All Mënsch ass mindestens eng Kéier am sengem Liewe krank a brauch dowéinst Medikamenter. Et komme stänneg néi Medikamenter an Traitementer op de Marché. Vill Medikamenter, déi bei eis verkaaft ginn, kommen aus der Belsch. Am August 2022 gouf sech schonn an der parlamentarescher Fro n. 6611, iwwert d’Festleeë vun de Präisser vu Medikamenter informéiert. An der Äntwert op dës Question parlementaire steet, dass de Präis fir en Medikament muss vun der INAMI publizéiert gi sinn, fir dass hei zu Lëtzebuerg de Präis ka festgeluecht ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat waart de betraffene Ministère op d’Verëffentlechung vum Präis vun der INAMI a freet en net direkt beim belsche Wirtschaftsministère un, den an der Belsch d’Präisser fir d’Medikamenter festleet?
-
Firwat gouf nach kee bilateraalt Ofkommes iwwert d’Präisser vu Medikamenter mam belsche Wirtschaftsministère ofgeschloss, fir d’Verfügbarkeet vun de Medikamenter hei zu Lëtzebuerg ze beschleunegen? Ass geplangt dëst nozehuelen?
-
Wéi laang dauert et am Duerchschnëtt vum Zäitpunkt vun der Zouloossung vum Medikament duerch d’EMA, bis en Medikament hei am Land an der Apdikt disponibel ass?
QP Nummer 7100