Eng Infirmiere fir d’Schüler? Eng parlamentaresch Fro iwwer d’medezinesch Encadrement an de Schoulen

D’Piraten hunn dem Minister fir Bildung & Gesondheet eng parlamentaresch Fro iwwer d’medezinescht Encadrement gestalt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

D’Léierpersonal an de Lycéeën ass net nëmme fir d’Wëssensvermëttlung, mee wärend de Schoulstonnen och fir d’Gesondheet vun hire Schüler responsabel. Allerdéngs sinn d’Proffen, genee esou wéi de SePAS, net medezinesch fir des Tâche ausgebilt ginn. En vue vun de villsäitege Krankheetsbiller vu Schülerinnen a Schüler gëtt en optimalen Encadrement vun alle méigleche medezinesche Situatiounen ëmmer méi néideg, mee och ëmmer méi schwiereg.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Deelen d’Ministeren d’Opfaassung, datt Jugendlecher en optimaalt medezinescht Encadrement an der Schoul brauchen?
  • Wat wier de Käschtefacteur, wann een um Campus Geesseknäppchen an och zentral um Lampertsbierg wärend de Schoulzäiten de Schüler géif eng Schoulinfirmèrie zur Säit stellen?
  • Ginn et Pläng vun der Regierung, fir an de Schoulen – souwuel a Lycéeën, wéi och a Schoule vum Fondamental – Infirmièren anzestellen?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt