De Service Central d’Assistance Sociale, kuerz SCAS, spillt am Domän vum Jugendschutz eng ganz elementar Roll a schafft ganz eng mat de verschiddene juristeschen Institutiounen zesummen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Opgelëscht pro Joer, wéi huet sech d’Unzuel vun de Fäll an Dossieren, ëm déi sech de SCAS këmmert, zënter 2010 verännert?
-
Wéi vill Persoune sinn zënter 2010 bei den Effektiv vum SCAS dobäi komm?
-
Wéi laang Zäit hunn d’Mataarbechterinnen a Mataarbechter an der Moyenne fir den Traitement vun engem Dossier?
-
Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Aarbecht vum SCAS esou ka mat der néideger Suergfalt gemaach ginn? Wa nee, wat fir Ännerunge gesäit si konkret vir?
QP Nummer 7266