Lëtzebuerg ass e Land mat villen Hausdéieren, haaptsächlech Hënn a Kazen si ganz beléift. Leider kënnt et awer ëmmer nees fir, dass Déieren verschwannen, well se z. B. fortgelaf sinn an de Wee net zeréck fannen, verletzt goufen oder souguer geklaut gi sinn. Leschteres ka besonnesch bei Déire vu bestëmmte Rassen, déi besonnesch wertvoll sinn, e Problem duerstellen, well d’Déieren um Schwaarzmart vill Geld abrénge kënnen. Mee och aaner Déieren, kënnen Affer vun engem Vol ginn, wa Persounen si bspw. besonnesch an d’Häerz schléissen, obwuel dës net de Proprietair sinn.
An engem konkrete Fall, wou et ëm e presuméierte Vol vun enger Kaz gaangen ass, huet de Parquet viru kuerzem decidéiert, dass “le préjudice ou le trouble causé par l’infraction est trop peu important pour justifier que le Parquet déclenche l’action publique”.
Am Kontext vum Déiereschutzgesetz vum 27. Juni 2018, wat festgehalen huet, dass en Déier keng Saach ass, eng Dignitéit huet a muss geschützt ginn, werft dës Decisioun eng Rei Froen op, déi dat aktuellt Gesetz betreffen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Dignitéit vun engem Déier sech vun der Dignitéit vun engem Mënsch ënnerscheed?
Falls jo: Awéifern muss hei ënnerscheed ginn? Wéi ass dës Ënnerscheedung gesetzlech festgehalen? Hätten an dësem Fall net verschidde Begrëffer misste gewielt ginn, fir kloerzestellen, dass de Begrëff vun der Dignitéit am Kontext vum Déireschutz net déi selwescht Envergure huet wéi beim Mënsch?
Falls nee: Misst eis Gesetzgebung dann net eng méi streng Strofverfolgung virgesinn am Fall vun Infractiounen, an déi Déieren involvéiert sinn? Misst den „trouble causé“ vun enger Infraktioun, an déi en Déier verweckelt ass, dann net identesch sinn mat engem Fall, wou e Mënsch betraff ass, well et sech zweemol em Wiese mat enger ze respektéirender Dignitéit handelt?
-
Sinn de Ministeren Fäll zu Lëtzebuerg bekannt, wou Déieren gezielt vu Privatleit entfouert oder geklaut goufen an et zu enger Feststellung vun enger Infraktioun an engem Opdecke vum Täter koum? Falls jo, ëm wéi vill Fäll handelt et sech?
-
Sinn de Ministeren Fäll aus eisem Land bekannt, wou Déieren gezielt vun organiséierte Gruppen entfouert oder geklaut goufen, fir se weider ze verkafen, a wou et zu enger Feststellung vun enger Infraktioun an engem Opdecke vum/vun den Täter koum? Falls jo, ëm wéi vill Fäll handelt et sech?
-
Ass en Déier zu Lëtzebuerg elo wierklech e Liewewiese mat Gefiller oder gëtt et ëmmer nach als eng Saach betruecht, wéi dat virum Vott vum Déiereschutzgesetz de Fall war?
-
Wéi kann d’Exekutive dofir suergen, datt de Grondsaz “en Déier ass e Liewewiese mat Gefiller” net nëmmen um Pabeier, mee och an der Realitéit gëllt an ëmgesat gëtt?
QP Nummer 4466