Iwwert den Internet hu mir d’Méiglechkeet eis weltwäit mat anere Mënschen ze vernetzen an auszetauschen.
Nach ni an der Geschicht vun der Mënschheet, goufen et Weeër, déi esou séier an esou käschtegënschteg waren, fir Informatiounen auszetauschen, wéi haut.
An trotzdeem kenne mir zum aktuellen Zäitpunkt just op e Brochdeel vun der mënschlecher Kultur frei zougräifen.
Mir hunn all d’Méiglechkeeten, fir eng weltwäit zougänglech Datebank aus Texter, Musek, Biller, a Filmer opzestellen, mee mir maachen et net.
Firwat?
Well mir eis net trauen, eis all a gewinnte Muster lass ze loossen an eppes Neies ze woen.
Eent vun dësen ale Konzepter, vun deem sech déi meescht bis elo net trenne konnten, ass d’Iddi, dass d’Respektéiere vum Droit d’Auteur mat enger limitéierter Zougänglechkeet vu Contenuen anhiergoe muss. Wann alles frei zougänglech wier, da géifen d’Auteure vun de Wierker jo hier Rechter verléieren a keng Sue méi verdéngen – esou d’Virurteel.
D’Creative commons hunn awer gewisen, dass en Auteur seng Rechter net muss verléieren, wann e well, dass d’Gemeinschaft vu sengem Wierk ka profitéieren a Studie weise säit laangem, dass et méiglech wier Peer-to-Peer Filesharing-Plattformen opzestellen, déi och d’Protektioun vun den Droit d’Auteure géife respektéieren.
Firwat soll et illegal sinn, dass Leit sech zesummen dinn, fir Filmer, Musek, Biller oder Texter ze tauschen, an dofir e Frais de Participation vun e puer Euro de Mount froen, deen dann integral un d’Inhaber vun den Droits d’Auteur verdeelt kéint ginn, wann et gläichzäiteg awer legal ass, grousse Streaming-Firmen, de selwechte Montant ze iwwerweisen, ouni, dass d’Integralitéit vun der Zomm un d’Kënschtler geet a wärend des Datekrake perséinlech Date vun hiren Notzer asammelen?
Dat ass an den Aen vun de Piraten e Mëssstand, deen et esou séier wéi méiglech duerch d’Schafe vun enger legaler Basis fir den net kommerzielle File-Sharing obzehiewe gëllt.
Leider ass dat awer net esou einfach. Vill vun deen, déi d’Gesetzer maachen, hu vun der Internetkultur a vun de Potenzialer vun engem freien Internet nämlech keng Anung.
Dofir ass et wichteg, dass mir eis alleguerten zesummen dinn, an eisem Uléie gemeinsam e Gewiicht ginn, wat d’EU net méi ignoréiere kann.
Aus dësem Grond gouf eng Europäesch Biergerinitiative an d’Liewe geruff, déi d’EU-Kommissioun dozou zwénge kann, e Gesetzesprojet virzeleeën, wann d’Initiative innerhalb vun engem Joer a ganz Europa eng gewëssen Unzuel u Stëmmen erzielt. Fir Lëtzebuerg gi 4230 Stëmme gebraucht.
Wann s du der EU wëlls weisen, dass du de Choix wëlls hunn, op deng Daten u grouss Streamingdéngschter ginn oder ob s du léiwer Deel vun enger zivilgesellschaftlecher Tauschgemeinschaft wëlls sinn, dann ënnerschreif hei, fir e Recht op Kultur an d’Recht se mat aneren ze deelen.