FRO.LU: D’Analys vum Biopsien beim LNS

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Beim Verdacht op een Tumor, kréie verschidde Patienten eng Biopsie verschriwwen. Dës Entnahm vu Geweebe ass ëmmer mat Péng an der Angscht virum Resultat vun der Analys verbonn. Zäit déi vergeet, bis de Patient gewuer gëtt, op et sech ëm een Tumor handelt, an op et ee sougenannten “béisaartegen” oder “guttaartegen” Tumor ass, ass dofir mat vill Stress verbonnen. Am Fall vun engem béisaartegem Tumor ass d’Biopsie den Ufank vun engem laange Kampf géint de Kriibs.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Biopsië ginn all Mount vum LNS traitéiert ? Ass d’Ministesch zefridden, wat d’Traitement-Zäite fir Biopsien am Moment betrëfft?

• Wéi laang huet am Januar 2021 am Duerchschnëtt d’Analys vun enger Biopsie gedauert? 

• Wéi laang am Januar 2019?

2. Wéi vill Persoune schaffen am LNS am National Center of Pathology?

• Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’Unzuel u Personal héisch genuch ass oder missten nach weider Persounen agestallt ginn?

• Falls d’Ministesch fënnt, dass et nach un Personal feelt, wat fir Profiller ginn nach gesicht ?

• Ginn et genuch Kandidate fir dës Posten? 

• Falls net, firwat feelt et un Kandidaten?

3. Ginn d’Biopsien der Réi no traitéiert oder ginn et festgehale Krittäre wat Drénglechkeet betrëfft?

4. Kann ee eng Biopsie zu Lëtzebuerg an engem Spidol maache loossen an ufroen, dass dës am Ausland analyséiert gëtt?   Falls jo, wéi gëtt dat vun der CNS rembourséiert?  Falls nee, firwat net?

Fro n°3646

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3646

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene