Laut New York Times wëll Amazon weltwäit 10’000 Aarbechter entloossen. Amazon huet och ee Standuert zu Lëtzebuerg.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Huet de Minister Kenntnis doriwwer, ob och Aarbechter zu Lëtzebuerg entlooss solle ginn? Wa jo, wéi vill?
-
Huet d’Regierung scho Gespréicher mat Amazon gesicht, fir sech z’informéieren, wéi et ëm de Standuert Lëtzebuerg steet?
QP Nummer 7203