Rodange Grand Bis

Zu Rodange läit hannert den Tankstelle bei der Grenz nach eng grouss fräi Fläch vun 13 Hektar, déi als Zone d’Activités Grand Bis klasséiert ass. De Péitenger Gemengerot hat viru ganz laanger Zäit ee PAP fir déi Zon ausgeschafft an et gëtt nëmmen nach drop gewaart, fir dës Wirtschaftszon endlech kënnen z’erschléissen. All dës Terraine gehéieren dem Staat, mee zënter Joren ass awer nach kee Fortschrëtt ze gesinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini gouf et dee leschte Kontakt tëschent de Verwaltunge vum Staat an der Péitenger Gemengeverwaltung betreffend der Zone d’Activités Grand Bis?

  2. Wat ass den aktuelle Stand vun der Aktivitéitszon Grand Bis? Firwat dauert et esou laang, fir hei endlech mam Bauen unzefänken?

  3. Wéini rechent d’Regierung domadder, dass déi éischte Baggere rullen? 

  4. Bis wéini soll d’Aktivitéitszon fäerdeg gestallt ginn? 

  5. Mengt d’Regierung, dass den Dossier méi schnell géing virukommen, wann een d’Terrainen der Gemeng géing iwwerloossen, fir de Projet ze realiséieren? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7318

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall