FRO.LU: Sensibiliséierungsmoossnamen, déi d’informationell Selbstbestëmmung stäerken

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’Regierung hat op d’parlamentaresch Fro n° 2246 iwwert d’Benotze vu Messengerdéngschter an den ëffentleche Verwaltunge geäntwert, datt si de Beamten net recommandéiert Messenger-Déngschter, wéi Facebook oder Whatsapp, fir de professionelle Gebrauch ze benotzen, a rifft zur Zréckhalung op, fir online Uwennunge vu kommerziellen Ubidder ze benotzen a réit léiwer op d’Léisungen zeréckzegräifen, déi vum CTIE ugebuede ginn.

Elo ass et awer esou, datt a ville Verwaltungen trotzdeem vun deene kommerzielle Léisunge Gebrauch gemaach gëtt. A ville Schoule benotzen Enseignanten zum Beispill Whatsapp, fir mat hire Kolleegen, de Schüler an den Elteren ze kommunizéieren. Evidenterweis muss een sech bewosst sinn, datt dës Messengerdéngschter d’Donnéeë vun dëse Persoune sammelen an auswäerten. 

Et existéieren eng Panoplie vu Rapporten, déi op d’Risike vum Gebrauch vu kommerzielle Plattformen an Uwendungen opmierksam maachen. Esou zum Beispill am Rapport “Les géants de la surveillance” vun Amnesty International aus dem Joer 2019, wou déi systemesch Käschte vun de grousse kommerzielle Plattformen an Uwendunge genannt ginn. Déi dominant Positioun vu verschiddenen Entreprisen, wéi Google oder Facebook, féieren nom Rapport zu engem déiwen Agrëff an d’Privatsphär a bedroe mëttelfristeg eis fräiheetlech Wäerter, dorënner d’Meenungsfräiheet oder d’Recht op Net-Diskriminéierung.

 An deem Abléck ass et sécherlech sënnvoll, datt virun allem an de Schoule – ma net nëmme – d’Persounen op d’Risike vun der Benotzung vun esou Applikatiounen opmierksam gemaach ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Sensibiliséierungsmoossname goufen an deene leschten 3 Joren an de Schoulen duerchgefouert, fir d’Schüler iwwert d’Risike vum Gebrauch vu Plattformen an Uwendungen, wéi Whatsapp, Facebook oder Google, opzeklären?

  2. Wéi eng Sensibiliséierungsmoossname goufen an deene leschten 3 Jore fir Erwuessener duerchgefouert, fir si iwwert d’Risike vum Gebrauch vu Plattformen an Uwendungen, wéi Whatsapp, Facebook oder Google, opzeklären?

  3. Wéi eng Sensibiliséierungsmoossname goufen an deene leschten 3 Jore fir d’Educateuren an d’Léierpersonal an de Schoulen, Maison Relaisen a Crèchen duerchgefouert, fir si iwwert d’Risike vum Gebrauch vu Plattformen an Uwendungen, wéi Whatsapp, Facebook oder Google, opzeklären?

  4. D’Ministeren hunn an der Äntwert jo geschriwwen, datt si d’Verwenne vu Messenger-Déngschter, wéi Whatsapp, net recommandéieren. Ass virgesinn, wéi et a verschiddene Bundeslänner an Däitschland de Fall ass, d’Benotze vu kommerzielle Plattformen an Uwendungen a Schoulen ze reglementéieren oder souguer ze verbidden?

  5. Am Rapport vun Amnesty International ass des Weideren ze liesen
    “Les gouvernements ont l’obligation de protéger les personnes contre les atteintes aux droits humains commises par les sociétés.”
    Deelt d’Regierung dës Aschätzung aus dem Rapport a falls jo, wat fir eng Mesurë goufen a ginn ënnerholl fir d’Bierger virun der Datesammlung vu grousse Firmen ze schützen?

Fro n°2673

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2673

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister