Laut Artikel 428 vum Code de la sécurité sociale muss all Decompte un d’CCSS innerhalb vun 10 Deeg bezuelt ginn. Dëst onofhängeg dovunner, ob déi betraffe Persoun mat der Rechnung averstanen ass oder net. D’CCSS kann awer mat der betraffener Persoun och ee Plang opstellen, wéi d’Scholde sollte bezuelt ginn. Am Fall vun engem feelende Paiement kann een Huissier engagéiert ginn, wat dann erëm zu zousätzleche Fraise fir déi Betraffe féiert. Dës Fraise mussen d’Leit och da bezuelen, wann sech erausstellt, dass den Decompte vun der CCSS net korrekt war.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass de Minister der Meenung, dass d’Zesummenaarbecht tëscht CCSS an ACD misst weider ausgebaut ginn, fir falsch Decompten esou wäit et geet ze verhënneren?
-
Ass de Minister der Meenung, dass am Fall vun engem Zweiwel un der Richtegkeet vum Decompte net mol sollt d’Positioun vun der ACD ofgewaart ginn, ier een Huissier engagéiert gëtt?
-
Wéi eng Responsabilitéit iwwerhëlt d’CCSS am Fall wou den Dossier vun enger Persoun zu Onrecht un Huissiere weidergeleet gouf an dës Persoun eng Rechnung fir d’Servicer vum Huissier kritt?
QP Nummer 7220