Fir deng Privatsphäre am Internet an offline

[vc_row][vc_column][vc_message message_box_style=”3d” message_box_color=”danger” icon_fontawesome=”fa fa-exclamation-triangle” css_animation=”fadeIn”]Oppassen! Zu Lëtzebuerg ginn während 6 Méint all Verbindungen an den Internet a per Telefon an SMS gespäichert![/vc_message][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]Den 8. Abrëll 2014 huet den europäesche Geriichtshaff entscheed, datt déi onverhältnisméisseg an iwwerdriwwen Iwwerwaachung vun allen Internetbenotzer ze wäit geet a géint d’Grondrecht op Privatsphäre verstéisst!

Zu Lëtzebuerg huet den Justizminister Braz (déi gréng) awer zesumme mat senge Regierungskollegen decidéiert, datt monter weider gespäichert muss ginn.

Domadder verstéisst Lëtzebuerg géint fundamental Mënscherechter a léisst seng ganz Populatioun permanent an ouni Verdacht vun den Provideren iwwerwaachen.[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]D’Piraten setzen sech géint dës Iwwerwaachung an a wëllen deng Privatsphäre souwuel am Internet wéi och offline besser schützen![/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]Wéi vill een duerch déi Daten erausfanne kann huet den däitsche Politiker Malte Spitz zesumme mat der ZEIT Online gewissen. Du kanns dir 6 Méint vu sengem Liewen a quasi Echtzäit hei ukucken: https://www.zeit.de/datenschutz/malte-spitz-vorratsdaten[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_zigzag][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][tt_section_title title_alignment=”text-center” title=”Mir wëllen deng Privatsphäre schützen!”][/tt_section_title][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]Den 14. Oktober hues du et an der Hand, du kanns fir weider 5 Joer Iwwerwaachung vun dengen Internetaktivitéite stëmmen, oder awer fir d’PIRATEN, eng Partei bei däer deng Privatsphäre an den Dateschutz zur DNA gehéieren.

Dem Staat soll et egal sinn, op wéi enge Websäiten s du deng Zäit verbréngs, ausser du wiers vun engem Riichter ënner Iwwerwaachung gestallt ginn. Et gëtt Zäit datt um Internet surfen ähnlech geschützt gëtt wéi alles wat een a sengen eegene véier Wänn mécht.[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_cta h2=”De 14. Oktober PIRATEN, Lëscht 1, wielen!” txt_align=”center” color=”violet” add_button=”bottom” btn_title=”Eise ganze Programm” btn_color=”pink” btn_size=”lg” btn_align=”center” btn_button_block=”true” btn_link=”url:https%3A%2F%2Fletzebuerg2018.lu%2Fprogramm%2F|||”]

Fir besseren Dateschutz, méi Privatsphäre am Internet an offline an nach villes méi! Lies eise ganze Programm ënnert: PROGRAMM

[/vc_cta][/vc_column][/vc_row]