Den 22ten Juli huet ee Koalitiounspartner ugekënnegt, dass eng Reduktioun vun der TVA op d’Photovoltaik kënnt. Mengen Informatiounen no ginn et éischt Clienten, déi elo Zweiwel un hirer Commande hunn a léiwer wëlle waarden, bis d’TVA-Reduktioun do ass, fir hir Anlag ze kréien.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéini plangen d’Ministeren d’Propos vun den 3% TVA op Photovoltaik an de Ministerrot ze bréngen?
-
Wann een Client elo een Devis mat 17% ënnerschreift, an deemno wéi och een deementspriechenden Acompte scho bezuelt huet, kritt en dann déi 3% automatesch esou bal d’Gesetzeslag ugepasst ass?
-
Wann dës 3% TVA da bis applikabel wieren, kënnen d’Leit, déi 17% TVA bezuelt hunn, réckwierkend vun dësen 3% profitéieren, also d’Geld vum Staat zréck kréien? Wa jo, wéi wäit zréck géing dës réckwierkend goen? Wäert d’Regierung d’Reduktioun vun der TVA op 3% réckwierkend maachen, fir ze verhënneren, dass et zu engem Stau un Demanden an Installatioune vu Photovoltaikanlage kënnt, well d’Leit incentivéiert ginn, fir op ee méi bëllege Präis ze waarden?
-
War d’Koalitioun sech bewosst, dass d’Leit duerch d’Ukënnegung vun der TVA-Reduktioun op 3% incentivéiert ginn, mat der Commande vun enger neier Photovoltaikanlag ze waarden?
-
Ass, zënter der Ukënnegung vun der reduzéierter TVA, d’Zuehl vun de Commanden an Transaktiounen um Marché vun de Photovoltaikanlagen erof gaangen? Wéi huet sech d’Demande an de leschten 2 Wochen entwéckelt?
-
Sinn d’Ministeren der Meenung, dass doduerch, dass d’Leit elo mat hire Commandë waarden, aktuell ze vill Zäit verluer geet?
QP Nummer 6608