ACCOUNT

RTL – Tribune libre: De Jean Heuschling iwwert eise Steiersystem

Ahoi,

Ech sinn de Jean Heuschling.

(Hei kënn Dir iech d’Tribune libre ulauschteren)

Ech setze mech säit 8 Joer an, fir eng gerecht Steierpolitik.

Déi lescht Jore gouf an der Politik iwwert eng Steierreform geschwat, bei där jidderee gewanne soll.

Déi aktuell Regierung huet hiert Verspriechen awer net ageléist.

Dëst zum Leed vu ville Leit hei am Land.

Eigentlech ass et normal datt ee Steiere bezilt,
an dat aus engem gudde Grond:

Mir liewen all zesummen an enger Gemeinschaft,
an där jidderee säi Bäitrag leeschte muss,
fir dat d’Zesummeliewe ka funktionéieren.

Zu Lëtzebuerg schéngt eist Steiersystem der Entwécklung vun der Gesellschaft net Rechnung ze droen.

Persoune mat enger offizieller Partnerschaft musse vill manner Steiere bezuelen,
obscho jidderee no senge finanzielle Méiglechkeeten
sollt besteiert ginn.

Wittfraen a Wittmänner an och Elengerzéier si Famillje wéi di aner och zu 2 bis 3 oder méi an engem Stot.
Sie sinn awer enger duebeler Belaaschtung an der Gesellschaft ausgesat,
a mussen hier Aarbecht, de Stot mat de Kanner an d’Finanzen eleng an der Riicht halen.

Dobäi musse Sie hei zu Lëtzebuerg och oft nach méi wéi duebel sou vill Steiere bezuele wéi eng Koppel ouni Kanner,
obschonn de Statec scho laang bewisen huet,
datt grad déi Famillen dem héchsten Aarmutsrisiko ausgesat sinn.
Eise Steiersystem muss geännert ginn!

Mee Ännerunge gi just versprach!

Déi laang ugekënnegt Steierreform gëtt ëmmer nees ausgesat.
Déi kleng Upassungen, 
wéi zum Beispill de Steierkredit fir Elengerzéier,
dee just 30% vun hinnen zegutt kënnt,
wierke wéi eng Drëps op e waarme Steen.

Souguer d‘Kannergeld gëtt bei ville Mammen duerch déi steierlech Differenz opgefriess,
sou dat zum Schluss nach manner iwwreg ass
wéi bei Koppelen ouni Kanner.

Gerechtegkeet ass kee Verspriechen,
mee duerfir brauch een och politesche Courage!

Ech setze mech mat de Pirate fir ee Steiersystem an, deen keen Liewensmodell benodeelegt.

D’Sue sinn do, och wann d’Finanzministesch ëmmer nees zur Virsiicht oprifft an donkel Wolleken un den Himmel moolt.

2021 hunn d’Lounsteiere 485 Milliounen Euro méi wéi virgesinn an d’Staatskeess gespullt,
a fir 2022 gëtt en Iwwerschoss vun 230 Milliounen Euro erwaart.

Do wier eng Ëmklasséierung vun den Elengerzéier am Kader vum Budget 2023,
déi mat just 140 Milliounen Euro zu Buch géif schloen absolut bezuelbar.

Dat géif och engem Trippel-A Rating näischt schueden, a fir e Land dat sech sozial gëtt, ass sou eng Reform onverzichtbar.

Wann s och du dech fir eng fair Steierreform staark wëlls maachen, da maach mat bei eis. Kuck op eiser Internetsäit www.piraten.lu ; gëff och du Pirat a setz dech mat eis an fir eng fair, modern an transparent Politik!

Mäin Numm ass Jean Heuschling an ech si Pirat!

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall
De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng