Projet de loi autorisant l’état à participer au financement de l’assainissement et de la revalorisation du site du project ( NeiSchmelz)

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
D’Wunnsituatioun hei zu Lëtzebuerg ass nieft dem Klimaschutz an der Mobilitéit eng vun den zentraalsten
Erausfuerderungen an eiser Zäit. Wat deen haut virleiende Projet vun der NeiSchmelz ugeet, sou sti mir
Piraten dësem ganz positiv géigeniwwer a wäerten
déi zwee Projeten och haut matstëmmen.
Mir begréissen, dass d’ëffentlech Hand d’Initiativ ergräift, fir ze bauen an deen esou dréngend noutwendege Bedarf u bezuelbarem Wunnraum unzegoen.
Den ale Site vun der Schmelz zu Diddeleng, dee mat
esou vill Traditioun a Geschicht a Verbindung bruecht
gëtt, gëtt duerch dëse Projet opgewäert.
Et ass wichteg, dass de Staat an d’Gemengen net op
hire Baulandreserve sëtze bleiwen, mee déi eeben a
sënnvoll Projeten ëmsetzen. Et ass kee Geheimnis, mir
Piraten soen: Dat am léifsten am Mietkauf fir 10 Euro
de Meterkaree. Nëmmen da schwätze mir Piraten och
vun engem bezuelbare Wunnraum. Well wat mech
nawell heiansdo ferm stéiert, dat ass déi Argumentatioun, och heiansdo vun eenzele Politiker, wann ee
seet: „Mir baue méi bëlleg wéi de private Marché.“
Mee dat ass fir eis Piraten guer net méi d’Referenz!
An dat seet de Statec och selwer. De Statec huet ganz
kloer gesot, dass d’Wunnpräisser a kenger Bezéiung
méi zum Salaire hei am Land géife stoen. Duerfir géif
ech och d’Politiker bieden opzehalen, ëmmer ze soen:
„Mir baue bezuelbar par rapport zum private Marché“, well dat ass nun emol iwwerdriwwen. D’Bauen

an d’Verlounen duerch de Staat sinn och den eenzege
Wee, wéi d’Leit iwwerhaapt nach kënnen un eng Wunneng kommen.
A bon, et huet mech e bëssen erféiert, dass d’ADR
hei elo iergendeppes opgefouert huet, mee bon, dat
si mer gewinnt vun deenen. Mee op eemol Leit, déi
manner Akommes hunn, als geféierlech ze betitelen
oder do iergendwéi …
M. Fred Keup (ADR) | Nee, dat huet kee gesot!
M. Marc Goergen (Piraten) | Dat hutt Der gesot.
M. Fred Keup (ADR) | Nee!
M. Marc Goergen (Piraten) | Dir hutt hei gesot, déi
Leit, déi manner Akommes hätten an dohinner géife
wunne kommen, dat wär geféierlech, an dat fannen
ech immens geféierlech vun Iech.
M. Fred Keup (ADR) | Nee, et huet kee gesot „geféierlech“!
M. Fernand Etgen, Président | Här Keup, Dir hutt
d’Wuert net.
M. Fred Keup (ADR) | Hei gi Saache behaapt, déi,
ech géif soen …
M. Fernand Etgen, Président | Här Keup, Dir hutt
awer d’Wuert net.
(Interruptions)
Ären Numm war net gefall.
M. Sven Clement (Piraten) | Här Goergen, loosst
Iech net stéieren.
M. Marc Goergen (Piraten) | O, ech loosse mech net
stéiere vum Här Keup. Ech mengen, ech hunn nach
gutt héieren, wat den Här Keup gesot huet. An e ka
senge Leit zu Diddeleng jo dann erklären, firwat dass
Leit mat engem klengen …
M. Fred Keup (ADR) | Den Här Keup huet net „geféierlech“ gesot.
M. Marc Goergen (Piraten) | … Akommes op eemol
bedenklech wären, wat mir Piraten guer net verstinn.
M. Sven Clement (Piraten) | „Faschisten hören niemals auf, Faschisten zu sein.“
M. Fred Keup (ADR) | Jo, Clownen a Faschisten, ne?
M. Marc Goergen (Piraten) | Och, Här Keup, Dir
kënnt Iech dach …
M. Fernand Etgen, Président | Wannechgelift!
(Interruption)
Dir sidd net zoustänneg fir ze kucken, ob déi do roueg
sinn oder net.
(Interruptions)
M. Marc Goergen (Piraten) | Här President, kann
ech weiderfueren, wann den Här Keup sech erëm
ofgereegt huet? Ech weess, et ass ëmmer blöd, wann
Der entlarvt gitt.
(Interruptions)
Ech hunn och mat den Diddelenger Piraten geschwat,
déi dëse Projet als ganz gutt empfonnt hunn, well et e
selbststännegen, …
(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo et hilarité)
… well et e selbststännegen … Nee, et muss ee jo och
luewen. Also ech mengen, dee Projet, deen do ausgeschafft ginn ass – an ech ginn et och éierlech zou –,
wéi mer deen déi éischte Kéier an der Kommissioun
presentéiert kritt hunn, hunn ech e méi kritesch gesinn, wéi mer herno erausgaange sinn. De Minister
ass komm mat den eenzele Beamten. Si hunn eis de
Projet erkläert. An esou wéi de Projet virläit, gefält e

mer zimmlech gutt, sief et, well en herno zimmlech
autonom ka fonctionéieren, sief et wéinst de Caféen,
Restauranten, Epicerien an der Mobilité douce, vun
de Vëlospiste bis alles dat, dat ass besser ginn, wéi
ech eigentlech am Ufankstext geduecht hat.
Dat muss een och eng Kéier positiv ervirhiewen, dass
d’Gemeng Diddeleng souwéi de Minister awer do eng
positiv Aarbecht gemaach hunn. An dat ass och de
Feedback, deen ech vun de Piraten zu Diddeleng kritt
hunn. Dass et elo nach CO2-neutral ass, ass natierlech
e klenge Bonus drop, wat deementspriechend ganz
positiv ass. Sécherlech hätt een nach e bësse méi bezuelbare Wunnraum kënne maachen, alleguerten déi
eenzel Formullen. Bon, ok! Do kann een ëmmer nach
driwwer diskutéieren. Mee am grousse Ganze wäerte
mir deenen zwee Projeten haut zoustëmmen, well se
eis ganz gutt gefalen. An et ass eeben dat, wat mer
brauchen: bezuelbare Wunnraum vum Staat, vun de
Gemengen.
Ech hat elo ganz rezent eréischt eng Question parlementaire un den Henri Kox gestallt, well mer zu Péiteng
jo och nach esou e Site hunn op der sougenannter „aler
Eucosider“. An Dir hutt ganz positiv geäntwert, dass och
do Potenzial wär vun 350 bis 400 Wunnengen, déi ee
kéint bauen, wou ech mech da freeën, dass hoffentlech
do och eng Kéier wäert elo e Projet kommen, well och
ganz déif am Süden zu Péiteng bräichte mer dréngend
bezuelbare Wunnraum.
Merci.

Zesummenhang posts

At the physical starting point of guichet.lu, citizens can complete various formalities in person, for example to exchange an identity card or driver’s license
Zënter Joren héiert een ëmmer erëm, dass et eng Iwwerpopulatioun u Wëllschwäi géif ginn. Verschidden Acteure maachen d’Politik dofir verantwortlech, well d’Reegelen, wéi eng
Wärend dem Héichpunkt vun der Covid-Pandemien sinn an den Impfzentren zu Lëtzebuerg dausende Persounen pro Dag geimpft ginn. D’Hale ware voll an d’medezinescht Personal