Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Dezember 2022

Ahoi !

Wéi gewinnt, zéie mer ee Schlussstrëch hannert dat vergaanget Kalennerjoer a kucken an eisem Réckbléck nach eng Kéier iwwert eis Chambersaarbecht vum Dezember zeréck. Alles Guddes am neie Joer !

Aussepolitik & Europa

Wärend der Chamberssitzung de 15ten Dezember hu mir eng Motioun agereecht, fir ee Fong opzestellen mat deem ASBLe fir Mënscherechter besser ënnerstëtzt solle ginn, well mer gemellt kruten, dass zwanzëg Organisatiounen an eng Réi aner Acteuren den 3ten August ee Bréif un d’Regierung adresséiert hunn, fir méi ëffentlech Ënnerstëtzung fir ONGen am Beräich vu de Mënscherechter. Eis Propose wäert an der Chamber beschwat ginn. https://piraten.lufond-fir-asblen-beraich-rechtsstaatlechkeet-menscherechter/

Wéi reporter.lu den 13ten Dezember bericht, mëscht d’SES, déi zu 11% direkt dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, et méiglech, dass d’Sendere wéi Russia Today weider an Asien an Afrika gesent ginn. Wäert d’Regierung bei SES intervenéieren, fir dass TV-Chaînen, déi kloer vun der EU sanktionéiert a blockéiert ginn, net méi duerch SES gesent ginn? https://piraten.lurussesch-propaganda-via-ses/

Bildung a Fuerschung

Nodeems d’Iwwerstonnen am Enseignement Thema an de Medie war, hunn mir eis besonnesch fir d’Bezuelung vun dësen Iwwerstonnen interesséiert an dozou eng parlamentaresch Fro gestallt. https://piraten.luiwwerstonnen-am-secondaire/

Digitalisatioun

Mir hunn am Mount Dezember eng Motioun eraginn, fir dass endlech op deene Strecken, wou d’Infrastrukturen et erméiglecht, all d’Mesuren an d’Weeër solle geleet ginn, fir gratis Wifi an den Zich ubidden ze kënnen. https://piraten.luwifi-am-zuch/

Familljepolitik

Am Mount Dezember ware mir an dësem Thema ganz aktiv. Mir hunn eis fir déi Kanner interesséiert, déi duerch gewëssen Ëmstänn am System landen an zum Beispill mussen a Foyere placéiert ginn, well si net méi bei hiren Eltere kënne bleiwen. Mir hunn eis fir d’Dossiere vun dëse Kanner an déi verschiddene concernéierte Servicer interesséiert an ënnert anerem gefrot, wéi de Suivi vun dësen Dossieren ass an och wéi et an dëse Servicer mat dem Personal ausgesäit. Mir hunn eis awer och fir Mëssstänn a Foyeren interesséiert a no konkreten Zuele gefrot.

https://piraten.lusuivi-vun-den-dossiere-vu-kanner-an-engem-placement/
https://piraten.lusignalementer-iwwert-messstann-a-foyeren/ https://piraten.luunzuel-vun-dossiere-vum-service-centrale-dassistance-sociale/
https://piraten.luunzuel-vun-dossieren-beim-tribunal-de-la-jeunesse-et-des-tutelles/

An de Medie war am Dezember och eng Geriichtsaffär aktuell, wou et ëm Mëssstänn an enger Crèche goung. Mir hunn dowéinst Froe doriwwer gestallt, wéi Crèche kontrolléiert ginn, wéi dacks si kontrolléiert ginn a wat a Fäll vu Mëssstänn virgesinn ass. https://piraten.lukontrolle-bei-creche/

Och d’Alters- a Fleegeheemer waren e wichtegt Thema am Dezember. Mir hunn d’Fro dozou gestallt, wéi vill Zëmmeren et an Alters- a Fleegeheemer ginn, déi weder iwwert eng eegen Toilette nach eng eegen Dusch verfügen an a wéi engen Alters- a Fleegeheemer dat de Fall ass. Mir hunn dann och eng Motioun eraginn, déi all Alters- a Fleegeheem dozou verflicht, Zëmmeren, déi bis elo ouni Toiletten offréiert ginn, bis spéitstens den 8.12.2024 ëm eng Toilette z’erweideren. Eis Motioun gouf mat 4 Jo-Stëmmen, 4 Enthaalungen an 52 Nee-Stëmmen ofgeleent.

https://piraten.luprivat-buedzemmeren-an-alters-a-fleegeheemer-nofro/
https://piraten.lunemmen-nach-zemmeren-mat-toiletten-an-alters-a-fleegeheemer/

D’Gesondheetsministesch huet dem Gebuertshaus zu Bartreng verbueden, dass do weider Kanner op d’Welt komme kënnen. Mir hunn eis doriwwer traureg an entsat gewisen, well eng Rei vun zukünftegen Elteren hire Choix elo vu politescher Säit hier ewechgeholl kruten. Et gouf annoncéiert, dass vu politescher Säit Beweegung an den Dossier komme soll, eng Affaire a suivre also. https://piraten.lugebuertshaus-zu-bartreng/

E ganz wichtege Projet de loi, dee mir an der Chamber matgestëmmt hunn, ass de Projet de loi n° 7828. Mat dësem Projet goufen d’Reegele fir verschidden Allocatiounen, déi e fir Kanner kritt, ugepasst an et gouf eng ganz wichteg Ännerung beim Congé parentale. D’Reegel, dass ee mindestens 12 Méint virum Ufank vum Congé huet misse bei engem Patron schaffen an ouni Ënnerbriechung huet misse kotiséieren, fält ab elo ewech.

Finanzen & Steieren

Vill Zäit hu mer am Dezember mam Staatsbudget fir d’Joer 2023 verbruecht. Hei ee klengt Zitat, dat eis Positioun zimmlech gutt zesummefaasst : « D’Logements-, d’Energie an d’Klimakris sinn déi Themen déi eis d’Land an d’Bevëlkerung am meeschte beschäftegen. Leider gëtt dëse Budget keng Léisungen fir dës Krise fir. Et gëtt weider mat der Géisskan iwwert d’Land geschott, obwuel d’Regierung selwer seet, dass 2022 an 2023 Krise Jore sinn. ». 

Dir fannt déi ganz Ried vum Sven zum Budget op dësem Link : https://www.chd.lu/fr/seance/2814

Gemengen & Innepolitik

Mir wollte wëssen, wéi de Scholdestand bei den eenzelne Gemengen ausgesäit an hunn eng deementspriechend Fro un d’Inneministesch gestallt. Interessant ass och, wéi vill Terrainen d’Gemengen am Joer 2022 verkaf hunn.  https://piraten.luscholdestand-bei-de-gemengen/

D’Piraten hu sech an der Chamber fir d’Aféieren vun engem Livestream an de Gemengen staark gemaach. Mir fuerderen eng obligatoresch Opnahm an Iwwedroung vu Gemengerotsitzungen.

Transparenz stäerkt d’Vertrauen an d’demokratesch Entscheedungsprozesser a mécht se novollzéibar. Duerch ee Livestream muss een sech net méi op d’Wuert vun anere verloossen: et kann een sech selwer ee Bild iwwert d’Aarbecht um lokalen Niveau maachen. 

Eis Propos gouf an der Chamber vun deene meeschte Parteien ofgeleehnt. https://piraten.lulivestream-motioun/

Integratioun

Beim Sujet vun der Integratioun hunn mir eis am Dezember op Leit mat engem Handicap konzentréiert. Mir hunn gefrot, wou eng statistesch Erhiewung zur Situatioun vun de Leit mat Handicap hei am Land, déi vum LISER duerchgefouert gëtt, aktuell drun ass, wéini mat de Resultater ze rechnen ass a fir wien dës Resultater accessibel gemaach wäerte ginn. Da wollte mir wëssen, ob et bei de Luedborne fir elektresch Autoe Virgaben zur Accessibilitéit fir Persoune mat Handicap ginn. A mir wollte wëssen, ob et tatsächlech eng Reegel an de Piscine gëtt, déi Leit mat engem Handicap dovun ausschléisst, fir an déi méi déif Becken schwammen ze goen.

https://piraten.lustatistiken-zu-persoune-mat-handicap/ https://piraten.luaccessibiliteit-vu-luedborne/
https://piraten.lupiscinne-fir-leit-mat-handicap/

Kanner a Jugend

Am Mount Dezember ware mir an dësem Beräich ganz aktiv. Mir hunn eis fir déi Kanner interesséiert, déi duerch gewëssen Ëmstänn am System landen an zum Beispill mussen a Foyere placéiert ginn, well si net méi bei hiren Eltere kënne bleiwen. Mir hunn eis fir d’Dossiere vun dëse Kanner an déi verschiddene concernéierte Servicer interesséiert an ënnert anerem gefrot, wéi de Suivi vun dësen Dossieren ass an och wéi et an dëse Servicer mat dem Personal ausgesäit. Mir hunn eis awer och fir Mëssstänn a Foyeren interesséiert a no konkreten Zuele gefrot.

https://piraten.lusuivi-vun-den-dossiere-vu-kanner-an-engem-placement/
https://piraten.lusignalementer-iwwert-messstann-a-foyeren/
https://piraten.luunzuel-vun-dossiere-vum-service-centrale-dassistance-sociale/
https://piraten.luunzuel-vun-dossieren-beim-tribunal-de-la-jeunesse-et-des-tutelles/

An de Medie war am Dezember och eng Geriichtsaffär aktuell, wou et ëm Mëssstänn an enger Crèche goung. Mir hunn dowéinst Froe doriwwer gestallt, wéi Crèche kontrolléiert ginn, wéi dacks si kontrolléiert ginn a wat a Fäll vu Mëssstänn virgesinn ass. https://piraten.lukontrolle-bei-creche/

An mir hunn eis natierlech och am Mount Dezember nees mat de ville Fäll vu Bronchiolitten an der Kannerklinik beschäftegt. https://piraten.lusituatioun-an-der-kannerklinik/

Kultur

An der Chamber hu mir direkt véier Projete matgestëmmt. Mir hunn eisen Accord fir d’Schafung vun engem neien Etablissement public ginn. Dann gouf e Projet fir sozial Mesure fir onofhängeg Kënschtler gestëmmt, de Congé culturel gëtt nees agefouert an déi staatlech Kulturinstitutioune goufe reorganiséiert. (Projets de loi n°7866, 7920, 7948 an 8011)

Justiz

Ufanks 2022 war et am Jugendprisong zu Dräibuer (UNISEC) zu engem Opstand vu jugendlechen Insasse komm, woubäi dräi Polizisten bei der Interventioun verletzt goufen. Den Ombudsmann souwéi den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) hate fir Verbesserungen vum Jugendprisong a vum Encadrement vun de concernéierte Jugendleche plädéiert. Eis gouf zougedroen, dass d’Ambiance an der Unisec sech och zum aktuellen Zäitpunkt net verbessert huet.  https://piraten.lusituatioun-am-jugendprisong-zu-draibuer-unisec/

Direkt nom Arrêt vum EU-Geriitshaff iwwert den Accès zum Registre des bénéficiaires effectifs huet d’Justizministesch den Accès op den RBE fir d’Ëffentlechkeet gespaart. Scheinbar ouni eng passend legal Basis ze schafen. https://piraten.lurbe-acces-privilegie-base-legale/

Logement

Duerch déi héich Inflatioun huet d’europäesch Zentralbank de Leetzëns an d’Luucht gesat an domat och Zënsen op de variabelen Haus- an Appartementsprêten. D’Leit kréien honnerten Euro méi all Mount ze bezuelen a vill Stéit kënnen dës Laascht net droen. 

Dofir haten eis Piraten-Deputéiert schonn am Oktober eng Motioun an der Chamber deposéiert, fir den Undeel un Zënsen ze verduebelen, déi ee fir säin Immobilieprêt op sengem Éischtwunnsëtz dierf ofsetzen. Dës Propose gouf vun de Majoritéitsparteien DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent. 

Mir Piraten sti weider zu dëser Fuerderung, déi an der aktueller Wunnengskris dréngend ass. Doriwwer eraus muss d’Politik elo schnell weider Mossnahmen ëmsetzen, fir d’Leit am Land net an d’Situatioun kommen ze loossen, dass si hiert Doheem musse verkafen, well si sech de Prêt net méi leeschte kënnen. https://piraten.lu27122022-2/

Mobilitéit

De Fonds du Rail gouf mam Gesetz vum 10te Mee 1995 an d’Liewe geruff an iwwert dëse Fong ginn Infrastrukturprojeten finanzéiert, déi dem Eisebunnsnetz hei am Land zegutt kommen. Verschidde Projeten, déi vum Fong bezuelt ginn, ginn direkt vun den CFL als Prestataire realiséiert. D’CFL facturéieren op dëse Projeten d’Käschten fir d’Entwécklung, d’Planung an d’Realiséierung, mee och eng Kommissioun, déi, wéi et an der Baubranche oft üblech ass, um Baupräis festgemaach ass. https://piraten.lufond-du-rail/

An der Nuecht vum 1ten Dezember op den 2ten Dezember si bannent 24 Stonnen zwee Accidenter op der Kräizung tëschent dem CR101-CR110 zu Kéinzeg passéiert (Kräizung tëschent der Rue Basse, Rue Longue & Rue de la Gare). Et ass net déi éischte Kéier, dass et zu Accidenter op dëser Plaz kënnt. Wat hunn d’Ponts et Chaussées an der Vergaangenheet op dëser Plaz ënnerholl, fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren? https://piraten.luaccidenter-um-cr101-cr110/

Stand Enn November koum et zu Lëtzebuerg zu 15 schwéieren Aggressioune géint Buschaufferen am Land. Eng Attack, iwwert déi RTL bericht huet, ass déi géint ee Buschauffer op enger Linn zu Mont-Staint-Martin, op deen enges Owes geschoss gi war. Ab dem 11 Dezember fueren d’Linnen 703 an 732 Mont-Saint-Martin dofir net méi. Dës Linnen dierfen eréischt erëm befuer ginn, wann fir d’Sécherheet vun de Buschauffere gesuergt ass. https://piraten.lubusser-op-mont-saint-martin/

An der Chamber goufen och erëm déi grouss Infrastrukturprojeten fir eist Land präsentéiert. D’Piraten hunn hei zwou Motiounen presentéiert, wourënner eng den Ausbau vun der A13 betrëfft an déi aner, dass de Wifi an den Zich endlech ëmgesat gëtt, wou et scho méiglech ass. https://www.chd.lu/fr/seance/2811

Beim Finanzéirungsprojet vun der Vëlospist tëschent Belval an Esch hu mer dann nach Kritik ubruecht. De Projet sollt insgesamt 34 Milliounen kaschten a gëtt awer elo 13 Milliounen Euro mi déier, wéi ufanks versprach gouf. Mir Piraten fannen dat net richteg. D’Regierung mécht et sech ze einfach fir einfach Suen an ee Projet nozegeheien, dee vun Ufank un net propper geplangt gouf. Mir schwätzen hei vu méi wéi 30% Steigerung! Mir fannen et gutt, dass eppes fir de Vëlosréseau hei am Land gemaach gëtt an méi Leit encouragéiert ginn mam Vëlo ze fueren. Allerdéngs wëlle mer an dëse Krisenzäiten, dass Devisen a Käschten, déi an der Chamber gestëmmt ginn, agehale ginn. https://www.chd.lu/fr/seance/2823

Natur, Ëmwelt a Klima

Fir déi Klimaneutralitéit ze erreechen, ass et noutwenneg, dass op de Gebrauch vun alle fossillen Energiequellen muss verzicht ginn, och op de Gas. Ass beim Verzicht op de Gas och de Biogas mat abegraff? Wéi steet de Minister dozou fir nom Enn vum Gas aus fossille Quelle, Waasserstoff an déi bestoend Gasreseauen anzespeisen, wëssend dass et haut Chaudière ginn, déi mat Waasserstoff funktionéieren? https://piraten.lugasaustieg-nofro/

Police & Arméi

Dat neit Policegesetz, dat den 1ten August 2018 a Kraaft getrueden ass, huet am Artikel 94 eng speziell Prozedur, d’Voie expresse, virgesinn, mat där Polizisten an eng méi héich Karriäre wiessele kënnen. Polizisten, déi genuch Berufserfahrung noweisen, dierfen no där Reegel zum Beispill vum C1 an de B1 wiesselen. D’Cour Constitutionelle huet am Arrêt n°174 den 9ten Dezember festgehalen, dass dëse Mechanismus net am Aklang mat eiser Verfassung ass, well d’Rechtsprinzip vun der Gläichheet virum Gesetz an deemno den Artikel 10bis vun eiser Verfassung net respektéiert gëtt. De Problem besteet doranner, dass Persounen, déi duerch hiert Diplom een Urecht op eng B1-Karriär hätten, an der Voie expresse benodeelegt ginn. https://piraten.luvoie-expresse-bei-der-police/

Press & Medien

Et ass gewosst, dass d’Familljeministesch mat an d’Gemengewalen wäert goen. Deemtentspriechend wollte mir wëssen, ob d’Regierung sech Reegelen wäert ginn, wéi d’Social Media Accounts vun de Ministèrë genotzt solle ginn en vue vun de Gemengewalen, fir d’Fairness wärend dem Walkampf ze garantéieren. https://piraten.lusocial-media-accounts-regierung-nofro/

Santé

D’Gesondheetsministesch huet dem Gebuertshaus zu Bartreng verbueden, dass do weider Kanner op d’Welt komme kënnen. Mir hunn eis doriwwer traureg an entsat gewisen, well eng Rei vun zukünftegen Elteren hire Choix elo vu politescher Säit hier ewechgeholl kruten. Et gouf annoncéiert, dass vu politescher Säit Beweegung an den Dossier komme soll, eng Affaire a suivre also. https://piraten.lugebuertshaus-zu-bartreng/

Och wann d’Pandemie aktuell net méi esou akut ass, hunn mir eis mat der aktueller Situatioun an den Impfzenteren deen domat verbonnene Käschte beschäftegt. https://piraten.lueidel-impfzenteren/

Iwwert Fro.lu krute mir dann eng Fro eran, déi mir un d’Chamber weiderginn hunn. Dobäi goung et em d’Demande d’autorisation d’exercer, déi e muss ufroe, fir a verschidde Santésberuffer schaffen ze dierfen. https://piraten.lufro-lu-autorisation-d-exercer/

An mir hunn eis natierlech och am Mount Dezember nees mat de ville Fäll vu Bronchiolitten an der Kannerklinik beschäftegt. https://piraten.lusituatioun-an-der-kannerklinik/

Verfassung

Am Dezember war den zweete Vott zur neier Constitutioun. Mir Piraten hunn dobäi allkéiers mat Jo gestëmmt. Och wann eis déi nei Constitutioun a verschiddene Punkten net wäit genuch geet, sou ass et dach e grousse Schrëtt an déi richteg Richtung. (Projets de loi n° 7575, 7700, 7755 an 7777).

https://www.chd.lu/fr/seance/2674 
https://www.chd.lu/fr/seance/2711

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt