Etat de la nation 2022

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten begréis- sen d’Éierlechkeet, mat där de Premier en Dënsch- den a senger Ried op d’mannst zu engem klengen Deel zouginn huet, wat zu Lëtzebuerg net gutt leeft. Mee dat geet bei Wäitem net duer, well mir sinn an enger Multikris: Logement, Klima, Inflatioun, Santé. Et brennt zu alle Säiten!

Mir begréisse verschidde Mesuren, déi am Kader vum Premier senger Ried ugekënnegt goufen. Si sinn zumindest de Versuch, eng Äntwert op dëse Fläche- brand ze liwweren.

Datt d’Fotovoltaikanlagen elo kënne vum Staat op Diecher vu Privatgebaier gebaut ginn, begréisse mer, ass et dach genau dat, wat mer mat eisem Sunergy- Programm säit Mee 2021 hei gefuerdert hunn! Datt de Staat déi Anlage bezilt a se de Leit herno iwwer- schreift, wann en d’Geld vun der Installatioun erëm eranhuet, ass eng gutt Saach. Just schued, datt mer net wëssen, ab wéini et da komme soll.

Mir hoffen, datt de Staat dann elo och endlech bei sech selwer net nëmmen eng Schëpp, mee zéng Schëppe bäileet, well déi 4 % un Anlagen op ëffent- lechen Diecher si fir sech geholl eng Schan. Och déi Iddi, datt ab engem gewëssene Joer all neit Gebai soll mussen eng Anlag direkt mat drop kréien, déi am Zweifel vum Staat gebaut gëtt, ass begréissenswäert. Mir wéilten dat awer schonn 2023 ëmgesat gesinn, esou séier wéi méiglech op jidde Fall, well och hei seet d’Regierung jo erëm keng Datumer!

Och datt en Nohaltegkeetscheck bei de Gesetzes- projete kënnt, begréisse mer. Mir haten dee scho virun zwee Joer an enger Motioun gefuerdert, deemools fir industriell Projeten, also nëmme fir en Deel vun deem, wat d’Regierung elo annoncéiert huet. An deemools gouf du gesot, dat misst een net matmaachen. Mee bon, besser spéit wéi ni!

An och aner Proposen héiere sech op den éischte Bléck gutt un; waarde mer den Detail nach of: méi Cowor- kingspace, méi Better an den Altersheemer – wann dann och nach eng Dusch derbäi ass, ass dat super –, den Amortissement accéléré just nach zweemol am Liewen, e Gesetz fir interkulturellt Zesummeliewen, eng Erneierung vum Transparenzgesetz.

Jo, dat kléngt gutt, mee d’Regierung kann eis do awer nach ëmmer net soen, wéini dat alles soll kommen. D’Ukënnegunge si jo schéin a gutt, mee ouni konkreet Daten ze nennen, kënnen d’Chamber an d’Medien hir Kontrollmissioun, hire Rappell net wouerhuelen.

Här President, de Premier huet en Dënschdeg kloer Wierder géint de russeschen Ugrëffskrich fonnt. Deem kënne mir Piraten eis nëmmen uschléissen. D’Piraten schwätze sech kloer fir d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain aus. Mir Piraten stellen d’Integritéit vum ukraineschen Territoire net a Fro. Et ass lächer- lech, wann ee verschidde Parteien hei an der Cham- ber héiert, déi soen, et misst ee sech den neie Realitéite stellen. Nee! Mir ënnerstëtzen d’Ukrain. Mir ënnerstëtzen déi ukrainesch Bierger. Mir ënnerstët- zen déi ukrainesch Natioun. A mir ënnerstëtzen och déi ukrainesch Flüchtlingen, déi hei am Land Schutz sichen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Pre- mier huet a senger Ried vun enger grousser sozialer Steierreform geschwat. Ech froe mech dann awer, vu wéi enger Reform hie schwätzt, zumindest vu kenger an dëser Legislatur. Well ass et éieren déi Reform, bei där déi Elengerzéiend komplett vergiess goufen? Déi Steierreform, bei där d’Dividenden nach ëmmer man- ner besteiert gi wéi de Salaire? Also mir gesinn net, wou an dëser Legislatur esou eng sozial Steierreform geschitt wier!

D’Caritas huet eis viru Kuerzem nach eng Kéier an Erënnerung geruff, datt déi lescht dräi Joer den Aar- mutsrisiko hei am Land nach eng Kéier an d’Luucht gaangen ass. An net all d’Leit sinn d’nämmlecht be- traff vum Aarmutsrisiko. Et si grad déi Leit, déi kee staarkt soziaalt Netz hunn, Famill a Frënn, déi der Aarmut am schnellsten ausgesat sinn an déi schnell an d’finanziellt Lach fale kënnen. Den Aarmutsrisiko fir Elengerzéiender an hir Kanner läit hei am Land bei iwwer 40 %. Dat dierf net sinn! Eng Etüd huet erginn, datt eent vu véier Kanner hei am Land mol keng zwee Puer Schong am Joer kaaft ka kréien. Eent vu véier! Dat ass méi wéi nëmmen traureg.

Mir Piraten bleiwe Verfechter vun enger Steierreform, wou ee sech net muss bestueden, fir e faire Steiersaz ze bezuelen, a wou een net bestrooft gëtt, wann ee säi Partner verléiert.

An der Ried vum Premier ass d’Wuert „Verantwor- tung“ ganz heefeg gefall. Eis Meenung ass: Eng ver- antwortungsvoll Regierung hält hiert Wuert a suergt derfir, datt keen hei am Land opgrond vu sengem Bezéiungsstatus fiskalesch diskriminéiert gëtt. Eng verantwortungsvoll Regierung lauschtert de Bier- gerinnen a Bierger no a behaapt net, datt si sech vu kengem Lektioune muss gi loossen. Dat gëllt virun allem a Saache Steierpolitik.

D’Regierung wëllt mëttelfristeg erëm schwaarz Zuele schreiwen. Wien dorunner gleeft, dee gleeft och un de Kleeschen. An Äre beschte Joren hutt Dir et net fäerdegbruecht, dee berüümten Apel fir den Duuscht op d’Säit ze leeën!

Plusieurs voix | A!

M. Sven Clement (Piraten) | A Viz hutt Der och net draus gemaach. An dat hu mer virun der Covidpan- demie och oft genuch kritiséiert. Och hei soe mer: Eng verantwortungsvoll Regierung verzielt keng Mä- rercher! Well fir schwaarz Zuele muss eis Wirtschaft weider no uewen explodéieren oder de Staat méi Steierrecetten anhuelen oder mir mussen iergend- wou spueren. De Premier huet net duerchblécke ge- looss, a wéi eng vun deenen zwou Richtungen et da soll goen, fir mëttelfristeg dat Zil ze erreechen. Och hei: Verantwortung iwwerhuele bedeit och, datt een e Plang an e Kompass huet.

Mir Piraten hunn et an dësem héijen Haus och schonn oft gesot a mir soen et haut nach eng Kéier: Mir brauchen eng Steierreform ouni Honnerte vun Ausnamen. Ob Salairen, Dividenden oder Loyeren, all Akommes soll zum Schluss vum Joer an een Dëppe gehäit ginn an dorobber sollte mer dann den ent- spriechende Steiersaz bezuelen.

Mir Piraten ënnerstëtzen och weiderhin d’Fuerderung no enger Erhéijung vum Spëtzesteiersaz vun aktuell 42 % mat stufeweisen Erhéijunge fir jiddereen, dee méi wéi 200.000 Euro d’Joer pro Persoun verdéngt, bis erop op 49 %. A mir bleiwen och bei eiser Fuer- derung vun engem steierfräie Mindestloun an enger steierfräier Mindestrent, esou wéi mer dat hei am Juli schonn duergeluecht hunn.

A mir mussen och endlech d’Monoparentalle steier- lech entlaaschten a besser ënnerstëtzen. A jo, ech hunn der Finanzministesch de Moie gutt nogelausch- tert. Si huet ugekënnegt, datt de Crédit d’impôt mo- noparental wäert erhéicht ginn, wat mer an enger éischter Instanz begréissen. Mee dat geet an eisen Aen net wäit genuch. Et sinn nach ëmmer Elenger- zéiender, déi net vun dësem Crédit d’impôt profitéie- ren, well se en net ufroen.

Mir Piraten fuerderen duerfir, datt eng Pist aus- geschafft gëtt, déi et erméiglecht, datt an Zukunft jiddereen, deen den CIM, also de Crédit d’impôt mo- noparental, zegutthuet, en och direkt op d’Steierkaart gesat kritt. Duerfir hunn ech eng Motioun mat- bruecht, Här President.

Motion 5

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

– Am Koalitiounsaccord vun der aktueller Regierung ass virgesinn, dass Lëtzebuerg eng Steierreform soll kréien, déi d’Persounen onofhängeg vun hirer Liewenssituatioun soll besteieren;

– aktuell ginn Elengerzéiender an der Steierklass 1a be- steiert, déi par rapport zur Steierklass 2 defavorabel ass;

– d’Zuelen aus dem Panorama social 2022 vun der CSL a vill aner Etüde weisen, dass d’elengerzéiend Elteren nach ëmmer eng vun de Gruppen hei am Land sinn, déi dem Aarmutsrisiko am meeschten ausgesat sinn;

– d’Finanzministesch huet an hirer Ried zum Budget 2023 ugekënnegt, dass de Steierkredit fir elengerzéiend Elteren (CIM) soll erhéicht a vu méi Elengerzéiende kënne beu– sprocht ginn;

– den CIM muss explizitt vum Steierzueler beim Depôt vu senger Steiererklärung ugefrot ginn a vill Persoune wës- sen net, wéi dat geet, oder wëssen net mol, dass et den CIM iwwerhaapt gëtt.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung,

– eng Léisung auszeschaffen, déi et erméiglecht, fir den elengerzéiende Steierzueler de Montant vum CIM auto– matesch ofzehalen oder auszebezuelen, an dëst pro Mount an ouni mussen eng Demande dofir ze maachen.

(s.) Sven Clement.

M. Fernand Etgen, Président | Merci.

M. Sven Clement (Piraten) | Et ass eis bewosst, datt dat net vun haut op muer ka goen. Duerfir hu mer och net gesot, datt et muer muss ëmgesat sinn, mee et sollt ee sech eng Pist ginn, wéi een dohinner kënnt.

Vun de Steieren dann zu engem piratesche Kär- theema, derDigitaliséierung: Mir Piraten begréissen, datt d’Regierung weider an d’Digitaliséierung inves- téiert. Mir hate jo scho parlamentaresch Froen, zum Beispill zum digitale Portmonni, a mir sinn och fir esou eng Mesure, fir Paperassen ze digitaliséieren.

Mir hoffen och, datt d’Regierung elo endlech ver-

stanen huet, datt Open Data de Wee ass an eng biergerno digital Zukunft, well d’Regierung huet bis elo de Prinzipp vum Open Data definitiv net iwwerall respektéiert. Vill ze vill Dokumenter sinn als PDF oder an aneren, net accessibelen an domadder net weider- verwendbare Formater publizéiert ginn. A wann et wouer ass, datt d’Donnéen de Pëtrol, jo, mëttlerweil muss een éischter soen de Gas vum 21. Joerhonnert sinn, da muss ee se och exploitabel maachen.

A wann et ëm Open Source geet, mierkt een, datt fir dës Regierung d’Digitaliséierung dach seele méi wéi e Schlagwuert ass. D’CovidCheck-App war zwar op Open Source opgebaut, mee d’Regierung huet dat einfach, am Broch vu legale Lizenzen, net propper de- klaréiert. Si huet u sech géint Gesetzer verstouss. Och dat ass e staarkt Stéck an ass am Secteur natierlech deementspriechend opgefall. Hei mussen also defini- tiv nach Hausaufgabe gemaach gi vun deenen zwee bloe Ministere fir Digitaliséierung.

An da vun engem u sech méi positiven Theema zu enger vun deene ville Krisen, déi eist Land am Mo- ment belaaschten.

Här President, duerch d’Inflatioun sinn d’Zënse staark geklommen. Verschidde Leit musse bis zu 500 Euro op hire Prêt de Mount méi bezuele wéi nach d’lescht Joer. Hir Schold gëtt méi grouss an dëst trëfft virun allem d’Menagen, déi hu missen hire Prêt op e varia- belen Taux opbauen, déi guer keen oder nëmmen e klengen Deel zu engem Taux fixe geléint kruten. Hir Zënsen hu sech zum Deel méi wéi verduebelt.

An duerfir fuerdere mir Piraten, datt de Plaffong, fir d’Zënse vun engem eegene Prêt steierlech ofzeset- zen, verduebelt soll ginn.

Här President, wannechgelift.

Motion 6

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

– Bei engem Haus, wat eng Koppel bewunnt, dierf déi op 30 Joer 40.000 € pro Persoun vun de Steieren ofsetzen;

– wann eng Koppel haut 1.000.000 € léine geet, bezilt déi ronn 37.500 € Zënsen am éischte Joer, et dierf een als Koppel awer nëmmen 2.000 € pro Persoun op der Steier ofsetzen. Op 30 Joer bezilt een 3,75 % Zënsen, dat sinn 665.000 € op de ganze Prêt;

– den Ënnerscheed tëscht dem Undeel, deen een haut kann ofsetzen an deen ee virun zwee Joer bei 1,8 % Zënse konnt ofsetzen, huet sech halbéiert.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung,

– den Undeel un Zënsen ze verduebelen, déi ee bei sen- gem Prêt fir déi Immobilie, wou ee selwer dra wunnt, dierf ofsetzen.

(s.) Sven Clement.

M. Fernand Etgen, Président | Merci.

M. Sven Clement (Piraten) | Mir wëllen awer net nëmmen déi entlaaschten, déi duerch héich genuch Paien iwwerhaapt genuch Récklagen haten, fir hei zu Lëtzebuerg nach iwwerhaapt iergendeppes kafen ze kënnen. Et muss och deene gehollef ginn, déi hiert Liewe laang hire Loyer bezuelen an héchstwarschein- lech do och ni draus eraus wäerte kommen, deenen, déi all Mount d’Suen net un eng Bank, mee un e Pro- prietär bezuelen, deen awer d’Zënsen op sengem Prêt kann ofsetzen an deen eventuell och nach aner Investitioune kann ofsetzen. Och hei fuerdere mir nach eng weider Kéier, datt de Loyer och zu engem Deel soll steierlech berücksichtegt ginn.

Här President, wannechgelift.

Motioun 7:

– D’Regierung wëllt d’Recht op Wunnen an de Vierder- grond stellen;

– aktuell bevirdeelegt déi lëtzebuergesch Steierpolitik d’Proprietären, déi d’Zënse vun hiren Immobilieprête souwéi den Amortissement accéléré kënne vun hirer Steier- laascht ofsetzen;

– d’Locatairen hunn aktuell keng Méiglechkeet, fir hir Wunnkäschte vun hire Steieren ofzesetzen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung,

– d’Méiglechkeet auszeschaffen, fir de Loyer bis zu engem bestëmmte Plaffong kënne vun der Akommessteier ofze- setzen.

(s.) Sven Clement.

M. Fernand Etgen, Président | Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | A wie Logement seet,

dee schwätzt natierlech och vun der Grondsteier.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir sinn erliichtert, datt d’Regierung endlech an hirem leschten Amtsjoer mat enger konkreeter Propos fir d’Aféiere vun enger Grondsteier komm ass. Mir Piraten begréissen dës Initiativ an ënnerstëtze se, och wa mer, Stand haut, nach net zu 100 % mat allen Aspekter averstane sinn. Mir géifen eis zum Beispill wënschen, datt d’Situatioun vun den Elengerzéienden a Wittfraen a Wittmänner, also de Contribuabelen aus der Steier- klass 1a, bei dëser Steier besser berücksichtegt géif ginn. Déi nei Grondsteier hält, esou wéi et aktuell ausgesäit, awer weider un der Traditioun fest a baut elo souguer Krittären an, wéi eng Ekipementer um Grondstéck sinn a wéi eng Servicer nieft mengem Grondstéck leien.

Do riskéiere mer an eisen Aen, dann alt erëm an d’Onsécherheet ze geroden, wann d’Steierverwaltung fir d’Bewäertung vu mengem Terrain matarechent, ob elo e Bäcker nieft mengem Haus ass oder e Blumme- buttek. An datt een, dee Monoparentall ass an nach iergendwéi erlaabt krut, d’Haus, dat fréiert gemein- saamt Haus, ze halen an elo eleng dra wunnt mat senge Kanner, méi Grondsteier muss bezuele wéi een, deen an der Koppel dra wunnt, dat ass fir eis net nozevollzéien.

Och d’Bewäertung, wéi wäit e Grondstéck vun der Stad Lëtzebuerg ewech läit, ass an eisen Aen net zil- féierend. Firwat soll ee vu Péiteng méi Grondsteier musse bezuele wéi eng Persoun vun Dikrech? Mir sinn an enger Logementskris an do zielt all eidelen Terrain, egal wou e läit.

Mir fäerten awer, datt d’Opstelle vun der neier Steier, y inclus dann och déi fir broochleiend Lännereien, alt nees vill bürokrateschen Opwand a Ressourcë viraus- setzt. Mir gesi jo, wéi laang se schonn dru geschafft hunn. Amplaz sech d’Grondsteier méi einfach ze maa- chen, wëllt een erëm eppes Komplizéiertes opbauen, wat vill Manpower an de Verwaltunge viraussetzt an en Doktertitel fir ze verstoen, ob een dann elo richteg besteiert gouf. A mir als Piraten sinn der Meenung, hei sollt een éischter nom Prinzipp vun der TVA fue- ren: eng einfach Steier, wierksam a kloer fir jidder- een.

Dat selwecht gëllt jo och fir déi ugekënnegt Steier op Bauland. Mir Piraten hate jo selwer schonn d’lescht Joer, beim leschten État de la nation, eng Gesetzes- propositioun agereecht, fir genausou eng Steier op Bauterrainen anzeféieren, iwwregens eng méi séier progressiv Steier. Der Regierung war eis Propos net gutt genuch a si wollt eng besser maachen. E bësse

schmunzele musse mer dann awer, well tëschent eise Proposen, där vun de Piraten an där vun der Majori- téit, leie keng Risenënnerscheeder, haaptsächlech d’Montanten an d’Joren, wéini se gräifen. A souguer den Numm – dat ass da warscheinlech dem Franséi- sche geschëllt – hutt Der praktesch vun eisem Vir- schlag iwwerholl.

Duerfir kann ech d’Kritik, déi d’Regierung deemools un eiser Propos gemaach huet, och net méi ganz no- vollzéien, ausser et wären Detailfroe gewiescht. Mee dann hätte mer kënnen iwwert den Detail schwätzen an do zesummeschaffen, a mir hätten elo schonn eventuell eppes zum Vott kënne bréngen.

Ech gesinn net wierklech, wou d’Propos, déi elo vir- läit, besser soll si wéi déi virun engem Joer. Ech hue- len duerfir einfach emol un, d’Regierung presentéiert Iddie léiwer selwer, wéi se presentéiert ze kréien. Mee domadder kënne mir ganz gutt liewen. Et geet eis ëm d’Saach, a gutt Iddie sinn do, fir kopéiert ze ginn.

An deem Sënn freeë mer eis och, datt Der de Geset- zesprojet zum Mietgesetz – wat schonn 2020 hei an der Chamber deposéiert gouf – nach iergendwou, au fin fond du tiroir, erëmfonnt hutt. Vill Zäit ass näm- lech zanterhier vergaangen a bei den Annoncë vum Wunnengsminister muss een dann awer feststellen, datt net vill Neies beim Iwwerschaffe vum Gesetz derbäikomm ass, ausser dem neien Deckel vun de Loyeren op 3,5 %, deen een op den éischte Bléck begréisse kann, well ëmmerhi sinn d’Präisser hei am Land zënter 2018 reegelrecht explodéiert. Iwwer 20.000 Stéit ginn iwwert d’Hallschent vun hirem Re- venu aus fir ze lounen.

An trotzdeem wäert dëse Mietdeckel nëmmen e be- grenzten Impakt op d’Locatiounspräisser hunn. Fir en Appartement, wat 1 Millioun wäert ass, kann een an Zukunft, sous condition, datt een et haut keeft – zur Reevaluatioun kommen ech nach –, dann nëmmen nach 35.000 Euro amplaz 50.000 Euro d’Joer froen. Pro Mount sinn dat 2.900 Euro. Déi Zomme sinn um Locatiounsmarché dann awer nach éischter seelen. Fir dee Präis kritt Der aktuell iwwregens 90 Quadrat- meter mat zwou Kummeren um Lampertsbierg ze lounen. Avis aux amateurs!

A wa mer scho bei den Amateure sinn, da muss ee mer erklären, wéi een eng Reform mécht, fir d’Präisser ze bremsen, an dann e Communiqué erausgëtt, dee seet, datt d’Präisser souguer nach weider klamme kéinten duerch de Prinzipp vun der Reevaluatioun vum Ca- pital investi. Mee et mécht op alle Fall Sënn, hei den Deckel un d’Evolutioun vun de Wunnengspräisser un- zepassen, fir extreem Abusen ze verhënneren. Mee sot dach net op där enger Säit, a): „Mir wëllen d’Präisser bremsen“, fir op där anerer Säit, b), e Communiqué erauszeschécken, wou Der de Leit nach virrechent, datt d’Präisser souguer an d’Luucht kéinte goen!

An esou musse mer an der Rubrik Logement dann och soen, datt mer déi vill Moossnamen, déi elo end- lech méi konkreet ginn, um Fong begréissen, datt an der Form an am Detail awer nach vill ze schaffen ass. Gläichzäiteg musse mer dann och kritiséieren, datt vill Moossnamen an Annoncen einfach däitlech ze spéit kommen.

Zënter datt dës Regierung d’Verantwortung hei am Land iwwerholl huet, ass d’Wunnengskris eréischt esou richteg a Schwong komm. Mir hunn de Pro- moteuren an de Groussgrondbesëtzer vill ze laang hei am Land de Marché eleng iwwerlooss. Domad- der muss endlech Schluss sinn! Den Dossier Loge- ment ass eng Prioritéit fir d’Land. An och wa mir Piraten sécher net mat all Punkt a Komma vun de

Moossnamen averstane sinn, esou fannt Der um

Fong vun de Projeten eis Ënnerstëtzung.

Mir sollten elo als Chamber weisen, datt mer den Eescht vun der Situatioun erkannt hunn an dës Projete schnell duerch d’legislativ Prozedur bréngen a se net erëm an engem Tirang verschwanne loossen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et exis- téiert hei am Land nieft dem Wunnen awer nach eng weider, eng änlech grouss Prioritéit, an dat ass d’Ëmwelt- a Klimapolitik. Wien dem Premier bei senger Ried gëschter nogelauschtert huet, deen huet heibannen d’Impressioun gehat, datt dës Regierung verstanen huet, datt mer eise Planéit an eis Ressourcë schütze mussen, datt mer mussen ewechkomme vu fossillen an nuklearen Energiequellen. Op deem Punkt si mer eis mat der Regierung zu honnert Pro- zent eens: De Klimawandel ass déi gréisst Gefor fir d’ganz Mënschheet a betrëfft och eist Land. A Be- weiser dofir gëtt et genuch, vum Tornado 2019 iwwert déi laang Dréchente bis hin zu massiven Iw- werschwemmungen. D’Natur huet sech verännert. Entweeder gëtt et ze wéineg oder et gëtt ze vill, mee genau dee richtege Moossstaf hu mer net méi. Mir sinn an enger Period, an där d’Extreemwieder ëmmer méi heefeg gëtt.

Mir mussen elo och zu Lëtzebuerg konsequent han- delen, éischtens aus Eegeninteressi, mee och aus So- lidaritéit zu de Mënschen op anere Plazen op der Welt an zu de Mënschen, déi no eis kommen.

Mir Piraten deelen zwar och hei dem Premier seng Vi- sioun, mee mir deelen net säi Constat, wou Lëtzebuerg aktuell dru wier am Kampf géint de Klimawandel.

Wéi schonn am Ufank gesot, begréisse mer, datt eis Propos iwwert d’bezuelbar Fotovoltaik soll kommen, och wann nach ëmmer net gewosst ass, wéini. Et mag jo stëmmen, datt d’lescht Joer och 4,6 Millioune Kilo- meter mat Elektroautoen hei am Land gefuer goufen. Ma wéi vill Milliounen oder Milliarde Kilometer sinn an der selwechter Zäit nach mat Diesel oder Super 98 iwwer eis Stroosse gefuer ginn?

Joer fir Joer hëlt Lëtzebuerg beim Earth Overshoot Day d’Sëlwermedail, wat de Verbrauch vu Ressour- cen ugeet. An dat soll keng Ambitioun fir eis sinn, fir d’Goldmedail ze kréien, well déi gëtt am Moment vum Katar gehalen.

Ech kéint nach vill weider Beispiller huelen an och d’Regierung an hire Verwaltungsapparat an d’Verant- wortung huelen, well ëmmer nach gi Staatsgebaier mat Gasheizungen oder Masutt gehëtzt. An am Be- räich vum staatleche Wunnengsbau sinn nach ëmmer Projeten am Bau, déi mat Gas hëtzen.

Här President, mir wënschen eis virun allem eng kon- sequent an éierlech Politik. De Premier huet gëschter nees eng Pirouette gedréit, wat de Gaspräisdeckel op EU-Niveau ugeet. Fir d’éischt kréie mer hei an der Chamber gesot, datt d’Regierung en Deckel op EU-Ni- veau géif ënnerstëtzen, fir Solidaritéit an Zesummen- halt mat deenen anere Memberstaaten ze hunn. Et wéilt een en Deckel, oder vläicht awer e Korridor oder eppes aneschters – wou mer eis net méi esou sécher waren, et koum keng kloer Ausso. An dann heescht et déi Deeg duerno aus der Press, datt eise Premier an eisen Energieminister dës Fuerderung zesumme mat Däitschland blockéieren. Däitschland, dat sech, wat de Gaspräis ugeet, am Moment alles anescht wéi soli- daresch verhält.

Mir sinn dësen Hin an Hier leed! Mir wëlle wëssen, wéi d’Regierung zum Gaspräisdeckel steet. A mir wël- len eng Regierung, déi sech un hiert Wuert hei an der Chamber hält, an net zwee Deeg drop aus der Press gewuer ginn, datt et erëm anescht wär.

Wat A soen a B maachen ugeet, esou fanne mir Pira- ten et och absolutt inakzeptabel, datt d’Leit, déi sech de Stroum oder de Gas net méi leeschte kënnen, awer de Krunn zougedréit kréien! De Premier an den Energieminister haten heibanne versprach, datt keen, dee seng Rechnungen net ka bezuelen, misst fäerten, am Kalen an am Däischtere gelooss ze ginn.

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | Dat stëmmt awer net. Mir Piraten wësse mëttlerweil vu ville Fäll, wou d’Leit eleng gelooss goufen a si op eemol kee Gas oder keen Elektresch méi haten.

Ech fuerderen d’Regierung nach eng Kéier op, sech un hiert Wuert ze halen. Haalt op, de Leit ouni Geld de Stroum ze spären! Haalt op, d’Leit, d’Familljen, d’Kanner am Kale sëtzen ze loossen! Haalt Äert Wuert, nondidjö!

Plusieurs voix | O!

M. Fernand Etgen, Président | Oo! Wannechgelift, Här Clement, dat doten ass eng Terminologie, déi an dësem Haus net erlaabt ass!

(Brouhaha)

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, kënnt Der mer wannechgelift den Artikel aus dem Regle- ment weisen?

M. Fernand Etgen, Président | Well soss musse mer „game over“ maachen.

Une voix | Lamentabel!

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, kënnt Der mer wannechgelift den Artikel aus dem Regle- ment zitéieren, wou dat drasteet?

M. Fernand Etgen, Président | Et ass de 37.

M. Sven Clement (Piraten) | Ok! Mir huelen dat dann zu Protokoll a mir kucken, ob „nondidjö“ do drënnerfält.

Plusieurs voix | O!

M. Sven Clement (Piraten) | Wann net, behalen ech mer vir, vu datt ech hei och schonn aner Termen héie- ren hunn, dat awer nach eng Kéier an der Conférence des Présidents ze thematiséieren, Här President. Well Ären Ausruff ass och net onbedéngt der Neutralitéit vum President wierdeg gewiescht.

M. Gilles Baum (DP) | An der Conférénce des Prési- dents hutt Der kee Stëmmrecht …

M. Sven Clement (Piraten) | Jo, och dat kéint een emol eng Kéier iwwert d’fair Behandlung zwëschent de Parteien thematiséieren, Här Baum, datt een hei- bannen et fäerdegbruecht huet, duerch reglemen- taresch Tricken 8 vu 60 Deputéierten d’Stëmmrecht an engem Gremium, deen iwwert den Ordre du jour entscheet, ewechzehuelen.

M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État | … fënnef Minutten, just zur Informatioun.

M. Sven Clement (Piraten) | Här Premier, maacht Iech keng Suergen driwwer, wéi vill Zäit ech nach hunn!

M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État | Nee, et ass fir Iech …

M. Sven Clement (Piraten) | Ech kréie meng Zäit gutt geréiert. Maacht Iech keng Suergen ëm mech!

(Brouhaha)

M. Dan Kersch (LSAP) | Här Clement, entschëllegt Iech einfach! Et ka jiddwerengem virkommen, mee dann insistéiert net nach drop!

M. Sven Clement (Piraten) | No dësem méi negati- ven Theema dann eppes, wat erëm méi positiv ass, d’Biergerbedeelegung.

(Interruption)

Ech wëll dann och do nach e Wuert zur Bedeelegung soen – nodeem ech mech jo elo hei iwwert de Mangel deelweis u Bedeelegung hei an der Chamber konnt ausloossen–, an zwar zum Klima-Biergerrot, dee vum Premierminister an och vum Chamberspresident schonn e puermol als innovatiivt, neit, demokratescht Instrument gedeeft gouf.

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | Mir fannen et gutt, datt d’Regierung esou engem Biergergremium d’Chance ginn huet, fir sech ze beweisen. Mir stelle fest, dass sech d’Meenung vun der Majoritéit zum Biergerrot geännert huet. Dat freet eis. Well 2019 hate mer näm- lech e Gesetzesvirschlag fir d’Aféierung vun engem permanente Biergerrot nom belsche Modell age- reecht. Wat iwwregens weist, wéi innovativ et wierk- lech ass, well et gëtt dat an der Nopeschregioun vun der däitschsproocheger Belsch scho méi laang.

Deemools hat d’Regierung sech kritesch an zréckhalend géintiwwer méi Biergerbedeelegung ausgeschwat. D’Regierung schwätzt also gäre vu Participatioun, mee eigentlech war et och erëm nëmmen eng Schäinpartici- patioun, well nëmmen zu engem Theema oder engem Theemekomplex diskutéiert gouf an net zu all deenen Theemen, déi vläicht néideg wieren.

D’Regierung lueft sech, datt d’Leit eng politesch Parti- cipatioun hunn, an nennt als Beispill de Klima-Bier- gerrot. Si schwätzt grouss dervun, wéi gutt de Rot ass a wéi gutt dëse geschafft huet a wéi wichteg et ass, datt d’Leit sech politesch kënne bedeelegen. Knapps kommen dann awer déi éischt Resultater op den Dësch, dann ass e Minister, jo, souguer e Vizepremier- minister an de Medien, deen hir Resultater awer di- rekt ewechbeetscht an dës offensichtlech direkt wëllt an den Tirang leeën.

Mir sinn als basisdemokratesch Partei der Meenung, datt een d’Bierger bei allen Theemen hei am Land muss abannen an net nëmmen dann e Gremium an d’Liewe rifft, wann et engem an de Krom passt.

Här President, dann nach zur leschter Kris, déi sech mat groussem Ulaf ugekënnegt huet. Wa mer haut iwwert d’Lag vun der Natioun schwätzen, da komme mer leider net derlaanscht, fir iwwert d’Gesondheet vun der Natioun ze schwätzen. An déi ass net gutt.

D’Gesondheetspolitik hei am Land päift aus dem leschte Lach. Mir hu jo vläicht d’Covidpandemie bis elo hannert eis bruecht, mee ausser am Beräich vum Covid ass net vill Konkreetes zur Verbesserung vum Gesondheetssystem geleescht ginn, am Géigendeel. De Problem vum Personalmangel am Santésberäich ass zënter Laangem an net eréischt zënter dem Covid bekannt. An trotzdeem ass an deene leschte Joren net vill geschitt, fir d’Aarbecht an dëser Branche méi attraktiv ze maachen an hir nees méi Wäert ze ginn.

De Spideeler lafen d’Leit dervun. E weidert Beispill vun dësem politesche Versoen ass Ettelbréck, wou d’Problemer jo mëttlerweil esou grouss sinn, datt se iwwerhaapt net méi ze iwwersi sinn. Eng Maternité, déi wochelaang zou ass, a Kardiologen, déi um Enn vum Joer alleguerte fort sinn. De Leit am Norde kann ee bal nëmmen nach roden, am neie Joer nëmme keen Häerzinfarkt ze maachen, soss kéint et sinn, datt se opgrond vu joerzéngtelaanger falscher res- pektiv net virhandener Santéspolitik stierwen, well se

net rechtzäiteg bei de Kardiolog kommen, an dat an

engem räiche Land wéi Lëtzebuerg.

En Hon ass et och, wa bei enger Seance zu enger Petitioun erauskënnt, datt eng privat Associatioun muss mat Gelder en Dokter bezuelen, fir datt keng zwee Doktere méi feelen, mee just nach een. Dat ass en Debakel par excellence an eng déck Datz fir d’Gesondheetspolitik vun de leschte Joren!

De Conseil économique et social warnt a sengem leschten Avis do virdrun, datt et net esou ka weider- goen. Mir brauchen eng Verännerung vun eisem Gesondheetssystem, soss leeft dat Ganzt eng Kéier riicht an d’Mauer. Mir brauchen hei zu Lëtzebuerg e Reformwëllen, fir dëse Problem unzegoen. Wéi den CES richteg schreift, musse mer alles op de Leescht huelen, vun de Kompetenze vu verschiddene Beruffer iwwert d’Ausbildung bis hin zu de Rechter a Flichte vun de verschiddene Gesondheetsberuffer.

Ech hat gehofft, de Gesondheetsdësch wär dee Gre- mium gewiescht, wou et keng Tabue géif ginn, well de Gesondheetssecteur huet der Gesellschaft ze déngen. Mee och dat dauert an dauert. D’Regierung muss endlech domadder ophalen ze probéieren, mat Plooschteren hei eng arteriell Bluddung ze stoppen.

Här President, viru menger Konklusioun dann nach e Wuert zur Bildung hei am Land. De jorelaange Man- gel u qualifiéiertem Personal besteet net nëmmen am Beräich vun der Santé, mee en général och am Beräich vum Handwierk.

Den Educatiounsminister schwätzt zwar ëmmer nees dervun, datt d’Handwierk nees méi eng grouss Uner- kennung soll kréien an dobaussen e besseren Image soll kréien, um Terrain mierkt een awer wéineg do- vunner. Nach ëmmer feelen un allen Ecken an Ennen Handwierker, an dat matten an enger Logementskris, wou all qualifizéiert Handwierker oder Handwierke- rinnen dréngend gebraucht ginn.

Nëmmen duerch Mediecampagnë wäerte mer net méi Jonker an déi Beruffer kréien. Et muss een de Schülerinnen a Schüler an der Schoul weisen, wat d’Chancë vun esou engem Beruff sinn, wat d’Chancë vun der Selbstännegkeet sinn. De Staat muss och endlech ufänken, seng eegen Handwierkerinnen an Handwierker auszebilden.

Här President, ech kommen zum Schluss. Mir Piraten gesinn e puer richteg, e puer mof Akzenter. D’Regie- rung gesäit verschidde Problemer an, kënnt awer vill ze spéit mat Léisungsvirschléi. Dës Léisungsvirschléi sinn net genuch, fir der Multikris Meeschter ze ginn. D’Regierung nennt grouss Projeten a puncto ernei- erbar Energien, ouni awer ze verroden, wéini a wéi dës solle kommen. Mir hu beim EU-Gaspräisdeckel gesinn, datt een der Regierung net ëmmer gleewe kann, datt aus A och emol B ka ginn, wa se Saachen an der Chamber versprécht.

Zesummenhang posts

Context: Etat de la nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Datt eng Réi Mesuren nom Logementsdësch der Chamber proposéiert gi sinn. Dës
Context: Etat de la Nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi viregt Regierung sech d’Zil gesat hat, datt bis 2030 solle 50
De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ vun 2018 hält fest, dass eng reegelméisseg Evaluatioun vun der Ëmsetzung vum