De Walprogramm vun de Piraten
Liicht Sprooch
D’Pirate sinn eng politesch Partei.
Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Eis Partei gëtt “Piratepartei” oder “Piraten” genannt.
D’Pirate wëlle villes am Land verbesseren.
An dësem Text steet, wat d’Pirate verbessere wëllen.
Dësen Text nennt een och Walprogramm.
- Aarbecht
D’Pirate wëllen, dass d’Leit kënne vun hirer Aarbecht liewen.
D’Pirate wëllen, dass d’Leit erëm méi Zäit hu fir hir Famill a Kolleegen.
Dofir mussen d’Leit méi vun doheem dierfe schaffen.
Oder d’Leit dierfen aner Auerzäite schaffen.
D’Pirate wëllen, dass jonk Leit eng Chance op eng éischt Aarbecht hunn.
D’Pirate wëllen, dass Leit ab 49 Joer gehollef kréien, fir hir Aarbecht ze halen.
D’Pirate wëllen, dass keen op der Strooss muss liewen.
D’Pirate wëllen, dass d’Leit méi einfach gehollef kréie vum Staat.
- Politique étrangère
D’Vereenten Natioune sinn eng Grupp, wou all d’Länner vun der Welt dra sinn.
D’Pirate wëllen, dass déi Organisatioun gestäerkt gëtt, well dat gutt ass fir de Fridden.
D’Pirate sinn dogéint, dass Lëtzebuerger Zaldoten a Krichsgebidder geschéckt ginn.
D’Pirate sti fir Fridden.
All Mënsch op dëser Welt huet Rechter.
D’Pirate wëllen, dass déi Rechter respektéiert ginn.
Dofir wëllen d’Piraten, dass Firmen zu Lëtzebuerg keng Saache kafen, déi vu Kanner gemaach sinn.
Dofir wëllen d’Piraten, dass Lëtzebuerg weider genuch Geld gëtt un déi aarm Leit an anere Länner.
Leit musse wéinst Kricher aus hire Länner flüchten.
Wann se op Lëtzebuerg flüchten, ginn se hei a Gebaier ënnerbruecht.
D’Pirate wëllen, dass déi Leit hei gutt behandelt ginn.
- Biergerbedeelegung
D’Pirate mengen, dass all Mënsch soll dierfe soen, wat e verännere wëll.
Fir dass d’Regierung dat och matkritt, wëllen d’Piraten hëllefen.
D’Pirate wëllen, dass d’Leit kënne Froe stellen un d’Regierung.
D’Pirate wëllen, dass d’Leit bei wichtege Froen ofstëmme kënne mat Jo oder Nee.
D’Regierung muss dat maachen, wat d’Leit soen.
D’Regierung gëtt vill Suen aus.
D’Pirate wëllen, dass d’Leit kënne soen, wat mat de Sue geschitt.
Net jiddereen dierf bei de Wale matmaachen.
Wien net bei de Wale matmaachen dierf, soll awer matschwätze kënnen.
Dat geet zum Beispill mat engem Biergerrot.
De Biergerrot ass ee Grupp vu Leit, déi zoufälleg gewielt ginn.
Dee Grupp vu Leit dierf Iddien opschreiwen, déi d’Politiker da musse kucken.
D’Pirate wëllen e Biergerrot.
- Le bien-être des animaux
Déiere sinn de Pirate wichteg.
Déiere musse gutt behandelt ginn.
Net all Mënsch behandelt Déiere gutt.
D’Pirate wëlle streng Strofen, wann e Mënsch Déiere schlecht behandelt.
Vill Déieren hunn e Pelz.
Doraus ginn heiansdo Kleeder gemaach.
Déiere ginn dofir dout gemaach.
Dat fannen d’Piraten net gutt.
D’Piraten si géint de Verkaf vu Pelz.
Am Bësch liewe vill Déieren.
Heiansdo sinn et ze vill Déieren.
Dann mussen Déieren dout gemaach ginn.
Dat nennt ee Juegd.
Eng Juegd ass fir Déieren net schéin.
D’Pirate wëllen eng Déiere-frëndlech Juegd.
Fir een Hond muss een do wou ee wunnt Sue bezuelen.
Dat nennt een Hondssteier.
D’Pirate wëllen dass een net fir säin Déier bezuele muss.
Déiere sinn eis wichteg.
Si sollen e schéint Liewen hunn.
An engem Zirkus hunn Déieren dacks kee schéint Liewen.
D’Piraten si dofir géint Déieren am Zirkus.
- Digitaliséierung
Computer, Handyen an den Internet ginn ëmmer méi benotzt.
Fréier huet ee villes ouni Computer gemaach.
Haut mécht een ëmmer méi mam Computer.
Dat nennt een Digitaliséierung.
D’Pirate wëllen, dass een nach méi Saachen iwwert de Computer oder den Handy maache kann.
Dat soll ganz einfach a séier goen.
D’Pirate wëllen, dass Computer an Handye sécher sinn.
Kee soll kucke kënnen, wat een aner op sengem Handy oder Computer huet.
D’Pirate wëllen, dass jiddereen gudden Internet huet.
D’Pirate wëllen, dass Computer-Programmer kengem gehéieren a vu jidderengem benotzt kënne ginn.
D’Pirate wëlle gutt Gesetzer fir nei Computer-Programmer.
Déi Programmer nennt een och kënschtlech Intelligenz.
D’Pirate wëlle gutt Gesetzer fir Videospiller.
Et sollen zu Lëtzebuerg méi Jobs gi mat Videospiller.
Leit, déi süchteg sinn no Videospiller, solle besser gehollef kréien.
- Iddie vir eeler Leit
Vill Banke wëllen eelere Leit keng Sue léinen.
Dat ass net richteg.
D’Pirate wëllen, dass och eeler Leit Sue kënne léinen.
Eeler Leit brauchen heiansdo Hëllef.
Si fannen heiansdo keen, deen hinnen hëlleft.
D’Pirate wëllen e Programm, wou Leit eelere Leit hëllefen.
All Mënsch brauch Suen.
Vill eeler Leit hunn net genuch Suen.
D’Pirate wëllen, dass jidderee genuch Suen huet.
Och eeler Leit musse genuch Suen hunn.
Al Leit kënnen heiansdo net méi Doheem wunnen.
Dofir ginn et Alters-Heemer.
Do kënnen eeler Leit wunnen a gi versuergt.
D’Pirate wëllen dass et genuch Plaze fir jiddereen an den Alters-Heemer gëtt.
All Mënsch muss op Plaze goen, zum Beispill bei den Dokter.
Net all Mënsch huet een Auto.
Dofir musse vill Bussen an Zich fueren.
Och eeler Leit sollen de Bus an den Zuch kënnen huelen.
- Politique de la Drogue
Leit déi Drogen huele kënne süchteg ginn.
Dës Leit si krank.
D’Pirate wëllen deene kranke Leit hëllefen.
Dës Leit sollen net méi wéinst hirer Krankheet agespaart ginn.
Cannabis ass illegal.
D’Police muss am Moment also vill Leit mat Cannabis bestrofen.
D’Police soll déi verhaften, déi Droge verkafen.
D’Pirate wëllen, dass d’Police net méi déi bestrooft, déi Cannabis fëmmen.
- Bildung
D’Welt ass net einfach an et gi ganz vill Problemer.
D’Schoul muss d’Kanner dorop gutt virbereeden.
A ville Beruffe gi vill Leit gesicht awer net fonnt.
Dofir wëllen d’Piraten, dass méi Leit Beruffer léieren.
Zum Beispill sollen nees méi Leit wëllen Dokter oder Infirmière léieren.
Och Handwierker soll et nees méi ginn.
D’Zäite vun de Schoule sinn net iwwerall gläich.
Verschidde Schoule sinn och Nomëttes.
Dat ass fir d’Kanner net einfach.
D’Pirate wëllen dat méi einfach maachen.
D’Schoul soll all Dag vun 8 Auer bis Mëttes 1 Auer goen.
D’Kanner hunn da méi Fräizäit fir een Hobby.
An Eltere kënne méi Zäit mat de Kanner verbréngen.
Net an all Schoul gëtt et Internet.
Dat ass awer wichteg.
D’Pirate wëllen, dass all Schoul Internet a Computeren huet.
An de Schoulen a Lycéeë feele Proffen.
Vill Leit wëllen net Proff ginn.
Si fannen de Beruff schwéier.
Lëtzebuerg brauch awer méi Proffen.
D’Pirate wëllen, dass nees méi Leit Proff ginn.
Verschidde Kanner hu Problemer an der Schoul.
Si brauchen dann Hëllef.
Leider kann de Proff de Kanner net ëmmer hëllefen.
Dofir brauch een extra Leit.
D’Pirate wëllen, dass méi esou extra Leit an de Schoule sinn.
Si kënnen sech dann ëm Kanner mat Problemer këmmeren.
Lëtzebuerg huet eng Universitéit.
Hei kënnen e puer Fächer studéiert ginn.
D’Pirate wëllen, dass Jonker nach méi Fächer studéiere kënnen.
Studente brauche Wunnengen.
Et ginn awer net genuch Wunnenge fir Studenten.
D’Pirate wëlle méi Wunnenge fir Studente bauen.
- Kanner a Jugend
D’Pirate wëllen, dass déi Erwuessen de Kanner a Jugendleche besser nolauschteren.
Verschidde Kanner hunn zwou Mammen oder zwee Pappen amplaz eng Mamm an e Papp.
D’Pirate wëllen, dass et egal ass, wéi eng Elteren een huet.
All d’Kanner solle gläich behandelt ginn.
Och Kanner kënne virun d’Gericht mussen.
D’Pirate wëllen, dass Kanner dann extra Affekote kréien, fir hinnen ze hëllefen.
D’Pirate wëlle Kanner a Jugendlecher mat engem Handicap besser hëllefen.
D’Pirate wëllen net, dass Jonker Gewalt mussen erliewen.
D’Pirate wëlle besser Crèchen.
- Ëmwelt
Mir all liewen op um Planéit “Äerd”.
Eisem Planéit geet et net gutt.
Eisem Planéit wäert et an Zukunft méi schlecht goe wann d’Mënschen net eppes maachen.
Fir dass et eisem Planéit besser geet, musse mir Mënschen manner Knascht maachen.
Manner verknaschten heescht och manner mam Fliger fléien a manner mam Diesel Auto fueren.
An dat heescht och manner Iessen ewech geheien.
Mir Pirate wëllen, dass déi Leit déi manner Knascht maachen, dofir belount ginn.
An Produiten déi schlecht fir eise Planéit sinn, solle méi deier ginn.
Déi Leit déi zum Beispill manner Diesel benotzen, hunn herno nach Geld iwwereg.
Déi Leit déi méi notzen, mussen dat selwer bezuelen.
Mir Pirate wëllen dass manner Iessen ewech gehäit gëtt.
Dofir wëlle mir Supermarchéen verbidden Iessen ewech ze geheien, wat een nach iesse kann.
Dat Iesse wat geschwënn net méi gutt ass, soll méi bëlleg verkaaft ginn.
Mir wëllen, dass manner Plastik benotzt gëtt.
Mir wëllen, dass manner Plaze mat Bëtong zougemaach ginn.
Zum Beispill Parkingen oder Maartplaze solle Wiss hunn.
- Energie
D’Pirate wëlle méi Wandmille fir Energie.
D’Pirate wëlle Solar-Pannoen op all den Diecher.
D’Piraten halen Atomenergie fir geféierlech Energie.
Atomenergie brauch vill Waasser.
Eise Planéit huet awer ëmmer manner Waasser.
D’Pirate wëlle méi Luet-Statioune fir elektresch Autoen.
Al Haiser brauche vill Energie well se net dicht sinn.
Et zitt zu de Fënsteren eran oder d’Maueren si fiicht.
D’Pirate wëllen dass dës Haiser verbessert ginn.
Duerch néi Fënsteren an Diecher.
Wann Leit nei Fënsteren an Diecher maachen, soll de Staat hinne méi Geld ginn.
Dann brauchen déi al Haiser och manner Energie.
- Europa a Groussregioun
D’EU sinn 28 Länner, déi zesumme schaffen.
D’Pirate fannen d’EU gutt.
D’Pirate wëllen, dass d’EU nach besser gëtt.
Fir dass d’EU nach besser gëtt, mussen d’Leit méi dierfe matschaffen.
Dofir sollen d’Leit fir oder géint Saachen ofstëmme kënnen.
D’Groussregioun dat si Lëtzebuerg, d’Saarland, Rheinland-Pfalz, Loutrengen an d’Wallonie.
Déi 5 Regioune schaffen heiansdo zesummen.
D’Pirate wëllen, dass se méi zesumme schaffen.
D’Pirate wëllen den Ukrainer hëllefen sech géint Russland ze wieren.
Well d’Land Russland huet d’Land Ukrain an engem Krich ugegraff.
D’Pirate wëllen dass jiddereen an Europa dierf fräi seng Sexualitéit liewen.
- Famill
Vill Eltere ginn allen 2 schaffen.
Doduerch hunn se manner Zäit fir hier Kanner.
Dofir dierfen se hir Kanner an d’Crèche ginn oder an d’Maison relais.
Wann Eltere manner schaffen hunn se manner Suen.
Dofir kënne vill Elteren et sech net leeschte manner ze schaffen.
D’Pirate wëllen dat änneren.
Eltere soll fräi entscheede kënnen ob si manner schaffen oder d’Kanner an eng Crèche ginn.
Ouni Angscht ze hunn, dass d’Suen net duer ginn.
D’Pirate wëllen och dass net nëmme Crèchen, mee och Dageselteren ënnerstëtzt ginn.
Dageselteren sinn Eltern, déi friem Kanner bei sech doheem versuergen.
Leit deenen d’Crèche gehéieren verdéngen heiansdo ganz vill Geld.
Mir Pirate wëllen, dass méi Crèchë vum Staat gebaut ginn, wou et net drëms geet Geld ze verdéngen.
Et soll een sech net fir d’Geld, mee fir d’Kanner interesséieren.
D’Pirate wëllen, dass all Elteren déi éischt 3 Méint dierfe beim Bébé bléiwen.
Eng Mamm oder de Pap sollen net 2 Woche no der Geburt rëm schaffe mussen.
D’Pirate wëllen dass all Elteren, egal op Mann a Fra , 2 Fraen oder 2 Männer d’selwecht behandelt ginn.
- Société
D’Pirate wëllen, dass all Mënsch gläich behandelt gëtt.
Jidderee soll déi selwecht Chancen am Liewen hunn.
Dofir wëlle mir déi méi haart bestrofen, déi Leit anescht behandelen.
Egal op se se anescht behandele wéinst hirer Hautfaarf, Handicap, hirer Sexualitéit oder Relioun.
Net jidderee kënnt als Fra oder Mann op d’Welt.
Verschiddener gesinn aus wéi Fraen, mee fillen sech net esou.
Oder si gesinn aus wéi Männer, mee fillen sech net esou.
Mir Pirate wëllen, dass d’Leit dierfe fräi entscheeden, wien si sinn.
D’Pirate wëllen, dass jidderee genuch Geld huet, fir senge Wënsch nozegoen.
Dofir wëlle mir ee Grondakommes.
Ee Grondakommes ass Geld, wat jiddereen am Land kritt.
- Inklusioun
D’Pirate wëllen, dass Leit mat Handicap alles maache kënnen, wat aner Leit och kënnen.
D’Pirate wëllen de Leit mat Handicap hëllefen, méi einfach eng Aarbecht ze fannen.
Leit mat Handicap kënnen an Ateliere schaffen.
D’Pirate wëllen, dass d’Leit an den Ateliere gutt bezuelt ginn.
Den Adapto ass ee Bus mat deem ee ka gefouert ginn.
D’Pirate wëllen, dass dee Bus méi oft fiert.
D’Leit sollen net ze laang op de Bus musse waarden.
D’Pirate wëlle méi Crèchen a Spillplaze fir Leit mat Handicap.
- Culture
Liesen ass wichteg fir gutt ze léieren.
Net all Mënsch kann sech Bicher kafen.
Dofir ginn et Bibliothéiken.
Dat si Plazen, wou ee Bicher léine kann.
D’Pirate wëlle méi Bibliothéiken.
Jidderee soll Bicher kënne léinen.
Kultur ass Molerei, Theater, Danz, Musik a villes méi.
Kultur ass wichteg fir jiddereen.
E Mënsch muss dacks bezuelen, fir Kultur ze gesinn.
Vill jonk Leit hunn awer keng Suen.
D’Pirate wëllen, dass jonk Leit musse manner dofir bezuelen.
D’Pirate wëllen, dass al Gebaier net fort gemaach ginn.
Al Gebaier si wichteg fir d’Geschicht vum Land.
An der Kultur ginn et vill Beruffer.
Vill Leit wëssen awer net, dass et déi Beruffer gëtt.
D’Pirate wëllen d’Beruffer méi bekannt maachen.
- Landwirtschaft
D’Pirate wëllen, dass ee méi einfach gesäit, wou d’Fleesch hierkënnt.
D’Pirate wëlle méi Bio-Liewens-mëttel.
Dat si Liewens-mëttel ouni Gëfter.
D’Pirate wëllen de Baueren hëllefen, fir méi Bio-Liewens-mëttel hierzestellen.
D’Pirate wëllen, dass Bio-Liewens-mëttel méi bëlleg ginn.
D’Pirate wëllen, dass Lëtzebuerg méi Uebst a Geméis ubaut.
- Mobilitéit
D’Pirate wëllen eng Vignette fir Lëtzebuerg aféieren.
Eng Vignette ass en Ticket, fir op der Strooss ze fueren.
De Staat verkeeft dës Ticketen a kritt Suen, fir domat de Leit ze hëllefen.
D’Piraten si fir Elektro-Autoen.
Mir wëllen, dass een säin Elektro-Auto iwwerall kann oplueden.
D’Pirate wëlle méi Vëlos-Pisten.
Déi Vëlos-Piste sollen net bei den Autoen op der Strooss sinn.
D’Vëlos-Piste sollen eng eege Bunn hunn, fir ze fueren.
Et ginn Zich, an deenen ee wärend ee fiert, an engem Bett schlofe kann.
Wann een erwächt, ass een do, wou een hin fueren wollt.
An anere Länner kann een dat schonn.
Mir wëllen, dass een och vu Lëtzebuerg aus esou en Zuch huele kann.
Mir wëllen dass een an all Bus an Zuch Internet huet.
- Santé
D’Leit mussen oft laang waarden op een Dokters-Rendez-vous.
D’Pirate wëllen, dass et rëm méi Doktere ginn, fir dass d’Leit net méi musse laang waarden.
Dofir musse méi Jonker hei am Land kënnen Dokter léieren.
D’Pirate wëllen, dass Doktere besser schaffe kënnen.
Och Infirmièrë solle besser schaffe kënnen.
Et kann engem Mënsch schlecht goen, wann säin Kierper wéi deet.
Et kann engem Mënsch och schlecht goen, wann en ëmmer traureg ass oder ëmmer Angscht huet.
Dann seet een, dass et deem Mënsch “mental” net gutt geet.
D’Pirate wëllen, dass d’Leit besser gehollef kréien, wann et hinne mental net gutt geet.
D’Pirate wëlle Jonker schütze virun Tubak, Alkohol an Drogen.
D’Pirate wëllen, dass Lëtzebuerg vill Medikamenter huet, falls een se brauch.
- Sécherheet
D’Pirate wëlle méi Polizisten.
Well Poliziste kënne Leit a Gefor gutt hëllefen.
An och nëmmen si kënne gutt Verbriecher sichen a fannen.
D’Police brauch Zäit fir Verbriecher ze sichen an ze fannen.
Am Moment mussen si awer ganz vill um Büro schaffen.
An si mussen och kleng Problemer léisen, déi awer och een aner maache kéint.
Dofir feelt hinnen Zäit.
D’Pirate wëllen, dass d’Police nees méi Zäit huet, fir Verbriecher ze sichen an ze fannen.
D’Piraten si géint méi Kameraen dobaussen.
Well Kamerae schützen een net virun engem Ugrëff.
Dat kënnen nëmme Polizisten.
- La politique fiscale
D’Pirate wëllen, dass jidderee gutt ka liewen.
Vill Leit musse Steiere bezuelen.
Dat heescht, dass si en Deel vun de Suen, déi si verdéngen, dem Staat ginn.
Jidderee soll Steiere bezuelen, jee nodeems wéi vill en huet.
Et soll net wichteg sinn, ob ee bestuet ass oder net bei de Steieren.
Leit eleng mat Kanner solle gehollef kréien.
Leit, deenen hire Mann oder Fra gestuerwen ass, solle gehollef kréien.
De Staat soll de Leit méi séier an onkomplizéiert hëllefen.
Och Betriber solle méi einfach Hëllef kënne froen.
- Transparence
D’Pirate wëllen, dass d’Leit Dokumenter vun de Ministeren an hiren Aarbechter kucke kënnen.
Och Journaliste brauchen dës Dokumenter fir hir Aarbecht.
Wat sinn dat fir Dokumenter?
Dat kënnen Zuelen oder Berichter sinn.
- Wirtschaft
Kleng Betriber mat manner wéi 50 Aarbechter ginn et ganz vill zu Lëtzebuerg.
D’Pirate wëllen, dass et nach méi kleng Betriber gëtt.
D’Pirate wëllen dofir Leit hëllefen, ee Betrib ze grënnen.
Am Moment wëllen net vill jonk Leit Handwierker ginn.
D’Pirate wëllen, dass erëm méi Leit een Handwierk wëlle léieren.
D’Pirate wëllen, dass Leit, déi nei am Land si méi einfach kënnen hei schaffen.
Nohalteg Energië sinn Energien, déi aus Sonnen-Energie oder Wand-Energie kommen.
D’Pirate wëllen, dass Betriber dës Energie méi benotzen.
D’Pirate wëllen dass Geld-Schäiner a Mënz bléiwen.
D’Pirate wëllen dass d’Post an d’Banke weider Büroen hunn.
- L’HÉBERGEMENT
D’Pirate wëllen, dass de Staat méi Wunnenge baut.
De Staat soll méi Wunnenge bauen, fir Leit déi net vill Geld hunn.
Déi Leit sollen dës Wunnengen da kënne lounen.
Wann ee Mënsch wëll, soll en dierfen seng Wunneng duerno kafen.
Et sollen net nëmmen Haiser an Appartementer gebaut ginn.
Mee zum Beispill och ganz kleng Haiser.
D’Pirate wëllen, dass een och als Kolleegen kann zesumme wunnen.
D’Pirate wëllen, dass méi séier gebaut gëtt.
D’Pirate wëllen, dass méi Leit Loscht hunn als Job Haiser ze bauen.
Dofir wëlle mir hinne méi Geld ginn.
An dës Leit sollen och net 40 Joer laang schaffe musse fir eng Pensioun.
D’Pirate wëllen, dass ee kee Geld un de Staat fir seng éischt Wunneng muss bezuelen.