Laut Gesetz vum 5. Mee 2006 a vum 18. Dezember 2015, huet d’Police d’Recht, fir DPIen ofzetaaschten a Géigestänn ze ënnersichen, déi se bäi sech droen. Am Projet de loi n°5437 stoung als Begrënnung deemools:
“(…) il apparaît qu’au Luxembourg, de plus en plus de demandeurs d’asile se présentent sans être en possession d’un document d’identité quelconque. (…) Or, il est souvent apparu que les demandeurs d’asile cachaient délibérément ces pièces d’identité afin d’éviter un éventuel transfert vers un autre État membre de l’Union européenne, voire d’empêcher un rapatriement ultérieur après la procédure d’asile. Dès lors, il est impératif de prévoir cette possibilité de fouille afin d’endiguer ces abus manifestes.”
D’Auteure vum Text hunn also an éischter Linn drop viséiert, fir verstoppe Päss oder Carte d’identitéeë bei de Persounen ze fannen. Laut der Mënscherechtskommissioun an dem Flüchtlingsrot kënnt et um Terrain zu Situatiounen, an deenen DPIen ofgetaascht ginn an hir Handyen oder Computeren ënnersicht ginn. Deemno géifen d’Policebeamten och deelweis Fotoen oder Text-Messagë vun de Betraffenen duerchforsten.
Mam d’Duerchkucke vun Handyen oder Computere léisst sech vill iwwert Persounen erausfannen, zum Beispill Informatiounen iwwert Hobbyen oder Frënn awer och iwwert d’sexuell Orientéierung an d’Relioun.
Esou Duerchsichunge ginn och an Däitschland gemaach, wou den Däitsche Bundestag zousätzlech Informatiounen zu dësem Thema gefrot huet. Am Dokument “Ergänzende Informatiounen zur Asylstatistik für das Jahr 2018” ass op Säit 29 festgehalen, dass mat Handy-Ënnersichungen an 64% vun de Fäll guer keng zousätzlech Informatiounen zur Identitéit vun der Persoun konnte gesammelt ginn. Nëmmen an 2% vun de Fäll huet d’Ënnersichung vum Handy fir enger Richtegstellung vun der Identitéit gesuergt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
A wéi ville Fäll sinn, säit dem a Kraaft triede vum Gesetz vum 5. Mee 2006, Handyen oder aner elektronesch Geräter vun DPIen, bei hirer Arrivée héi am Land, vun der Police ënnersicht ginn ?
• A wéi ville Fäll huet d’Ënnersichung vun den elektronesche Geräter, näischt zur Feststellung vun der Identitéit vun der Persoun konnte bäidroen?
• An wéi ville Fäll konnte bei dësen Ënnersichungen zousätzlech Informatiounen zur Identitéit vun der Persoun festgestallt ginn?
2. Op Basis vun den aus der Fro 1 ervirgoenden Zuelen, ass d’Regierung der Meenung, dass dësen Agrëff an d’Privatsphär vun DPIen proportionell ass?
QP Nummer 4146