Eng klimaneutral Chamber

Wärend der Aktualitéitsstonn iwwert d’Weltklimakonferenz (COP27) hunn d’Piraten d’Propose gemaach, fir d’Chamber bis 2030 klimaneutral ze gestalten. 

D’Motioun gouf an eng Kommissioun verwisen, fir do behandelt ze ginn.

 

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • de Paräisser Klimaaccord an den europäesche Green Deal ginn d’Marschrichtung vir, fir d’europäesch Wirtschaft bis 2050 klimaneutral ze gestalten;
  • d’Regierung huet sech an deem Kontext mam PNEC een Instrument ginn, mat deem se d’Zäregasemissioune vum Land bis 2030 wëll reduzéieren;
  • d’Institutioune vum Land musse mam gudde Beispill bei der Energiewend virgoen an hier Infrastrukturen, Gebaier, Prozeduren a Schaffweisen esou gestalten, dass och op dëse Plazen d’Klimaneutralitéit erreecht gëtt;
  • d’Chamber huet als éischte Pouvoir vum Land eng besonnesch Verantwortung a sollt esou schnell wéi méiglech d’Klimaneutralitéit vun der gesamter Institutioun erreechen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. dass d’Chamber hire gesamten ekologesche Foussofdrock evaluéiert, sech déi néideg Mëttele gëtt a Methoden ausschafft, déi d’gesamt Institutioun an hir Aarbechtsweis bis 2030 klimaneutral maachen.
  2. de Chambersbüro ze mandatéieren, eng konkret Propose auszeschaffen a se am Plenum zum Vott ze stellen.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene