Fonctionnarisatioun vu Chargéeën am Secondaire

Et gëtt a ville Schoulen am Land säit laangem e Personalmangel, dee just duerch Astellunge vu Chargéeë ka gedeckt ginn. Ursprénglech war d’Konzept vun de Chargéeën esou geduecht, dass dës just temporär sollten an de Schoulen intervenéieren, wann et zu Enkpäss kéim, mee mëttlerweil si si feste Bestanddeel vun der Schoullandschaft. Trotzdeem sinn hier Aarbechtskonditiounen awer nach net déi selwecht, wéi déi vun de fonctionnariséierte Jofferen a Schoulmeeschteren. Vill Chargéeë verbréngen hier ganz Karriär an der Schoul, ouni jeemools vum Statut vum Employé de l’État zum Fonctionnaire wiesselen ze kënnen. Dobäi mussen si méi Stonne pro Woch schaffen a gi manner héich bezuelt wéi Jofferen a Schoulmeeschter, obwuel si déi selwecht Aarbecht leeschten an am Secondaire och dee selwechten Diplom hunn. 

Fir dës Ongläichheete mëttelfristeg opzehiewen, goufen tëscht dem Bildungsministère an den Intressevertrieder och schonns an der Vergaangenheet Diskussiounen iwwert d’Méiglechkeet vun der Fonctionnarisatioun vu Chargéeën, déi iwwert 10 Joer Beruffserfarung hunn, gefouert.

Bis elo ass de Wee fir d’Fonctionnarisatioun fir d’Chargéeën awer nach net op.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wou sinn d’Aarbechten un enger Piste fir d’Fonctionnarisatioun vun de Chargéeën aus dem Secondaire aktuell drun?

    Wéini wäerten dës Aarbechten ofgeschloss sinn an d’Fonctionnarisatioun opstoen?

  2. Ass geplangt och eng Piste fir d’Fonctionnarisatioun vun de Chargéeën aus dem Fondamental auszeschaffen?

    Falls jo, wéini sollen dës Aarbechten ofgeschloss sinn an d’Fonctionnarisatioun opstoen?

    Falls nee, wisou net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5634

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt