Lëtzebuerg hat d’Chance an deene leschten 10 Joer a verschiddenen UN-Gremie Member ze sinn. Nieft eisen temporäre Memberschaften ass Lëtzebuerg och Deel vun der UN Volleksversammlung, der UNGA.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi huet Lëtzebuerg säit Ufanks des Joers bei Resolutioune vum UN Mënscherechtsrot ofgestëmmt (opgelëscht no Titel vun der Resolutioun a Vott) ? Kann de Minister an dëser Lëscht uginn, a wéi enge Fäll de Vott vu Lëtzebuerg duerch eng gemeinsam europäesch Positioun zustane komm ass?
-
Wéi huet Lëtzebuerg säit 2013 bei de Resolutioune vun der UN Volleksversammlung ofgestëmmt, wou et ëm spezifesch Länner gaangen ass (opgelëscht no Titel vun der Resolutioun a Vott)? Kann de Minister an dëser Lëscht uginn, a wéi enge Fäll de Vott vu Lëtzebuerg duerch eng gemeinsam europäesch Positioun zustane komm ass?
-
Wéi huet Lëtzebuerg 2013 an 2014 bei de Resolutioune vum UN Sécherheetsrot ofgestëmmt (opgelëscht no Titel vun der Resolutioun a Vott)? Kann de Minister an dëser Lëscht uginn, a wéi enge Fäll de Vott vu Lëtzebuerg duerch eng gemeinsam europäesch Positioun zustane komm ass?
-
Wéi huet Lëtzebuerg vun 2019 bis 2021 bei de Resolutioune vun dem UN Wirtschafts- a Sozialrot ofgestëmmt wou et ëm spezifesch Länner gaangen ass? Kann de Minister an dëser Lëscht uginn, a wéi enge Fäll de Vott vu Lëtzebuerg duerch eng gemeinsam europäesch Positioun zustane komm ass?
-
Wéi oft goufen an dëse Gremie Resolutiounen iwwer Lëtzebuerg zur Ofstëmmung bruecht?
QP Nummer 6664