gerecht Léisunge fir haut a muer - Eise Kaderwalprogramm fir d'Gemengewalen 2023

Eise Kaderwalprogramm fir d’Gemengewalen 2023 steet ënnert dem Motto gerecht Léisunge fir haut a muer.

Dir kënnt en hei drënner liesen.

Matbestëmmung & Transparenz verbesseren

D‘Piraten setzen sech säit hirer Grënnung fir méi direkt Demokratie an. D‘Politik muss méi no un d’Bierger:innen an d’Leit endlech an der Politik matdiskutéiere loossen. Vill Leit hunn Iddien a géifen se gäre matdeelen, mee wëssen net wéi a wou oder se wëllen net an enger Partei aktiv sinn. D’Piratepartei wëll de Leit Méiglechkeete ginn, fir sech iwwert aner Weeër aktiv an der Gemeng abréngen ze kënnen.

Aféiere vun engem Biergerrot

Bierger:innen wéi s du an ech zesummebréngen an hinnen eng offiziell Plattform ginn, fir hir Iddien ëmzesetzen. Dat ass d’Iddi vum Biergerrot. 

Dëse Biergerrot soll per Zoufallsprinzip zesummegesat ginn a Mënschen an d’Bevëlkerung an der Gemeng representéieren. Een Deel vum Biergerrot kéint direkt vun der Gemeng gewielt ginn. All 3 Joer gëtt dann eng Halchent vum Biergerrot ersat. D’Mandat am Biergerrot wäert inkompatibel mat engem Mandat am Gemengerot oder als Member vu consultative Kommissioune sinn.

De Biergerrot soll eegestänneg schaffe kënnen an dem Gemengerot Propose maachen, op déi d’Politiker da reagéiere mussen. De Biergerrot soll och ee Budget vum Gemengerot bereetgestallt kréien, fir selwer Projeten ze realiséieren a fir d’Organisatioun vum Biergerrot ofzedecken (Sekretär, etc.).

Biergerversammlungen a Froestonnen

D’Piraten wëllen een aktiven Austausch an Diskussioune mat de Bierger:innen. D‘Gemeng soll mindestens zwee Mol am Joer Biergerversammlungen organiséieren, wou d’Bierger:innen mat de Gemengeverantwortlechen ëffentlech op enger Plaz zesummekommen an Iddien, Problemer an Doleancen diskutéiert kënne ginn. Op dëse Biergerversammlunge soll d’Gemeng zukünfteg Projete virstellen an ëffentlech Froestonne maachen, an deenen d‘Bierger:innen hir Meenung matdeelen, Froe stellen a Proposen areeche kënnen.

Ëffentlech Gemengerotsitzungen

De Gemengerot ass dat wichtegst Gremium an der Gemengepolitik: hei ginn déi wichtegst Decisioune fir d’Awunner vun der Gemeng getraff. Duerch méi Transparenz an e besseren Zougang zu Informatiounen am Gemengerot suerge mer fir méi Biergerbedeelegung. Dëst stäerkt eis Demokratie.

D’Piraten fuerderen dofir

  • eng proaktiv Transparenz vu Gemengerotssitzungen. De Sëtzungskalenner, den Ordre du Jour an all déi zougehéireg Dokumenter musse mindestens 1 Woch virdrun integral an online verëffentlecht ginn.
  • een online Livestream fir de Gemengerot. De Gemengerot muss seng Sitzungen iwwert Livestream online iwwerdroen an duerno um Internetsite vun der Gemeng verëffentlechen, ofspäicheren a fir jiddereen accessibel halen.

Méi Transparenz beim Schäfferot

De Schäfferot muss d‘Rapporte vu senge Sitzungen ëffentlech maachen, fir dass de Gemengerot seng Kontrollfunktioun him vis-à-vis kann ausüben.

Transparent Kommissiounssitzungen

Verschidde Gesetzer gesi vir, dass eng Gemeng Kommissioune muss hunn, fir iwwert verschidde politesch Sujeten ze diskutéieren (z.B. d‘Schoulkommissioun). Dës Kommissioune beschäftegen sech mat konkrete politeschen an administrative Projeten an dofir misst de Bierger och hei informéiert ginn, iwwert wat diskutéiert gëtt.

 D’Piraten wëllen,

  • dass all Kommissioune komplett ëffentlech ginn. Den Ordre du Jour an all déi zougehéireg Dokumenter mussen den Dag virdrun integral an online verëffentlecht ginn. D’Rapporte vun de Kommissiounssitzunge mussen online verëffentlecht ginn an de Vott an de Kommissioune soll nominativ ginn.
  • dass d‘Sitzungen och am Livestream gewise ginn.
  • dass d’Kommissioun, déi sech mat de Baugeneemegungen an der Gemeng beschäftegt, muss d’Informatioune kréien, wien de Bauhär a wien de Promoteur vun engem Projet ass, fir hir Kontrollfunktioun richteg kënnen ze notzen.

Méi Referenden op Gemengenniveau

D’Piraten sinn der Meenung, dass bei wichtegen Dossieren, Projeten oder grousse budgetäre Froe an enger Gemeng de Bierger:inne soll gefrot ginn a selwer matentscheeden.

D’Piraten géifen méi Matbestëmmung erlaben

  • andeems méi Biergerbegehren oder Referenden organiséiert ginn
  • andeems d’Reegele fir Referende opgelackert ginn: wa genuch Awunner:innen aus enger Gemeng eng Demande ënnerschreiwen, muss de Sujet op den Ordre du Jour vum Gemengerot kommen, a Präsenz vun den Demandeuren.

Participativ Budgeten

Beim participative Budget geet et dorëms, eng Méiglechkeet ze schafen, deen et de Bierger:innen, erlaabt e Wuert bei den ëffentlechen Ausgaben matzeschwätzen. Konkret gëtt ee Prozentsaz vum Gemengebudget fir de participative Budget zur Verfügung gestallt. Doropshin kënnen dann d’Awunner:innen an engem transparente Prozess doriwwer entscheeden, wou dës Moyenen sollen hifléissen. Net nëmme Bierger:innen sollen un deem Prozess deelhuelen, mee och lokal Betriber an Associatiounen. Bis ewell ginn et iwwer 4000 Stied a Gemengen an Europa, déi dës Form vu Biergerbedeelegung schonn implementéiert hunn.

Gemengefusiounen

D’Piraten stinn positiv géigeniwwer de Gemengefusiounen, well domadder Ressourcen besser kënnen agesat ginn an d’Fusiounsgemengen gréisser Projeten besser plangen kënnen. D’Decisioun fir eng Gemengefusioun muss awer vun de Bierger:innen kommen. Dofir ass et fir d’Piraten kloer, dass d’Entscheedung vun enger Fusioun muss iwwert ee Referendum vum Bierger getraff ginn.

Einfachen Zougang zu Dokumenter

Formulare mussen op der Gemeng ouni Barrièren ze kréie sinn a sollen an den 3 Amtssproochen um Internetsite vun der Gemeng zu all Moment fir d’Leit zougänglech sinn. D’Dokumenter sollen och vu Persoune mat visuellen oder auditive Beanträchtegunge kënne verstane ginn.

Transparenz bei Gemengesyndikater a Gemengebetrieber

All Organisatioun, an deenen eng Gemeng vertrueden ass, soll seng Rapporten, Dokumenter a Sitzungen genausou ëffentlech oppeleeën, wéi d’Gemeng et selwer mécht. Wann eng Gemeng mat private Betrieber op Projeten zesummeschafft, dann ass et kloer, dass dës Betrieber de Bierger:innen déngen, well ëmmerhinn goufen hei Steiergelder investéiert. D’Gemengesyndikater falen ënnert d’Gemengegesetz, mee an der Realitéit kréie weder de Public nach d’Oppositioun am Gemengerot Informatiounen, wat do diskutéiert an decidéiert gëtt. D’Piraten wëllen, dass d’Reegelen, déi bei der Gemeng gëllen, och vun de Gemengesyndikater agehale ginn.

Kommunikatioun an Informatioun

D’Website vun enger Gemeng soll d’Plaz sinn, wou Bierger:innen all d’Informatiounen zum Liewen an der Gemeng ka fannen, wou d‘Veräiner kënne Reklamm fir Eventer maachen a wou Informatiounen zum Liewen an der Gemeng gedeelt ginn. D’Website soll een Austausch mam Bierger an den Organisatiounen erméiglechen, zum Beispill iwwert d’Aféiere vun engem Formulaire oder ëffentleche Forum, wou d’Bierger:innen Problemer an der Gemeng kënne weiderginn.

Open Source fërderen

All Joer ginn d’Gemengen honnertdausenden Euro fir Computerlizenzen aus, obwuel et a ville Fäll méi gënschteg a gläichwäerteg Alternative ginn. Hei kéinte vill Sue gespuert ginn andeems een op Open Source Programmer setzt, bei deenen de Quelltext oppen ass an déi een deemno kann un d’Besoine vun der Verwaltung upassen. D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Gemengen op eng national Léisung fir Software mam Inneministère sollen hischaffen, aplaz iwwert ee Gemengesyndikat, wéi de SIGI.

Open Data

D’Gemenge mussen Donnéeën, déi mat Steiergelder bezuelt goufen, der Allgemengheet erëm zur Verfügung stellen. Virun allem geet et net duer, fir d’Dokumenter just anzescannen an als PDF op d’Website ze setzen (Beispill Gemengebudget), mee d’Donnéeë musse maschinneliesbar sinn, well nëmmen esou kann een onkomplizéiert Analyse maachen. D’Donnéeë sollen an oppener Form op data.public.lu bereet gestallt ginn.

Ëmwelt, Klima an Natur schützen

D’Zäite sinn eriwwer, an deene Politik op Käschte vum Klima, der Natur an der Déierewelt gemaach huet. Eis Gesellschaft dierf net weider op d’Käschte vun der Flora a Fauna liewen, mee eng nei Politik muss de Kader setzen, fir dass mer eng Wirtschaft schafen, déi an Harmonie mat de Ressource vun eisem Planéit lieft. D’Gemenge musse Verantwortung iwwerhuelen.

D‘Piraten setzen sech dofir an, dass d’Gemengepolitik d’Klima- an d‘Biodiversitéitskris unerkennt a Verantwortung fir d’Natur an Ëmwelt iwwerhëlt. All Gemeng muss säin ökologesche Foussofdrock identifizéieren an ee Plang mat Moossnamen opstellen, wéi een dësen an Zukunft reduzéiere wëll.

Dreck gehéiert an d’Poubelle, net op de Buedem!

Zigarettestëmp, Zigaren, Knätschgummi oder Kamellepabeier gehéieren net op de Buedem. Een eenzegen Zigarettestomp eleng ka potenziell ee Kubikmeter Waasser verseuchen.

D’Piraten wäerten sech dofir asetzen

  • dass an der Gemeng separat Opfaangbehälter fir Zigarettestëmp opgeriicht ginn (Mégo-Bacs), fir dass dës net an der Natur oder am Kullang landen.
  • dass an de Gemenge flächendeckend Poubellë do sinn, déi reegelméisseg eidel gemaach ginn. 
  • dass op ëffentleche Plaze méi Poubellë sinn, fir den Tri ze maachen (op mannst Plastik soll kënne getrennt ewechgeheit ginn).
  • dass Persounen, déi Dreck op de Buedem geheien, besser kontrolléiert a bestrooft ginn.

Bëscher schützen

Vill Gemengen hunn d’Chance, dass si flott Bëscher hunn, déi d‘Mënschen als Erhuelungsgebitt kënnen notzen, wat d’Liewensqualitéit an der Gemeng erhéicht. Gläichzäiteg ass de Bësch wichteg fir den Erhalt vun enger intakter Ëmwelt a brauch Rou. D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Bëscher geschützt ginn. Virun allem Natura2000-Zonë solle bäibehale bleiwen an net méi kënnen ëmklasséiert ginn. Tëschent Naturzonen a bebautenen Zone sollen ëmmer eng Pufferzone sinn, fir der Flora & Fauna op der Bëschgrenz hier Plaz ze loossen.

Manner Bëtong, méi Natur

D’Massiv Zoubetonéiere vun ëffentleche Plaze muss ophalen. De Verzicht op Bëtong schützt besser virun héijen Temperaturen am Summer a virun Iwwerschwemmungen. Grouss iwwerierdesch Parkinge solle mat Alternativen, wéi Kräsi, Rasengitter, Mulch oder Grouine bedeckt ginn, och wann dat e bësse mi Aarbecht mat sech bréngt fir den Entretien. Och d’Schoulhäff sollen erëm eng Plaz ginn, wou d’Kanner d’Natur kenneléieren a wou flott pedagogesch Projete kéinte realiséiert ginn.

Richteg Natur aplaz Zierpflanzen

D’Piraten wëlle richteg Natur aplaz d’Opstelle vun artifiziellen Zierpflanzen, isoléierte Stroossebeem a Blimmercher. D’Gäertnereie vun de Gemenge sollen dofir méi op Wildwuchs souwéi heemesch Planze setzen. Wildwuchs brauch manner Ënnerhalt, fërdert d’Biodiversitéit a kascht de Steierzueler am Endeffekt manner Geld.

Energieneutral Gemengen

D’Piraten wëlle laangfristeg all Gemeng energieneutral maachen. Dat heescht, dass eng Gemeng grad souvill Energie konsuméiert, wéi se och produzéiert. De Wee dohinner geet iwwert den Ausbau vun erneierbaren Energien. Erneierbar Energien sinn nämlech lokal Energien, déi der Gemeng a senge Bierger:innen zegutt kommen. Wou et méiglech ass, musse Gemengegebaier a Parkingen mat Photovoltaikanlagen a Wärmepompelen equipéiert ginn.

Solaranlagen massiv ausbauen

D’Bautereglementer an de Gemenge solle virgesinn, dass op all neit Haus eng Solaranlag op den Daach muss kommen. Bei bestoende Gebaier, déi sech eegnen, soll d’Gemeng d’Proprietären aktiv uschreiwen, fir um Programm deelzehuelen. D’administrativ Demarchë solle vun der Gemeng souwäit wéi méiglech iwwerholl ginn. 

D’Gemeng kann och d’Virfinanzéierung vun der Solaranlag iwwerhuelen, andeems d’Gemeng den Daach vum Gebai fir ee symboleschen Euro lount an de Prêt iwwert de Verkaf vum Stroum ofbezilt. Nodeems de Prêt ofbezuelt ass, geet d’Anlag an d’Hand vum Proprietär. 

Ouni Luetstatiounen keng E-Autoen

Nëmmen mat engem gudde Ladenetz maache mer d’Elektromobilitéit méi attraktiv fir d’Leit. D’Gemeng muss zesumme mam Staat dofir suergen, dass d’Stroumleitungen op deene Plazen opgerëscht ginn, fir flächendeckend an enger Gemeng Luetstatiounen kënnen opzestellen. Do, wou d’Leeschtung vum Netz net duergeet, soll iwwert separat Stroumproduktioun (zum Beispill Solaranlagen op de Parkingen) Luetstatiounen erméiglecht ginn.

Nei Weeër bei der Energieproduktioun goen

D’Piraten sinn oppe fir nei Technologië bei der Energieproduktioun, soulaang d’Energiequellen nohalteg sinn an illimitéiert kënne genotzt ginn, wat de Fall ass beim Wand, der Sonn oder dem Waasser. Laangfristeg profitéiere mer all dovunner, well dës Energien ouni Grenze kënne genotzt ginn ouni iergendwellech Offallprodukter ze hannerloossen.

D’Piraten si bereet, fir nei Weeër ze goen. All méiglech Energiequell sollt genotzt ginn, fir d’Energieproduktioun esou effizient wéi méiglech ze maachen. Nieft klassesche Wandrieder kann een och Energie aus Wand hierstellen, andeems d’Gemengen op vill befuerene Stroossen méi kleng Wandhelixen oder vertikal Wandenergieanlagen opstellen (Satonius-Rotoren). Dës vertikal Wandanlage kënnen ouni Rotorblieder Stroum hierstellen an eegnen sech super fir an de Stied Energie hierzestellen oder um Land, wou se keng Gefor fir d’Villercher duerstellen.

Fir d’Energie aus dem Waasser ze notzen, kann een och op d’Kanéil vun de Kläranlagen zeréckgräifen, wann den Debit hei grouss genuch ass. Och d’Geothermie, also d’Gewënnung vu Wäermt aus méi déiwe Buedemschichten, soll do, wou et geet, genotzt a gefërdert ginn. 

Waasser intelligent notzen

Waasser ass eng iwwerliewenswichteg Ressource an dofir musse mer spuersam mam Waasser ëmgoen. An eisen Ae sollt beim Waasserpräis méi d’Notzung verrechent ginn (part variable) wéi op d’Partie fixe. Dat aus deem ganz einfache Grond, dass een, dee méi Waasser verbraucht, och méi soll bezuelen. An ëffentleche Gebaier vun der Gemeng soll d’Reewaasser opgefaangen a genotzt ginn. Op ëffentleche Plaze kënne Reewaasserbehälter opgestallt ginn, déi am Summer bei Dréchente genotzt kënne ginn, fir d’Planzen an der Gemeng ze netzen.

Flott Spillplazen am Respekt mat der Natur

Eis Kanner brauche Plazen, wou se kloteren a spille kënnen. Spillplaze kënnen a Kombinatioun mat der Natur opgebaut ginn a sollten ee Choix u Spiller hunn fir kleng Kanner, Puppelcher an och Kanner mat Handicap. Waasserspiller sollten haaptsächlech mat opgesammeltem Reewaasser funktionéieren an net mat Drénkwaasser. Net wäit vun all Spillplaz oder ëffentlecher Sportplaz sollt ee Waasserspender sinn, bei deem d’Kanner an hir Begleeder sech hydratéiere kënnen.

Infrastrukturen an ëffentlecher Hand

Grondleeënd Infrastrukturen a Servicer, wéi zum Beispill

  • d’Réier fir Drénkwaasser,
  • Ofwaasser a Reewaasser,
  • Leitunge fir d’Elektresch, Telekommunikatioun a Fernwärme,
  • d‘Stroossenetz
  • an d’Gestioun vum Offall a Recycling

wäerte mat de Piraten net privatiséiert ginn, mee an der Hand vum Staat, de Gemengen oder de Gemengesyndikater bleiwen. Domadder gëtt garantéiert, dass d’Infrastrukture laangfristëg dem ëffentlechen Interessi déngen.

D’Liewensqualitéit an eise Gemengen stäerken

D’Piraten wëllen d’Duerfliewe a d’Zesummegehöregkeetsgefill an eisen Uertschaften a Quartieren stäerken. Dofir muss séchergestallt ginn, dass sou vill Mënschen wéi méiglech um Liewen an der Gemeng kënnen deelhuelen. D’Gemeng muss dofir déi néideg Servicer an Infrastrukturen bereet stellen.

Wat d’Gemeng bezilt, muss jidderengem zegutt kommen

Ëffentlech Sportplazen a Gebaier, déi mat Steiersue finanzéiert ginn, mussen och der Ëffentlechkeet zur Verfügung stoen an net nëmmen e puer auserwielte Veräiner. Eng Gemeng, déi engem Futtballveräin d’Tribüne oder d’Buvette matfinanzéiert, muss garantéieren, dass dës Infrastruktur och vun anere Veräiner oder Bierger ka reservéiert ginn. D’Gemeng kéint esou vill méi Infrastrukture bereetstellen, fir dass d‘Leit sech versammele kënnen.

Lokal Veräiner ënnerstëtzen

Lokal Veräiner sinn d’Séil vun enger Gemeng. Hei kommen déi verschiddenst Leit zesummen, fir zesummen eng flott Zäit mateneen ze verbréngen oder fir hire Matmënschen ze hëllefen. All Gemeng muss seng Veräiner ënnerstëtzen, och finanziell. D’Subsiden un d’Veräiner sollen no faire Krittäre verdeelt ginn.

Méi Eventer

Gréisser Gemenge sollen e puer Mol am Joer a grad iwwert d’Summerméint Fester a Braderien zesumme mat de lokale Geschäftsleit an de Veräiner organiséieren. Och sollen d’Stroossen genotzt ginn, fir temporär Terrassen oder Verkafsstänn hei zouzeloossen a soumadder der lokaler Geschäftswelt an dem Duerfliewen méi Plaz op eise Stroossen ze ginn.

Eng Gemeng am Service vum Bierger

Et muss fir d’Awunner méiglech sinn, hir Demarchen op der Gemeng och ausserhalb vun den traditionelle Bürosstonnen ze maachen, soudass d’Leit sech net extra musse Congé huelen, fir eng Demarche ze maachen. Entweder andeems een d’Ëffnungszäite vun de Büroen op de Gemenge méi flexibiliséiert oder andeems een d’Demarchen, esou wäit et geet, op digitalem Wee ubitt.

Historesch Gebaier mat Liewe fëllen

Historesch Gebaier gehéieren zum Stadbild vun enger Gemeng an erziele vill iwwert d’Geschicht vun enger Uertschaft. Gebaier, wéi zum Beispill Garen, déi net méi genotzt ginn, sollten net eidel stoen, mee erëm mat Liewe gefëllt ginn, andeems een se renovéiert, fir dass hei Gemengeservicer, Veräiner oder Geschäfter kënne Plaz huelen.

Besser Integratioun vun neie Matbierger

Nei Matbierger sollen aktiv an d’Gemengeliewe mat agebonne ginn. Eng Iddi ass et, fir ee Mol am Joer ee Wëllkommensdag fir all déi nei Bierger ze maachen. Och sollen d’Leit bei der Aschreiwung an der Gemeng direkt informéiert ginn, dass si sech fir d’Gemengewale kënnen aschreiwen.

Sproochecoursë fir jiddereen

Ech ka mech besser an enger Gemeng abréngen, wann ech d’Sprooch beherrschen. Wat méi Bierger d’Sprooch schwätzen, wat méi Leit sech austausche kënnen an och besser matenee liewen. All gréisser Gemeng muss dofir Lëtzebuergesch-Coursen ubidden, fir eisen net-lëtzebuergesche Matbierger d’Méiglechkeet ze ginn sech an eise Gemenge besser kënnen anzebréngen.

E Biergerbeobtragte fir all Uertschaft a Quartier

De Biergerbeobtragte soll d‘Vertrauenspersoun vun den Awunner an enger Uertschaft sinn. Hie soll aktiv déi nei Bewunner begréissen an hinnen d’Infrastrukturen an d’Zesummeliewen an der Gemeng (wien, wat, wou, wéini) erklären. Als joviale Mënsch, deen all Bierger am Quartier kennt, soll hin och als Mediateur bei klenge Meenungsverschiddenheeten déngen an esou d’Zesummeliewen am Quartier méi angeneem a liewenswäert gestalten.

Integrationsdelegéierten

All Gemeng sollt an engem Service oder am Gemengerot mindestens eng Persoun ernennen, déi als Integrationsdelegéierte schafft. Déi Persoun soll d’Sensibiliséierung a Formatioune vun de Gemengebeamten a Punkto Zesummeliewen iwwerhuelen.

Handicap-Delegéierten

All Gemeng sollt an engem Service oder am Gemengerot mindestens eng Persoun ernennen, déi als Delegéierten fir Persounen mat engem Handicap schafft. Déi Persoun soll d’Sensibiliséierung a Formatioune vun de Gemengebeamten a Punkto Zesummeliewen iwwerhuelen.

Accessibel Servicer fir den drëtten Alter a Leit mat Handicap

D’Digitaliséierung ass net fir all Mënschen ee Kannerspill. D’Piraten setzen op d’digital Inclusioun a wëllen all d’Leit mat an d’Boot huelen, fir dass och si vun de Virdeeler vum Internet kënne profitéieren. Dat geschitt awer net vun haut op muer an dofir muss un déi Leit geduecht ginn, déi net vum Internet profitéiere kënnen. Ëmmer méi Post- a Bankguichete maachen zou a verschidde Leit ginn esou am Ree stoen gelooss.

D’Gemeng soll hei agräifen, andeems ee mam Privatsecteur zesumme kuckt, fir Servicer opzebauen, wou d’Leit physesch hi kënne goen. Eng Iddi ass d’Organisatioun vun engem mobille Guichet, deen all Dag eng aner Uertschaft ufiert an op enger zentraler Plaz steet a wou d’Leit dann eng physesch Uspriechpersoun virfannen.

Boergeld bäibehalen
D’Piraten bleiwe fir d’Bäibehale vum Boergeld als anonym Bezuelmethod. D’Gemengeservicer mussen d’Méiglechkeet bäibehalen, dass ee Rechnungen an Taxen och mat Boergeld am Guichet vun der Gemeng ka bezuelen.

Internet fir jiddereen an iwwerall (Free-WIFI)

D’Piraten setzen sech dofir an, dass op ëffentleche Plazen a Gebaier ee gratis Wifi fir d’Awunner : innen verfügbar ass.

Gutt wunnen a gutt liewen

D‘Pirate fuerdere bei all neiem Quartier, dass op ee e Mix tëscht Wunnen, Schaffen a Liewen opgepasst gëtt. Nei Wunngebaier a Residencë solle multifunktionell sinn an direkt mat Crèchen, Dokteschcabineten, Geschäfter oder Büroen equipéiert sinn. All neie Quartier soll ee klengen, naturnoe Park kréien, wou d’Kanner sech austoben an déi Erwuessen een Treffpunkt hunn.

Gemengen europäesch denken

Gemengen, déi op de Grenze vun eisem Land sinn, sollen zesumme mat hire Nopeschgemengen am Ausland op Projeten zesummeschaffen, sief et am Transport, am Wunnengsbau oder fir ëffentlech Infrastrukturen ze bauen, déi den Awunner vu béide Gemengen zur Verfügung stinn.

Eng Gemeng, déi zum Beispill keng Plaz huet fir eng nei Sportshal, kéint mat hirer Nopeschgemeng kucken, ob déi Sportshal net kéint niewendru gebaut a mat finanzéiert ginn. Dës Projete kënnen iwwert gemeinsam Fonge realiséiert ginn. 

Mat esou Projete stäerke mer den europäeschen Zesummenhalt an der Groussregioun. Mat den aktuelle Baupräisser kéint dës fir déi lëtzebuergesch Gemengen eventuell souguer méi bëlleg ginn, wéi hei am Land ze bauen. Laangfristeg kéinten esou och déi lafend Käschte vun der Infrastruktur gedeelt ginn an d’Verbindungen an d’Bezéiunge mat eisen Noperen an der Groussregioun verbesseren.

Wunnen zu Lëtzebuerg méiglech maachen

D’Wunnengskris kann net eleng vum Staat geléist ginn, mee och d’Gemenge mussen alles dofir maachen, fir hiren Awunner ze hëllefen, weider an hirer Heemecht kënnen ze liewen. D’Gemengen mussen sech an Zukunft nach méi asetzen, fir hire Bierger:innen een Daach iwwert dem Kapp kënnen unzebidden.

D’Gemenge musse méi Wunnrau schafen (10€/m2)

D’Gemenge musse selwer vill méi aktiv um Wunnmarché ginn, andeems se hier Baulandreserve mobiliséieren, viabiliséieren an och bebauen. Déi Gemengen, déi ee finanzielle Spillraum hunn, solle Bauterrainen zesumme mam Logementsministère selwer opkafen, fir Wunnengen drop ze bauen oder bauen ze loossen.

D‘Wunnengen bleiwen an ëffentlecher Hand

All Wunneng, déi der Gemeng gehéiert, dierf net méi aus dem Besëtz raus! All Gemengenterrain muss genotzt ginn, fir sozialen oder erschwéngleche Wunnraum ze schafen. Entweder d’Gemeng verlount d’Wunneng selwer mat der Optioun vum Mietkauf oder d’Wunneng gëtt iwwert eng Organisatioun (Gestion locative sociale) verlount. Falls Wunnengen verkaf ginn, muss d‘Gemeng sech, ouni Ausnamen, ee Virkafsrecht op déi Wunnengen sécheren.

Ëffentlech Wunnengen no klore Krittäre verlounen a verkafen

Mir hunn ee Mangel u Wunnengen an et ass kloer, dass op kuerz Zäit net genuch Wunnenge kënne gebaut ginn, fir déi aktuell Nofro ze bedingen. Wunnenge sinn ee seelent Gutt an dofir musse bei der Vergab vun ëffentleche Wunnenge Prioritéiten opgestallt ginn. Dofir soll een transparente Punktesystem opgestallt ginn, bei deem Residenten, Ex-Residenten souwéi aktiv schaffend Leit bei Gemengen-Projeten d’Prioritéit kréien.

Beispill : bei enger Ausschreiwung sollen d’Joren gekuckt ginn, déi eng Persoun an enger Gemeng gewunnt a geschafft huet oder do an d’Schoul gaangen ass. Bei Gläichstand tëschent de Kandidate sollen aner Krittären (Kanner, Benevolat an der Gemeng, Akommes, etc.) gekuckt ginn.

Mietkauf erméiglechen

D’Piraten wëllen, dass souvill Leit wéi méiglech eng eege Wunneng kënne kafen, fir sech iwwert d’Zäit ee Kapital kënnen unzespueren. D’Gemenge kënnen heifir d’Optioun vum Mietkauf ubidden.

  1. Beim Ënnerschreiwe vum Mietkontrakt tëschent der Gemeng an dem Locataire gëtt de Wäert vun der Immobilie am Kontrakt festgehalen.
  2. All Mount, deen ee Locataire esou als Loyer bezilt, kritt e gutt geschriwwen.
  3. Wann de Locataire d’Wunneng kafe wëll, bezilt en de Wäert vun der Wunneng minus dat, wat e schonn als Loyer ubezuelt huet.
  4. D’Gemeng behält natierlech och hei d’Virkafsrecht op der Wunneng.

Sozial Wunnengen

Wunnen ass ee Grondbedierfnis, mat deem ee Liewen steet oder fält. Eng Wunneng ass eng Méiglechkeet fir d’Leit, sech ee stabilt Ëmfeld opzebauen. Hëllef gëtt genuch gebraucht: Obdachloser, Mënschen déi der Gewalt entkomme wëllen, Leit op der Flucht oder och Leit déi hire Strofvollzuch ofgesat hunn brauchen all eng Chance op een Neistart an hirem Liewen. D’Gemenge mussen dofir bei all gréisserem Wunnprojet mindestens eng Wunnunitéit fir Sozialwunnenge virgesinn, fir dëse Mënschen ze hëllefen.

Wunnengen & Infrastrukturen zesumme plangen

All Gemeng soll fir hiren Territoire een 10-Joresplang fir de Wunnengsbau an der Gemeng ausschaffen, bei deem nieft de Wunnengen och gekuckt gëtt, wéi eng Infrastrukture fir d’Leit gebraucht ginn. Wann an engem neie Quartier 100 Persoune wunne sollen, da muss och Plaz reservéiert ginn, fir Praxisse fir Dokteren, Crèchen, Butteker oder Büroen. A Propos Büroen: d‘Gemenge sollen déi Bürosflächen ausfënneg maachen, an déi ee potenziell erëm kéint Wunnenge setzen.

Virkafsrecht konsequent notzen

Déi aktuell Gesetzgebung gesäit vir, dass d’Gemengen sech ee Virkafsrecht kënne sécheren, soubal een Terrain oder eng Immobilie verkaf gëtt an am Interessi vun der Ëffentlechkeet ass. D’Piraten wäerten d’Optioun vum Virkafsrecht notzen, wann domadder grouss Projete fir méi ëffentleche Wunnraum oder wichteg Infrastrukturen (Policebüro, Dokteschcabineten, Crèchen, Schoulen, etc.) kënne gemaach ginn.

Nei Wunnformen erméiglechen

D’Bautereglementer an de Gemenge mussen un den aktuelle Stand vun der Technologie ugepasst ginn an nei Bauformen erlaben. Nei Formen vun energeetescher Renovatiounen (zum Beispill duerch d’Vergréisserung vun der Aussenhüll vun engem Gebai) mussen erlaabt ginn. D’Piraten sinn oppe sinn fir all nei Wunnformen, Technologien a Locatiounsmodeller, wann se technesch realiséierbar sinn an op der Plaz Sënn maachen. Beispiller : Tiny Houses, Tiny Appartementer, Modulär Bauen, etc. Do wou et Sënn mécht a virun allem bei neie Quartiere sollt och méi an d’Héicht gebaut ginn.

Prekäert Wunnen net toleréieren

Och wann all Léisung zielt, esou dierfe mer net zouloossen, dass d’Mënschen a prisongsähnleche Konditiounen liewen. D’Gemengen mussen fir ee Minimum u Liewensqualitéit bei de Wunnenge suergen. Dëst beinhalt d’Plaz pro Persoun, natierlecht Liicht an een Accès op funktionéierend Infrastrukturen a Servicer.

Keng Luxusvillaen, mee méi moderat Haiser fir jiddereen

All Bauterrain muss effikass genotzt ginn, fir méi Wunnunitéit kënnen ze bauen, fir dass méi Mënschen eppes vum Bauland hunn. Dofir mussen d’Densitéiten am Flächebenotzungsplang (PAG) iwwerschafft ginn, soudass op verschiddene Plaze méi dicht gebaut gëtt. All Gemeng sollt eng Mindestzuel u Wunnenge pro Terrain virgesinn a prinzipiell solle keng Terraine fir Villae méi genotzt ginn.

Perimetererweiderunge verhënneren

Et ginn am Land genuch Bauflächen, déi als éischt solle mobiliséiert ginn, éier mer an d’Naturreserve buddele ginn. Perimetererweiderunge kënne mer nëmmen dann zoustëmmen, wa keng aner Terraine méi an der Gemeng disponibel sinn. Bei Perimetererweiderunge mussen d‘Terrainen zum Groussdeel fir erschwéngleche Wunnraum genotzt ginn. De Rescht vun den Terraine soll fir d’Noversuergung a Servicer genotzt ginn.

Eng gesond lokal Ekonomie opbauen

D’Gemeng ass ee responsabele Konsument

D’Gemenge musse selwer mam gudde Beispill virgoe beim Akaf vu Liewensmëttel, Gedrénks a Material fir hier Servicer a Strukturen (zum Beispill an de Maisons Relaisen). D’Gemeng soll do, wou Steiergelder benotzt ginn a wou et méiglech ass, Produkter kafen, déi biologesch, regional, saisonal a fair hiergestallt ginn. D’Gemeng ka beim Akaf op Labelen, wéi Fairtrade oder d’EU-BIO-Sigel, zeréckgräifen.

Noversuergung an den Dierfer sécherstellen

D’Gemengen, déi d’finanziell Méiglechkeeten hunn, sollen an den Uertschaften, wou d’Noversuergung iwwert de private Maart net present ass, selwer aktiv ginn an nohalteg Geschäfter (Secondhand-Shops, Sozial Epicerien, Cent Butteker etc.) opbauen oder bedreiwen. D’Gemeng muss mol dofir net selwer Immobilière spillen a Fläche verlounen, mee si ka käschtegënschteg mobil Butteker a kleng Verkafsstänn erlaben oder selwer opstellen, wou och de lokale Bauerenhaff oder Gäertner hir Produkter kënnen ubidden.

Industriezone fir regionaalt Handwierk a Produkter 

Industrie an Handwierk si wichteg fir d’wirtschaftlech Entwécklung vum Land, mee alles mat Limitten. D’Gemenge sollte keng Aktivitéiten unzéien, déi net sënnvoll op engem Standuert sinn, well se ze vill Knascht, Trafic oder Kaméidi produzéieren. D’Gemenge solle léiwer op d’Approche setzen, fir regional mat anere Gemengen an Aktivitéitszonen zesummenzeschaffen an sech d’Recetten ze deelen.

Shared Hubs

All Gemeng kann seng geografesch Situatioun notzen, fir déi richteg Aktivitéiten op hirem Territoire unzesidelen. Zum Beispill kënnen d’Gemenge méi Gemeinschaftsbüroen (Shared Hubs) bauen, fir dass d’Awunner an d‘Frontalieren net bis an d’Stad op d’Aarbecht pendele mussen. Doduerch kéint Trafic verhënnert an et de lokalen Handel an der Gemeng gestäerkt ginn, well da méi Leit op der Plaz konsuméieren.

Eng Landwirtschaft viru menger Dier

D’Piraten wëllen, dass d’Landwirtschaft erëm méi no bei d’Leit kënnt. Virun allem beim Ubau vun Uebst, Geméis a Leguminose ginn et vill Méiglechkeeten, wéi zum Beispill d‘Fërderung vu Gemeinschaftsgäert a Bongerten an de Gemengen. D’Gemeng kann och Friichtebeem (Äppel, Bieren) an de Parke planzen.

Responsabel Finanzen

D‘Piraten setzen op eng verantwortungsvoll Budgetspolitik an d’Gemengeresponsabel musse mat deene Sue schaffen, déi do sinn. D’Gemeng soll op Scholde verzichten, ausser et handelt sech ëm Infrastrukturen, déi laangfristeg der Allgemengheet zegutt kommen an nohalteg sinn. Fir Prestige-Monumenter sollte keng Scholden opgeholl ginn.

D‘wirtschaftlech Aktivitéite vun der Gemeng reduzéieren

Eng Gemeng ass keng Firma a sollt dem Privatmarché keng Konkurrenz maachen, wann et net dem ëffentlechen Interessi déngt. D’Ausgabe vun der Gemeng sollen d‘Problemer vun de Bierger léisen, déi net iwwert de fräie Marché kënne geléist ginn. D’Gemeng soll prioritär do agräifen, wou de fräie Marché versot an d‘Leit am Reen stoe léisst, wéi zum Beispill am Logement oder bei grondleeënden Infrastrukturen a Servicer.

Eng gesond Approche zum Wuesstem

Quantitative Wirtschaftswuesstem bréngt méi Akommes an och méi Steierrecettë fir d’Gemeng, mee op der anerer Säit fuerdert de Wuesstem oft och méi Personal, bréngt méi Trafic op eis Stroossen a verschäerft d’Situatioun um Wunnmarché. D’Gemenge sollen dofir eng gesond Approche zum Wirtschaftswuesstem entwéckelen an Infrastrukturprojeten an hire Gemengen an eng ganzheetlecher a gemengeniwwergräifender Approche ugoen.

Mobilitéit vun de Leit verbesseren

Autofräi Quartieren a Shared Spaces ausbauen 

Fir d’Liewensqualitéit an den existéierende Wunnquartiere weider ze verbesseren, proposéiere mir d‘Trottoiren an de Quartiere lues a lues ofzeschafen an aus de Quartiere richteg „Shared Spaces“ ze maachen, wou sech all Notzer d‘Surface deelen. Dëst géif eis Quartieren optesch opwäerten an och d‘Vëlofueren oder mat der Kutsch spadséiere vereinfachen an erlaabt et, dass d’Leit sech erëm méi an de Stroosse kënnen ophalen an d’Kanner erëm, wéi fréier, op der Strooss spille kënnen.

Fir méiglechst vill Autoen aus de Stroossen ze kréien, soll bei all neiem Wunnprojet an engem bestoende Quartier mindestens eng Parkplaz pro Stot innerhalb vum Wunngebai virgesi sinn an dëse Parking muss och un d‘Wunnunitéit affektéiert sinn, fir dass d’Awunner en notze kënnen. Nei Quartiere sollten esou opgebaut sinn, dass een och ze Fouss schnell vun A op B kënnt.

Den ëffentlechen Transport ausbauen

D’Offer vum ëffentlechen Transport (CFL, RGTR, Tram) variéiert jee nodeems, wou een hei am Land wunnt. D’Gemenge kënnen hiren Deel dozou bäidroen, d’Offer ze verbesseren. Fir Ressourcen ze spueren, sollten d’Gemengen sech zesummendoen an, nom Beispill vum TICE, interkommunal oder interkantonal Buslinnen opstellen, déi d’Offer an de Gemengen zousätzlech zum RGTR ze komplettéieren. Busarrête mussen Handicap-gerecht gebaut sinn an do, wou et méiglech ass, op mannst iwwerdaacht sinn, fir d’Leit net am Reen stoen ze loossen.

Schoultransport ouni Ofgaser

De Schoultransport gëtt vun de Gemengen organiséiert. Jee no Gemeng fueren hei vill Busser zu de Spëtzestonnen. Fir d’CO2-Bilanz an d’Ofgaser ze reduzéieren, wëlle mir, dass d’Gemengen op klimaneutral Elektro-Busser setzen.

Vëlofueren an Trëppele méi angeneem gestalten

Wie sech mam Vëlo an och ze Fouss fortbeweege wëll, soll dofir belount ginn an deementspriechend gutt Infrastrukturen a Mobilitéits-Offere virfannen. D’Gemeng kann zum Beispill an all Quartier ee Pedisbus promouvéieren a subventionéieren, fir de Kanner an Elteren de Schoulwee z’erliichteren. Trottoirë solle propper an intakt gehale ginn, och a Niewestroossen. Donieft brauch et richteg Vëlospisten op den Haaptachsen, ofgetrennt vum Autosverkéier. Amplaz op nëmme Strécher op d’Strooss ze molen an dës Deeler als Vëloswee ze klasséieren, fuerdere mir richteg Vëlosweeër, déi de Vëlosfuerer ee Mehrwäert ginn. A Residencë sollt och ëmmer e Kutschen- a Vëlosparking mat ageplangt an ëmgesat ginn, fir souwuel jonk Familljen, wéi och Vëlosfuerer, eng Plaz fir hiert Transportmëttel ze ginn.

Club Bus Service

Vill Mënschen engagéieren sech a Veräiner an hirer Gemeng. Allerdéngs sinn dës Persounen oft op een Auto oder ee gudden ëffentlechen Transport ugewisen, fir zu enger gewëssener Auerzäit vun A op B ze kommen. Virun allem déi jonk an eeler Matbierger hu kee Führerschäin (méi). Wann d’Elteren awer net do sinn, ass et fir jonk Leit schwéier, op den Training ze fueren. Wa kee vun der Famill oder aus dem Frëndeskrees disponibel ass, kënnen och eeler Matbierger net op d’Treffen. D’Gemenge sollen dofir mat de Veräiner um Territoire, mee och zesumme mat Nopeschgemengen, een Club Bus Service fir d’Veräiner opstellen, op dee Persounen kënnen zeréckgräifen, wa si keng uerdentlech Ubannung un den ëffentlechen Transport hunn oder zu spéiden Auerzäiten musse fueren (änlech wéi den Night Rider). Fir Abus’en ze verhënneren, misst de Veräin seng Memberen just ee Mol am Joer beim Club Bus mellen.

Barrièrefräi Mobilitéit garantéieren

Ëffentlech Gebaier a Plaze musse behënnertegerecht gebaut sinn. D’Zil muss et sinn, dass all Persoun sech eegestänneg an enger Gemeng ka beweegen. D’Gemenge sollen an engem Service, dee sech och ëm den Urbanismus vun der Gemeng këmmert, eng Ulafstell hunn wou Plaintë vun de Bierger kënnen opgeholl ginn.

Sécherheet an eise Gemengen erhéijen

Méi Policepresenz

D’Piraten schwätzen sech kloer fir méi Policepresenz an de Gemengen aus. A Problem-Quartiere solle Police-Patrullen an och Gemengebeamte reegelméisseg patrulléieren a fir Uerdnung a Sécherheet suergen. A gréissere Gemenge fuerdere mer d’Presenz vun engem Police-Kommissariat, dee 24/7 fir d’Bierger besat ass.

Keng privat Police

D’Piraten schwätzen sech kloer dogéint aus, dass privat Sécherheetsfirmen sech ëm d’Sécherheet am ëffentleche Raum këmmere sollen. Dat ass ganz kloer eng Aufgab vun der Police an de Gemengebeamten.

Präventioun: méi Street Worker

Et dierf ee Mënschen, déi op der Strooss liewen, net all an een Dëppe geheien. Et muss ee kloer differenzéieren tëschent Mënsche mat kriminellen Absichten a Mënschen, déi et aus eegener Kraaft einfach net vun der Strooss packen. Keen dierf wéinst senger sozialer Situatioun verurteelt ginn a grad dëse Leit muss eis Gesellschaft Perspektive bidden! Eng Gesellschaft ass nëmmen esou staark wéi säi schwächste Glidd. D’Piraten setzen dofir op den Asaz vun Hëllefsorganisatiounen a Street Worker, déi fir d‘Leit op der Strooss do sinn an den éischte Schrëtt sinn, fir hinne vun der Strooss ze hëllefen. D’Gemenge kënnen sech d’Streetworker souguer zur Hallschent vum Staat finanzéiere loossen an dat och maachen. 

Gemengebeamten stäerken

D‘Piraten mengen net, dass d’Aféierung vun enger sougenannter „Kommunalpolice“ de richtege Wee ass, dee fir méi Sécherheet an eise Gemenge suergt. D’Gendarmerie gouf viru Joerzéngten ofgeschaf, firwat also erëm ee Waasserkapp u Verwaltunge schafen? Déi besser Alternativ ass et, d’Police an d’Gemengebeamten esou opzestellen, dass sech un d’Gesetzer gehale gëtt. D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Gemengebeamten hir Kompetenze voll ausnotzen a Presenz weisen, fir dass sech un d’Gesetzer an d’Reglementer gehale gëtt.

Videoiwwerwaachung ass keen Zaubermëttel

D’Piraten si fir eng realistesch Bekämpfung vun der Kriminalitéit. Dat bedeit méi Präventiouns- an Opklärungsaarbecht mat Polizisten um Terrain. Eng flächendeckend Videoiwwerwaachung leene mer of. D’Kameraen an d’Informatik kaschte vill Geld, beschränken d’Privatsphär vun den éierleche Leit an notzen an deene wéinegste Fäll, fir Quartiere méi sécher ze maachen.

Baulech Moossnahmen fir ee bessert Sécherheetsgefill

D’Gemeng kann op Plazen, déi onheemlech sinn, iwwert d’Gestaltung vun der Ëmgéigend fir ee bessert Sécherheetsgefill suergen. Heiansdo hëlleft déi richteg Beliichtung, heiansdo ass et d’Vergréisserung vum Trottoir oder d’Opmaache vun engem klenge Commerce an eidelen Zonen, dee fir eng Verbesserung suergt. Hei soll d’Gemeng zesumme mat de Bierger:innen déi Plazen identifizéieren, déi baulech kënne verbessert ginn.

Méi Sécherheet op eise Stroossen

Do, wou d’Gemeng d’Soen huet, soll se fir eng besser Stroossesécherheet fir d’Foussgänger, d’Vëlosfuerer an d’Automobiliste suergen. Wou et méiglech ass, soll d’Tempolimitt an den Uertschaften op 20 bis 40 km/h limitéiert ginn, Zebrasträifen gutt siichtbar a beliicht sinn an rout Luuchten opgestallt ginn, wou d’Leit oft iwwert d’Strooss trëppelen. Ronderëm Plazen, wou vill Kanner ënnerwee sinn (Schoulen, Spillplazen, Maisons Relaisen, etc.) soll een Tempo 20 gëllen, wat een duerch baulech Methoden och duerchsetze soll.

Technik notzen fir méi Stroossesécherheet

Och technesch Hëllefsmëttel wéi z.B. Assistenzsystemer an den Autoen, si wichteg, wann et dorëms geet, fir d’Sécherheet am Alldag ze verbesseren. Domat technesch Hëllefsmëttel funktionéieren, muss séchergestallt ginn, dass d’Verkéiersschëlder an d’Spueren, déi de Systemer oft als Orientéierung déngen, kloer gekennzeechent a fir d’ Systemer erkennbar sinn. Eng kloer Kennzeechnung erlaabt och ee besseren Asaz vun autonom fuerende Busser an Autoen.

Déiereschutz an eise Gemengen héich halen

Opklärung an Informatioun géint Déierequälerei

D’Gemeng kann duerch seng Informatiounspolitik aktiv géint d’Déierequälerei virgoen. Fir en Ëmdenken am Déiereschutz ze bewierken, kann och eng Gemeng Opklärungscampagnen organiséieren, zum Beispill beim Thema Ernierung. D’Gemeng soll eng equilibréiert a gesond Ernierung fërderen a kann zum Beispill op Eventer duerch geziilt Aktioune saisonal, regional, vegetaresch oder vegan Alternative promouvéieren. D’Gemeng kann och, zesumme mat de lokale Baueren, de Leit de Wäert vun enger gudder Véizuucht méi no bréngen.

Fir eng modern & ethesch korrekt Juegd

D’Piraten si géint d’Klappjuegd a wëllen d’Juegd hei am Land am grousse Ganzen aneschters a méi am Respekt mam Wëlldéier ugoen. Dobäi sollen alternativ Juegdmethoden zum Asaz kommen. D’Gemeng kann op deene Grondstécker, op deene si Proprietär ass, d’Juegdlouse selwer iwwerhuelen, professionell Jeeër op dëse Plazen asetzen an op Klappjuegte verzichten. D’Gemeng kann nom Juegdgesetz souguer ee Juegdverbuet op dësen Terrainen duerchsetzen.

Eng Plaz fir eis Muppen an der Gemeng

Vill Déierenasyler hei am Land si voll mat Muppen a Kazen. Dës Déiere waarden all Dag op hir Chance, fir adoptéiert ze ginn. Aplaz Déiere bei Déierenziichter ze kafen, sollt een deenen Déieren hëllefen, déi an engem Asyl sinn. D’Gemeng soll déi Mënschen, déi een Hausdéier adoptéieren an domadder eng grouss Verantwortung op sech huelen, mat enger Primm belounen. Doriwwer eraus sollen op Plazen, wou net vill Bëscher oder Wise sinn, méi Muppentoiletten opgeriicht ginn, zemools bei Spillplazen, Kierfechter a Wunnvéierelen. D’Piraten ënnerstëtzen iwwerdeems d’Schafung vun Déierekierfechter. 

Sammelstatiounen a Plaze fir Wëlldéieren

All Déier a Nout muss gehollef kënne kréien. Dofir wier et wichteg, dass d’Déierenopfaangstatiounen, d’Déierenasyler an och déi unerkannten Déiereschutzveräiner an eisem Land korrekt equipéiert sinn. D’Gemenge sollen sech pro Regioun zesummendoen, fir d’Käschte vun den Déierestatiounen ze deelen.

Obligatoreschen Chip fir Hënn a Kazen

All Hond an all Kaz mussen identifizéierbar sinn an dofir gechippt ginn. An all Gemeng muss dofir och eng Ulafstell existéieren, wou een Chipliesegerät ze fannen ass, fir d’Besëtzer vu verluerenen Hausdéieren ausfënneg kënnen ze maachen.

D‘Steriliséierung vu Kazen a Muppe soll vun der Gemeng ënnerstëtzt ginn

Et ass am Interessi vun Déier a Mënsch, dass mer d’Déiere steriliséieren, fir net ze vill Nowuess ze hunn, ëm déi sech herno kee këmmert. D‘Gemeng huet een Interessi drun, dass Hausdéieren sech net onkontrolléiert fortplanzen. Fir déi Leit, déi sech eng Steriliséierung net leeschte kënnen, soll d’Gemeng d’Käschte vun der Sterilisatioun iwwerhuelen.

Keng Déieren am Zirkus

D‘Piraten refuséieren Haltung, Dressur an d‘Präsentatioun vu wëllen Déieren am Zirkus grondsätzlech. Et gëtt, ausser der mënschlecher Kuriositéit, kee Gronn, fir wëll Déieren aus hirem Habitat ze rappen an onnatierlech Presentatiounen ënnert Stress iwwert sech mussen ergoen ze loossen. Mir fuerderen dofir e konsequent Verbuet vu wëllen Déieren an Zirkussen. D’Gemeng soll op sengem Territoire keen Zirkus erlaben, wann den Déiereschutz net garantéiert ass.

Eng respektvoll Fëscherei

D’Pirate setzen sech fir nohalteg Fëschermethoden an. An de Gemengen, wou een a Flëss, Baachen, Séien a Weiere ka fëschen, soll d’Gemeng ee Fëscherschäin aféieren, fir d’Wëlderen ze verhënneren an eng gewësse Kontroll iwwer d’Fëscheraktivitéiten ze hunn. D’Gemeng soll och, zesumme mat de Fëscherveräiner, Coursen organiséieren, fir d’Aangeler iwwert d’Reegelen an den Déiereschutz z’informéieren. D’Method vum Catch & Release, also dem Fänke vu Fësch, just fir se erëm fräizeloossen, sollt an de Gemenge verbuede ginn.

×

Inhaltsverzeechnis