Kontrakt tëschent der Regierung an de Pëtrolsfirmen

Et ass kee Geheimnis, dass d’Spritpräisser an deene leschte Joren ënnert dem Claude Turmes méi deier gi sinn. Dem Bierger gouf dat als reng Klimaschutzmoossnam an Entwécklung vum Marché verkaf.

D’Regierung huet awer kengem erzielt, datt d’Pëtrolsfirmen (Aral, Shell, Total a Co.) an der nämmlechter Zäit erlaabt kruten, hier Brutto-Margë bäizebehalen.

Zënter 2004 existéiert nämlech ee Kontrakt tëscht de Pëtrolsfirmen an der Regierung, deen d’Bruttomarge vum Sprit festsetzt. *

Dës sinn ënnert dem Energieminister Turmes souguer nach méi schnell gewuess (zwee Mol esou schnell), wéi den Index. Deemno huet dës Regierung de Pëtrolsfirme wärend all deene Jore weider Profitter geschenkt.

Esou geet Klimaschutz NET. An all deene leschte Jore sinn d’Präisser op der Tankstell geklommen. Elo stellt sech awer eraus, dass d’Pëtrolsfirmen iwwert all déi Jore Profitter vun der Regierung geschenkt kruten. Si hunn also op dës héich Präisser nach gutt Sue verdéngt. Domadder muss Schluss sinn.

 

* Fir déi, di et net wëssen: d’Bruttomarge (marge brute) sinn déi Suen, déi eng Firma iwwreg behält, nodeems bal all d’Käschten, ausser zum Beispill d’Salairen, bezuelt goufen.  Déi Grafik hei drënner weist Iech, wéi sech zB de Bensinspräis zesummesetzt.

 

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall