Präisser vun Dierwiechter

Mam Gesetz vum 4ten Dezember 1990 iwwert d’Organisatioun vun den Dierwiechter an dem ofgeännerte Reglement vum 24ten Januar 1991, ginn d’Präisser, déi Dierwiechter dierfe froen, festgehalen. Mir goufe verschidden Ofrechnunge vun Dierwiechter virgeluecht, déi honnerten Euro héisch waren. Alleng fir den “reçu à l’étude” an d’ “coûts de l’act” goufen an engem Fall 514€ verrechent – woubäi d’Schold selwer awer nëmmen 165€ héisch war. Dës Rechnunge sinn natierlech schwéier ze bezuelen, fir déi Leit, déi scho kee Geld méi hunn, fir déi Rechnungen ze bezuelen, déi agedriwwe ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Mussen d’Dierwiechter hir Bilane publizéieren?

  2. Wéi vill verdéngen Dierwiechter an der Moyenne an engem Joer?

  3. Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’Montanten, déi am oofgeännerte Réglement vun 1991 festgehaale sinn, ubruecht sinn?

  4. Ass virgesinn dës Montanten no ënnen ze revidéieren?

  5. Ass de Benefice vun de Bureau d’études vun den Dierwiechter limitéiert?  Wann net, wat sinn d’Moyennen u Benefice pro Joer vun de Bureau d’études vun den Dierwiechter?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6753

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall