Gardiene vun der ONA

Am Kader vun der Gestioun vun de Foyere schaffen nieft Educateuren an Assistants social och Gardiene fir den ONA. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gardien ginn am Schnëtt bei engem Site vum ONA agesat?

  2. Op wéi engem Foyer ginn déi meeschte Gardienen agesat a wéi vill Persoune sinn et? Op wéi engem déi mannsten a wéi vill Persoune sinn et ?

  3. Wéi vill Gardiene solle bis 2024 bäikommen?

  4. Wéi vill Gardiene solle bis 2027 bäikommen?

  5. Wat sinn d’Aufgabe vun de Gardiene bei de Foyeren?

  6. Op wéi ville Sitten huet d’ONA Persounen ënnerbruecht an op wéi vill vun dëse Sitte gi Gardienen agesat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7766

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt