Pediatrien zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg leit aktuell ënnert enger Epidemie vu Bronchiolite-Fäll. D’Better an der Kannerklinik si momentan alleguer beluecht, eng Krisenzell gouf en Place gesat an et kënnt et och zu sougenannten Deprogrammatiounen, soudass pediatresch Chirurgie-Interventiounen, déi net urgent sinn, verréckelt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Pediater pro 1000 Awunner hu mir zu Lëtzebuerg?

  2. Wéi hunn sech dës Zuelen déi lescht 20 Joer entwéckelt?

  3. Wéi vill Intensiv-Better an der Pediatrie hu mer pro 100.000 Awunner?

  4. Wéi hunn sech dës Zuelen déi lescht 20 Joer entwéckelt?

  5. Wat gedenkt d’Regierung ze maachen, fir dass sech esou Problemer, wéi déi aktuell Situatioun mat de Bronchiolite-Fäll, an Zukunft net méi widderhuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7215

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall