu der Authentizitéit ka schützenswäert maachen, ass ënnert anerem jo och de Fait, dass et e Biens ass: « ayant connu des transformations au cours du temps et qui témoignent de l’évolution du bâti en affichant des unités stratigraphiques, caractéristiques pour différentes époques »

Wéi dat elo awer soll goen, dass wéineg Transformatiounen a vill Transformatiounen au cours du temps zesummen an engem Gebai ze fanne sinn, bléift a mengen Aen eng vun de groussen Onkloerheeten.

Hei bléift vill Sputt fir individuell Aschätzungen an ech mengen dat bitt net déi Sécherheet, déi mir vun engem neie Gesetz erwaarden.

Ech denken dofir, dass de virleienden Text, esou gutt e villäicht op anere Punkten ass,
an de Kapitelen iwwert de Schutz vu Gebaier nach besser kéint sinn, an dofir wäerte mir eis haut enthalen, well mir och d’Repercussiounen op d’Zukunft net kënnen ofschätzen.

Ech soen iech Merci.

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister