Gemeinschaftsantenn

Sou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, hu mir dem Schäfferot a Buergermeeschter e puer Froen zur Gemeinschaftsantenne vun Eltrona gestallt:

Wéi am Grupp “ech Wunnen an der Gemeng Péiteng” op Social Media ze liese war, ginn et verstäerkt Problemer mat der “Gemeinschaftsantenne” vun Eltrona. Wéi verschidde Matbierger beriichten, ass den Empfang an den dräi Uertschaften oft gestéiert, besonnesch zu Rodange.

An dem Zesummenhang hu mir dem Schäfferot a Buergermeeschter folgend Froe gestallt:

  1. Sinn Iech esou Problemer am Reseau bekannt?
  2. Falls jo, gouf duerno gekuckt?
  3. Den Aussoe vu verschiddene Bierger no existéieren dës Problemer scho säit méi laanger Zäit. Wéi stellt Gemeng, zesumme mat Eltrona, d’Qualitéit vum Reseau sécher? 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen