An der Äntwert op d’Fro Nummer 7434 huet d’Gesondheetsministesch erkläert, dass säit Ufank vun der Impfcampagne 155’660 Impfdosissen zerstéiert gi sinn, well de Verfallsdatum iwwerschratt war. Si seet och, dass 129’600 Impfdosisse vun Astra Zeneca, déi fir Lëtzebuerg geduecht waren, direkt beim Fournisseur zerstéiert gi wieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann d’Ministesch erkläre firwat dës Dosissen zerstéiert gi sinn?
-
Wéi ka Lëtzebuerg sech sécher sinn, dass dës Vaccinen iwwerhaapt fir eist Land waren?
-
Huet Lëtzebuerg dës net geliwwert Vaccine misste bezuelen a wa jo, wéi vill hunn dës kascht?
QP Nummer 7527