NEI LÉISUNGEN FIR EUROPA MAT DE PIRATEN

Ahoi léif Matbierger:innen, 

d’Europawahlen sti virun der Dier an d’Piraten hunn déi leschte Méint fleisseg dru geschafft, fir iech an dësem Programm nei Léisungen fir Europa ze präsentéieren. 

D’Europäesch Unioun huet Problemer: d’Wirtschaft dréint net wéi se soll, d’Sécherheet ass net méi garantéiert, de Klimawandel gëtt ëmmer méi spierbar fir eis Ëmwelt a Wirtschaft an alles dat féiert dozou, dass ëmmer méi radikal-extrem Politiker:innen a Parteien probéieren mat Haass, Jalousie an bëllege Proposen är Stëmmen ze kréien, fir un d’Muecht ze kommen. Ee Mol do ukomm wäerten dës Leit, eis Fräiheeten, d’Demokratie an de Rechtsstaat ofbauen an domadder dat, wat eis Virfahren virun Jorzéngten mat vill Aarbecht a Blutt bezuelt hunn. Mir mussen d’Europäesch Unioun zesumme verbesseren! 

Nei Léisungen fir Europa kommen nëmmen, wann een d’Leit matschwätzen, matentscheeden a matschaffe léisst. Dir sollt d‘Soen hunn, wann et ëm äert Doheem, är Ëmwelt an är Steiergelder geet an a wichteg Entscheedungen mat agebonne ginn. Mat méi Matbestëmmung baue mer Vertrauen an d’Politik erëm op a ginn esou dem Haass, der Jalousie an de bëllege Proposen vun extreme Politiker:inne keng Chance!

Wien d‘Piraten wielt, dee wielt de Wee fir méi Biergerbedeelegung a Matbestëmmung.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt nei Léisungen fir Europa.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt de Wee an eng nohaltëg Zukunft fir Mënsch, Déier an Natur.

Är Stëmm fir d’Piraten ass eng Stëmm fir eng Partei, déi aanechters un d’Politik erugeet, wéi aner Parteien dat maachen.

Vertraut eis den 9te Juni mat engem Kräiz op eiser Lëscht fir nei Léisungen fir Europa !

Eise Programm kuerz&knapp

Eise Walprogramm am Detail

Kontakt

E-Mail: ahoi@piraten.lu

Telefon: +352203337

Aktuelles

An enger parlamentarescher Fro vun 2019 (n°1133) hat de fréieren Deputéierten an haitegen Ëmweltminister d’Iddi opbruecht, fir eng Police-Unitéit anzeféieren, déi mat Päerd dobaussen
All Dag fuere Camionen iwwert d’Ausfaart vun der A7 op den CR102 (Ausfaart Kopstal/Miersch) an droe soumadder zum Duerchgangsverkéier an den ëmleienden Uertschafte bäi.
Am RTL-Interview haut huet de Generol vun der Lëtzebuerger Arméi dovunner geschwat, dass de Louhn vum Fräiwëllegen Zaldot misst gehéicht ginn: “De Chef d’état
Context: Gesetzesprojet 8114 iwwert d’Hëllefen fir d’Präisser an de Fleegeheemer D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: D’Gesetz vum 23ten August 2023 reegelt d’Qualitéit vun
D’FGFC beschreift an engem Communiqué vun haut ee schlecht Personalmanagement beim TICE. Ried ass vu “Schikane als Strategie”, wou scho klenger Bagatellen direkt mat
An de leschte Woche koum et um Findel zu Fluchausfäll wéinst Problemer mat der Landepiste. D’Landepiste gouf eréischt 2022 Stéck fir Stéck sanéiert, ma
Ee Post op Social Media beschreift den trauregen Dout vun engem Päerd bei engem Polo-Match. D’Päerd hat, no enger Vollbremsung, eng duebel Fraktur vum
 An de leschte Jore sinn d’Stroumpräisser europawäit an d’Luucht gaangen. Zu Lëtzebuerg goufen dowéinst an der viregter Legislatur finanziell Energiehëllefen an ee Stroumpräisdeckel agefouert.
D’US-Regierung vum Donald Trump huet decidéiert, dass d’USA verschidde Waffeliwwerungen un d’Ukrain géife stoppen, fir hir eege Verdeedegung net ze belaaschten.   An deem
D’FGFC beschreift an engem Communiqué vun haut ee schlecht Personalmanagement beim TICE. Ried ass vu “Schikane als Strategie”, wou scho klenger Bagatellen direkt mat
100 Gemengen existéieren zu Lëtzebuerg. 100 Gemenge mat 100 verschiddene Gemengereglementer. D’Hëtztwell vun dëser huet erëm gewisen, dass et fir d’Bierger:innen net iwwersiichtlech ass,