Vorratsdatespäicherung- Nofro

Den 22ten November huet den europäesche Geriichtshaff een Urteel gefält, wat de Justizministère dozou veranlasst huet de Registre des bénéficiaires effectifs (RBE) direkt offline ze huelen. Et léien awer mëttlerweil eng Villzuel un Arrête vun dem europäesche Geriichtshaff vir wat d’Vorratsdatespäicherung ugeet, wou d’Regierung bis elo nach net reagéiert huet. An eise parlamentaresche Froen n°813,  n°1783 an n°4693, souwéi an enger Motioun vum Juli 2019 si mir am Detail op dës Illegalitéit agaangen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung elo endlech ee Gesetzesprojet deposéieren, fir d’Gesetz vum 30ten Mee 2005 ofzeänneren an d’Vorratsdatenspäicherung z’ënnerbannen? • Wa jo, wéini? • Wa nee, firwat net? 

  2. Firwat reagéiert d’Regierung hei an ënnerschiddlechem Moss op Urteeler vun der CJEU?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7236

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall