Froen zu der Gedrénksbud vun der LSAP-Sektioun op der Péitenger Braderie vum 20-07-2019

Administration Communale Pétange
Buergemeeschter Pierre Mellina
Place J.F. Kennedy
4760 Pétange

Rolleng, den 23. Juli 2019

Thema : Froen zu der Gedrénksbud vun der LSAP-Sektioun op der Péitenger Braderie
vum 20-07-2019
Här Buergermeeschter,

sou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, wëll ech dem Schäfferot e puer Froen zum Oflaf vun der Braderie zu Péiteng vum 20. Juli 2019 stellen.
D‘Braderie 2019 zu Péiteng ass no laangem Waarden dach nach kuerzfristeg organiséiert ginn an huet du stattfonnt, wat fir d’Geschäftswelt vu Péiteng natierlech begréisst ginn ass.
Op der Braderie huet déi lokal Sektioun vun der LSAP op der Gemengeplaz ee Gedrénksstand opgeriicht, deen direkt vis-à-vis vun der Bühn placéiert war, also op enger vun de beschte Platzen. De Stand huet Gedrénks deelweis ënnert dem Duerchschnëttspräisser vun der Braderie verkaf.
Déi ganz Aktioun huet een iwwele Bäigeschmaach, well dës Aktioun vum Ressortschäffen organiséiert gouf. Et kéint een also dovunner ausgoe, dass hei ee politescht Mandat benotzt ginn ass fir der LSAP ee Virdeel op der Braderie ze sécheren ënnert dem Zill zousätzlech Revenuen fir d’Parteikeess ze generéieren. Zousätzlech stëllen sech weider Froen, well de Schäffen vun der LSAP fir de Ressort Commerce an der Gemeng verantwortlech ass. Am Kader vu sengem Mandat schafft hien mat der Firma Bofferding/Munhowen zesummen. D’Gedrénksbud vun der LSAP huet des Produkter verkaaf.
Et ass festzehalen, dass d‘Braderie am Partenariat mat der Gemeng Péiteng organiséiert gouf.
An dem Zesummenhang stellen ech dem Schäfferot folgend Froen:

  1. Wisou huet eng politesch Partei op der Braderie 2019 eng Gedrénksbud opgestallt, wëssend, dass een domadder mat de Geschäfter an de Veräiner aus der Gemeng konkurréiert an domadder hier Recetten minimiséiert?
  2. Woussten de Schäfferot souwéi d‘Gemengenadministratioun am Virfeld iwwert des Aktioun vun der LSAP Sektioun Bescheed? Falls jo, ween huet den Accord fir d’Gedrénksbud ginn?
  3. Besëtzt de Schäfferot Informatiounen, wéi grouss de finanziellen Virdeel (an Euro) ass, fir d’LSAP Sektioun deen mat der Gedrénksbud op der Braderie erwirtschaftet gouf?
  4. Kann de Schäfferot garantéieren, dass d’LSAP fir hire Stand keng finanziell Remisen an iergendwellecher Form (z.B. vu Lieferanten) krut, déi op hirt Mandat am Schäfferot zeréckzeféieren wären?
  5. Kann de Schäfferot confirméieren, dass d’LSAP keng aussergewéinlech (Zelt, Logistik, …) Virdeeler oder Privileegien fir déi vun hinnen organiséierten Parteifester an de lëschte Joren krut?
  6. Um Stand vun der LSAP waren och Gemengenaarbechter, aktiv. Gesäit de Schäfferot hei eng Gefor, dass een als Schäffe potenziell och Gemengenaarbechter fir seng Partei uwerbe kann?
  7. Wéi eng Mesuren existéiere bei der Gemeng Péiteng fir ze verhënneren, dass d‘Gemengepersonal ënner Drock kéint gesat ginn fir enger Partei bäizetrieden?
  8. Gett et een Deontologieskodex am Schäfferot, dee verhënnert, dass Persounen hirt politescht Mandat benotzen fir hirer Partei Virdeeler ze verschaffen? Falls nee, wäert de Schäfferot esou en Deontologieskodex ausschaffen?
  9. Gett et een Deontologieskodex am Schäfferot, dee verhënnert, dass ee Schäffen, dee fir d’Gemeng Kontakter mat Partner fleegt, selwer vun dëse Kontakter profitéiert? Falls nee, wäert de Schäfferot esou en Deontologieskodex ausschaffen?
  10. Parteie kënnen ouni Käschten säitens der Gemeng hir Fester op der Gemengeplaz selwer organiséieren. Fënnt de Schäfferot, dass des Méiglechkeet duergeet?
    • Falls nee, wäert de Schäfferot nei Finanzéierungsméiglechkeeten fir d’Parteien ausschaffen?
  11. Wéi gedenkt de Schäfferot an Zukunft ze verhënneren, dass een zoustännege Ressortschäffen säi Mandat notzt fir senger Partei op Eventer, wéi der Braderie, finanziell Virdeeler ze verschaffen?
  12. Wäert de Schäfferot nei Reegelen aféieren fir d‘politesch Neutralitéit vun Eventer ze garantéieren, déi vun oder mat der Gemeng Péiteng organiséiert ginn?

Merci fir Är Opmierksamkeet an Äntwert,

Marc Goergen
Gemengeconseiller

Zesummenhang posts

Eis sinn e puer Temoignagen zougedroe gi wou Leit Problemer haten, fir d’Bréifwal fir d’Gemengewalen dëse Sonnden aus dem Ausland zréck op Lëtzebuerg ze