Persounen, déi opgrond vun hirem mentalen oder physesche Gesondheetszoustand eng Gefor fir sech oder anerer duerstelle géifen, wa si sech fräi beweege kéinten, kënnen och géint hire Wëllen an hirer Beweegungsfräiheet ageschränkt ginn. Als fräiheetsentzéiend Moossname kënnen esou z. B. Gurten oder Barrièrë genotzt ginn, déi d’Beweegung Aschränken, mee och Medikamenter, wéi bspw. Neuroleptika, déi de Patient roueg stellen. Am Ausland ginn d’Méiglechkeete fir den Asaz vun esou Mëttelen zum Deel duerch streng Gesetzer gereegelt. Zu Lëtzebuerg gëtt et esou e Gesetz (nach) net.
2010 gouf zu Lëtzebuerg eng Etude mam Titel “Freiheitsentziehende Maßnahmen und Gewalt in der Altenpflege” vun der Fuerschungseenheet INSIDE an dem RBS – Center fir Altersfroen asbl publizéiert, an där déi deemoleg Situatioun am Land analyséiert an evaluéiert gouf an deemools och schonn Diskussiounen ugestouss huet, ob Lëtzebuerg net e Gesetz bräicht, fir den Asaz vu fräiheetsentzéiend Moossnamen ze reguléieren.
Bis haut läit esou e Gesetzesprojet awer net fir an eng nei Etude, an där déi aktuell Situatioun nach emol evaluéiert géif ginn, gouf bis elo och net gemaach.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Bléift d’Regierung bei hirer Aschätzung, dass eng konkret Gesetzgebung betreffend fräiheetsentzéiende Moossnamen net néideg ass, an eng kontinuierlech Formatioun a Sensibiliséierung vum Personal um Terrain hei duer geet?
-
U wéi eng Instanz kann sech eng Persoun oder hir Famill wenden, wann de Verdacht besteet, dass fräiheetsentzéiend Moossnamen zu Onrecht agesat goufen? Wéi gëtt ouni gesetzlech Basis evaluéiert, ob eng fräiheetsentzéiend Moossname rechtméisseg war oder net?
-
Plangt d’Regierung – méi wéi 10 Joer no der Etude “Freiheitsentziehende Maßnahmen und Gewalt in der Altenpflege” – eng nei Etude duerchféieren ze loossen, fir ze analyséieren, wéi d’Situatioun evoluéiert huet?
QP Nummer 5404