Fierschter als OPJ

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Landwirtschaft, Justiz & Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.Am Artikel 15 vum Gesetz vum 27. Juni 2018 iwwert den Déiereschutz ginn Dispositioune getraff ënnert wéi enge Konditioune verschidde Kategorie vu Beamten als « officier de police judiciaire » kënnen constatéieren a recherchéieren.

Am Punkt 3 vun dësem Artikel gëtt ënnert anerem gereegelt datt dës Beamten eng Formatioun mussen absolvéiert hunn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Beamten, opgeschlësselt no de Kategorien aus dem Déiereschutzgesetz, hunn zanter dem Akraafttrieden vum Gesetz dës Formatioun ofgeschloss?
  2. Wéi vill vun dëse Beamte goufe well no den Dispositioune vum Gesetz vereedegt?
  3. Goufen et Beamten aus de cibléierte Kategorien, déi well virun dësem Gesetz de Status vum OPJ haten?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt