Eternitsplacken op Haiser oder Gebaier

Hei am Land ginn et ëmmer nach eng Rëtsch Gebaier, an deenen Asbestproduiten ze fanne sinn, zum Beispill a Form vun Eternitsplacken um Dach vun engem Gebai. Vill vun dëse Gebaier sinn dann och scho méi al a stamen aus de 60er, 70er oder och nach den 80er Joren. Ab Mëtt vun den 1980er Joer goufen opgrond vun de gesondheetleche Risiken no a no ëmmer méi Produite verbueden, déi Asbest enthalen, äert et 2001 zu engem generelle Verbuet vu solche Produite koum.  D’Besäitegen vun asbesthaltege Produiten am Kader vun enger Renovatioun sinn awer mat beträchtleche Käschte verbonnen, soudass et fir vill Proprietaire finanziell net méiglech ass, fir entspriechend Renovatiounen duerchféieren ze loossen.  Rezent koum et zu Leideleng zu engem Brand an enger Scheier. Den Dag duerno gouf et dunn eng Warnung fir d’Leit an der Géigend, dass wuel Asbest nom Brand gemooss gi wär. Esou hätt den Daach vun der Scheier aus Eternitsplacke bestanen an beim Brand ass Asbest fräigesat ginn. Dëst wär och de Grond fir eng kleng Explosioun gewiescht, nodeems den Eternit gebrannt hat. Do dernieft hätten et och eng Partie Eternit-Stockagen um Site selwer ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wees de Ministère, wéi vill Haiser a Gebäier hei am Land nach mat Ethernite an aneren asbesthaltegen Materialie gedeckt sinn?

  2. Plangt de Ministère, Hëllefen ze proposéieren, fir Persounen, deenen hir Haiser oder Gebaier mat Eternit oder aner astbesthaltegen Materialer gedeckt sinn, fir si ze motivéieren, een neien Daach maachen ze loossen?

  3. Plangt de Ministère, fir Persounen, an deenen hiren Haiser oder Gebaier asbesthalteg Produite verschafft goufen, finanziell Hëllefen am Kader vun enger Renovatioun an domat der Besäitegung vum Asbest ze proposéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 695

Zesummenhang posts

De Professor Phillip Dale huet zesumme mat Science.lu d’Fro analyséiert huet, ob Lëtzebuerg kéint säin Energiebedarf zu 100% selwer a klimaneutral hierstellen (https://science.lu/de/science-check-energiewende-erneuerbare-energien/kann-luxemburg-seinen-energiebedarf-zu-100-klimaneutral-selbst-herstellen ).
Lëtzebuerg war déi lescht Joren ëmmer erëm op den UN-Klimakonferenzen (COP) dobäi. D’Konferenz dëst Joer wäert zu Baku stattfannen. D’Haaptthema vun dëser Konferenz wäert
Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Institutiounen, déi Autismus-Diagnose maachen,eng dovunner ass d’FAL. Dëst sot rezent RTL géintiwwer, dass een am Moment bei enger Waardelëscht