FRO.LU: Télétravail an der Fonction Publique

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Zënter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie sinn eng ganz Rei vu Mesurë geholl a Recommandatioune gemaach ginn, fir d’Verbreedung vum Coronavirus ze verhënneren. Ugesiichts der Tatsaach, datt d’Aarbechtsplaz eng potenziell Infektiounsquell ass, ass eng vun deene Recommandatioune gewiescht, dass am Privatsecteur an am ëffentlechen Déngscht op den Télétravail sollt zréckgegraff ginn, esou wäit dat méiglech ass.

D’Regierung hat den 1te Juli 2020 decidéiert, fir an der Fonction publique den Télétravail weiderhi, bis zu 3 Deeg d’Woch, ze erlaben. Den 2te Juli ass eng Circulaire vum Minister fir den ëffentlechen Déngscht dozou un d’Verwaltunge geschéckt ginn. D’legal Basis dofir ass am Artikel 19bis vum Statut vum Fonctionnaire virgesinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass dës Circulaire net ëffentlech op der Website vun der Fonction Publique ze fannen?

  2. Ass déi besoten Circulaire un all Ministère an un all Verwaltung geschéckt ginn?

  3. Kann de Minister versécheren, datt all d’Beamten Abléck op dës Circulaire haten? Falls nee, wéi eng Verwaltungen a Ministèren haten d’Circulaire net krut an aus wéi enge Grënn net? 

  4. Wéi vill Stonnen am Télétravail goufen zënter Januar 2020 vun alle Staatsbeamten (Fonctionnairen, Employéën & Salariéën) geleescht, opgelëscht no Verwaltung a no Mount?

  5. A wéi enge Verwaltunge gëtt den Télétravail weiderhin ëmgesat an a wéi enger Frequenz? 

  6. A wéi enge Verwaltunge gëtt den Télétravail guer net méi applizéiert a firwat gouf an deene jeeweilege Verwaltungen domadder opgehalen? 

  7. Kann d’Regierung erklären, op Basis vu wéi enge Krittären d’Cheffe vun deenen eenzele Verwaltungen den Télétravail erlaben oder net erlaben? Consideréiert d’Regierung dës Krittären als fair?

Fro n°2949

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2949

Zesummenhang posts

Context: Projet de loi n°8383 et n°8384 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: De Subside «Klimabonus Wunnen» 2022 iwwer 3200 Mol an 2023 iwwer
Context: Projet de loi n°8383 et n°8384 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: An hirem Budgetsrapport huet d’Madamm Rapportrice erkläert, datt si sech e
De 16te Mee 2023 huet d’Chamber de Gesetzesprojet 8156 ugeholl, mat deem de Programm «Medium Earth Orbit Global Services » (MGS) finanzéiert sollt ginn.