FRO.LU: Covid-Tester fir vulnerabel Persounen

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministesch fir Gesondheet weiderzeleeden.

Leit mat schwéiere Krankheeten, déi reegelméisseg an d’Klinik mussen, fir Radio- oder Chemotherapie, si gebieden, sech virdrun testen ze loossen.
Déi Tester ginn am Prinzip och doheem ugebueren, et schéngt awer, wéi wann d’Leit oft ze laang misste waarden, bis ee bei si Heem ka kommen, fir den Test ze maachen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi vill Personal steet zur Verfügung, fir Tester bei Leit heem maachen ze goen?
    Wéi vill Ufroe ginn et all Woch, fir esou tests à domicile ze maachen?
  2. Wéi laang muss eng vulnerabel Persoun, déi esou een Test fir doheem ufreet, am Schnëtt waarden, fir den Test kënne gemaach ze kréien?
  3. Wëssend dat vulnerabel Leit sech esou mann wéi méiglech sollen deplacéieren a Pandemieszäiten, gedenkt d’Ministesch, d’Test Capacitéiten an dësem Domaine ze erhéijen?

Fro n°3265

Verlaaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene