Schutz virun der Webcam op der Aarbecht

Wéi d’Plattform heise.de mellt, huet een hollänneschen Aarbechter viru Geriicht Schuedenersatz zougesprach kritt, well en onrechtméisseg entlooss gouf. Den Aarbechter hat sech geweigert, wärend dem ganzen Aarbechtsdag seng Webcam vum Computer unzehunn. Schonn am November 2017 hat den ECtHR, den europäesche Mënscherechtshaff, festgeluecht, dass eng Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz muss duerch besonnesch Grënn néideg gemaach ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen et zu Lëtzebuerg schonn Urteeler zur Videoiwwerwaachung op der Aarbechtsplaz?

  2. Ass een Aarbechter zu Lëtzebuerg ofgeséchert, falls en  sengem Patron géing eng Daueriwwerwachung per Webcam verweigeren? Wa jo, duerch wéi eng gesetzlech Dispositiounen?  Wa nee, ass geplangt esou ee Schutz anzeféieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7040

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall