Ënnerbréngung vu Flüchtlingen an der Wanteraktioun

Wéi RTL Today den 13ten Mäerz bericht huet, sinn ufanks des Mounts eng ronn 70 Persounen, déi op Asyl waarden, aus dem SHUK, der Structure d’hébergement d’urgence um Kierchbierg ausgewise ginn, mat der Argumentatioun, dass si sech solle bei der Wanteraktioun mellen, fir do ënner ze kommen. De Ministère huet dës Berichter vun RTL Today bestätegt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune mat Statut DPI respektiv BPI hunn säit dem 25ten Februar eng Structure d’hébergement misste verloossen? 

  2. Wou sinn dës Persounen hi verwise ginn, fir weider ënnerbruecht ze ginn?

  3. Waren ënnert dëse Persoune Mineuren?  Wa jo wéi vill?

  4. Sinn dës nei Ënnerbréngunge vu mannerjäregen DPIen respektiv BPIen konform mat dem Artikel 56 vun der Unité familiale an dem Artikel 63 vum ofgeännerte Gesetz vum 18ten Dezember 2015?

  5. Sinn dës nei Ënnerbréngunge vun den Erwuessenen DPIen respektiv BPIen op d’Besoine fir Persounen, déi aus Krichsgebidder oder viru Verfolgung wéinst den Originne oder der sexueller Orientéierung geflücht sinn, ugepasst?

  6. Gouf den Accueil vun der Wanteraktioun ugepasst, fir de Besoine vu geflüchte Persoune gerecht ze ginn? Sinn hei Leit rekrutéiert ginn, déi sech kënnen ëm dat psychescht Wuelbefanne vun dëse Leit këmmeren?

  7. Plangt de Ministère, fir nach weider Persounen aus de Strukturen ze verweisen? Ass séchergestallt, dass aner Opfangstrukture prett sti fir dës Leit, ier de Minister zou esou Schrëtt gräift, ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5926

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.