NEI LÉISUNGEN FIR EUROPA MAT DE PIRATEN

Ahoi léif Matbierger:innen, 

d’Europawahlen sti virun der Dier an d’Piraten hunn déi leschte Méint fleisseg dru geschafft, fir iech an dësem Programm nei Léisungen fir Europa ze präsentéieren. 

D’Europäesch Unioun huet Problemer: d’Wirtschaft dréint net wéi se soll, d’Sécherheet ass net méi garantéiert, de Klimawandel gëtt ëmmer méi spierbar fir eis Ëmwelt a Wirtschaft an alles dat féiert dozou, dass ëmmer méi radikal-extrem Politiker:innen a Parteien probéieren mat Haass, Jalousie an bëllege Proposen är Stëmmen ze kréien, fir un d’Muecht ze kommen. Ee Mol do ukomm wäerten dës Leit, eis Fräiheeten, d’Demokratie an de Rechtsstaat ofbauen an domadder dat, wat eis Virfahren virun Jorzéngten mat vill Aarbecht a Blutt bezuelt hunn. Mir mussen d’Europäesch Unioun zesumme verbesseren! 

Nei Léisungen fir Europa kommen nëmmen, wann een d’Leit matschwätzen, matentscheeden a matschaffe léisst. Dir sollt d‘Soen hunn, wann et ëm äert Doheem, är Ëmwelt an är Steiergelder geet an a wichteg Entscheedungen mat agebonne ginn. Mat méi Matbestëmmung baue mer Vertrauen an d’Politik erëm op a ginn esou dem Haass, der Jalousie an de bëllege Proposen vun extreme Politiker:inne keng Chance!

Wien d‘Piraten wielt, dee wielt de Wee fir méi Biergerbedeelegung a Matbestëmmung.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt nei Léisungen fir Europa.

Wien d’Piraten wielt, dee wielt de Wee an eng nohaltëg Zukunft fir Mënsch, Déier an Natur.

Är Stëmm fir d’Piraten ass eng Stëmm fir eng Partei, déi aanechters un d’Politik erugeet, wéi aner Parteien dat maachen.

Vertraut eis den 9te Juni mat engem Kräiz op eiser Lëscht fir nei Léisungen fir Europa !

Eise Programm kuerz&knapp

Eise Walprogramm am Detail

Kontakt

E-Mail: ahoi@piraten.lu

Telefon: +352203337

Aktuelles

Leit, déi ee verletzten Déier fannen, kënnen dëst an eng Déierestatioun bréngen, wou d’Déier op der Plaz ka gehollef kréien. An de Statioune sinn
Gemengemandatairen – dat sinn d’Gemengeconseilleren, d’Schäffen an d’Buergermeeschteren – kréien ee Congé politique, fir hiert demokratescht Mandat kënnen z’erfëllen. Dëst op Basis vum modifizéierte
Mam Summerufank stinn déi nächst Hëtztwelle virun der Dier. Vill Leit ënnerschätzen d’Risiken vun den extreem héijen Temperaturen, grad fir eis Déieren. Et goufen
Fir Wäin hierzestellen, gëtt, einfach a knapp gesot, den Zocker am Drauwemost fermentéiert. Wat méi Zocker an der Drauf ass, wat henno méi Alkohol
Wéi RTL.lu an engem häitegen Artikel beriicht, soll ee Gemengeconseiller aus der Gemeng Käl/Téiteng engem Gemengebeamten aus der nämmlechter Gemeng per Bréif opgefuerdert hunn,
D’Regierung Frieden huet een Observatoire de la mobilité erschaf, dee massiv wäert d’Donnéeën vun de Leit asammelen a späicheren. Eng rieseg Datebank, wou d’Leit
An engem Facebook-Post huet de Mobilitéitsministere Werbung iwwert eng Visite vun der Ministesch bei der Firma LUXUAV gemaach. Am Post informéiert de Ministère och,
Een Artikel vum 19te Juni op reporter.lu beriicht iwwert eng Geriichtsaffär an deem ee Staatsbeamten aus dem Steierbüro zu Péiteng wéinst “prise illégale d’intérêts”
D’Hotelschoul wäert ee weidere Campus am GridX zu Wickreng opmaachen: “L’École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg ouvrira dès septembre 2025 dans la structure
D’Pensiounsreform war wärend de Walen 2023 keen Thema, mat dem d’Parteien am Walkampf informéiert haten, wat se wéilte maachen. Dëst am Géigesaz zur Steierreform,
D’Luxembourg Luxtimes beriicht, dass d’Firma Coinbase, déi am Beräich vun de Kryptowärungen aktiv ass, an den nächste Wochen Operatiounen zu Lëtzebuerg wäert starten: “US-based