Eng parlamentaresch Fro iwwert d’Handwierker mat Meeschterprüfung an der Fonction publique

D’Piraten hunn dem Minister fir Ëffentlechen Déngscht, eng parlamentaresch Fro iwwert d’Handwierker aus der Karriär D1 gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Am Kader vum lëtzebuergesche Qualifikatiounsrahme gouf festgehalen, dass de Meeschterbréif enger Qualifikatioun vum Niveau 5 entsprécht an esou iwwert dem Diplôme de technicien an och iwwert enger 1ere oder enger 13eme vun Niveau 4 steet. Wann en Handwierker, deen seng Meeschterprüfung ofgeluecht huet, eng Karriär an der Fonction publique ustrieft, kann hien sech aktuell also op Platzen aus der Karriär B1 mellen. Dëst war allerdéngs net ëmmer esou. Aus dësem Grond befannen sech nach ganz vill Handwierker mat Meeschterbréif an der Karriär D1 a ginn deementspriechend trotz hirer Niveau-5-Qualifikatioun méi schlecht bezuelt wei Persounen, déi mat enger 1ere oder 13eme ‘nemmen’ eng Niveau-4-Qualifikatioun hunn an awer am B1 agestallt goufen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Persoune mat Meeschterbréif schaffen – opgelëscht no Groupe d’Indemnité an Administratioun oder Etablissement public d’Affectation – zurzäit an der Employéskarriär beim Staat?
  • Wéi vill Persoune mat Meeschterbréif schaffen – opgelëscht no Groupe d’Indemnité an Administratioun oder Etablissement public d’Affectation – zurzäit an der Fonctionnaireskarriär beim Staat?
  • Wéi vill B1-Plaze goufen zanter 2016 am Sous-groupe ‘Technique’ ausgeschriwwen? Wéi vill B1-Plazen, fir déi d’Profil vun engem Handwierker mat Meeschterbréif gesicht ginn ass, goufen zanter 2016 am Sous-groupe ‘Technique’ ausgeschriwwen?
  • Wéi vill Persoune mat Meeschterbréif aus der Karriär D1 hu säit dem Joer 2016 eng Demande op e Poste vum B1 gemaach? Wéi vill dovun hunn schlussendlech e Posten am B1 kritt? 
  • Wéi heich wier de finanziellen Opwand, dee mat engem iwwergräifende Reklassement vun den Handwierker mat Meeschterbréif aus der Karriär-Inférieur an d’Karriär B1 – ënner Berécksiichtegung vun enger Conservatioun vu Grad an Echelon – verbonne wier?

Mat déiwem Respekt,
Clement Sven
Député

PDF Embedder requires a url attribute

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023